Search

You may also like

250.000 Villercher kënnen esou d’Liewe gerett kréien
International Neiegkeeten

250.000 Villercher kënnen esou d’Liewe gerett kréien

Den Asaz vu Glas ass hautdesdaags esou villfälteg, datt et

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer
International Neiegkeeten

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

Covid19: D‘Lag bleift weider ugespaant
International Neiegkeeten

Covid19: D‘Lag bleift weider ugespaant

Bis heihinner a bei Berécksiichtegung vun de rezenten Zuelen, muss

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Wann d’Angela Merkel als grouss Favoritin an d’Bundestagswahle geet, esou muss ee feststellen, datt si och dat privilegiéiert Zil vun de Sympathisante vun enger „nationaler Rietser“ ass. Déi ginn sech es net midd d’Kanzlerin op hire Meetingen auszepäifen.

Egal wou d’Angela Merkel Campagne bedreift, déi „rose Bierger“ ausstafféiert mat Panneaue mat der Opschrëft „Trëppel!“ oder „Merkel muss ewech!“, mee och geleeëntlech mat Tomate bewaffent, setzen alles drun d’Riede vu der Kanzlerin ze stéieren.

Ausgepaff an drangsaléiert

Nach virun der Etapp zu Binz, eng kleng Küstestad op der Insel Rügen, huet sech d’Mobiliséierung vun de selwer ernannte „Patrioten“ am sozialen Netzwierk héich geschaukelt. A mir sinn hei wäit dovunner ewech eng spontan Bewegung ze gesinn. Déi „Patrioten“ sinn es der Merkel-Polik iwwerdrësseg a ginn zolidd vun der AfD (Alternativ fir Däitschland) ënnerstëtzt.

De Gros vun de Rabbelkäpp kommen dann och virzuchsweis mat Plakater vun der AfD. Eng populistesch a rietsextrem Bewegung, déi hir Popularitéit mat der Angscht virun den „Auslänner“ – hei am besonneschen d’Ophuele vu Refugiéen – erreecht huet.

Déi populistesch Partei huet zudeem grouss Chancen zweestelleg gewielt ze ginn an esou eng staark Fraktioun an de Bundestag ze bréngen. Déi schlechtste Sondagë fir d’AfD leie bäi 7 bis 9%, realistesch sinn awer, wann een den Experte gleewe kann, éischter 12%.

Mat der Raut am Wahlkampf

Wann et och richteg ass, datt d’Kris déi vun de Migranten a Refugiéen ausgeléist gi war, d’Kanzlerin massiver Kritik ausgesat hat, esou ass déi „Passé“. Dat virun allem, well der ëmmer Manner ukommen an och d’Diskussioun vu senger Kontroverse verluer huet. E véiert Mandat schéngt also sécher.

„Tatsächlech ass d’Roserei net nëmmen duerch d’Migratiounspolitik vum Angela Merkel geniert, mee och duerch d’Gefill vun deenen ‘do uewen’ net eescht geholl ze ginn, generéiert ginn“, esou rezent am Spiegel nozeliesen.

Déi grouss zentristesch Koalitioun (GroKo) mat de Sozialdemokrate vun de leschte véier Joer „huet näischt ënnerholl fir dës Wieler ze berouegen“ ënnersträicht den Timo Lochocki vum German Marshall Fund.

An de rietsen Eck gedrängt

De Lochoki wëll dann och festgestallt hunn, datt „ëmmer méi Protestwieler, awer och Konservativen déi es genuch hunn vun de Rettungspläng vun de Finanzinstituter an der Euro-Zon, sech der extrem-riets Bewegung uschléissen“. Se géife carrement der AfD an d’Äerm gedréckt.

Fir de Nico Siegel, Chef vum Sondage-Institut „Infratest dimap“ ass d’AFD d’Magnéit ginn, fir all déi Onzefridden. A well all déi traditionell politesch Parteien sech géint d’AfD stellen, hunn hir Sympathisanten d’Gefill mussen uerdentlech Kaméidi ze maache fir Gehéier ze fannen.

„D’Protestwieler fillen sech dann och an enger schwaacher Positioun gefaangen, well se wëssen, datt och wann se aneren hir Stëmm ginn, si dem Angela Merkel net lass ginn“, esou den Timo Lochoki.

Frust wou een hikuckt

D’Frankfurter Allgemeine Zeitung (FAZ) bréngt et dann och op de Punkt: Dem Angela Merkel seng permanent Strategie de kontroverse Sujeten aus dem Wee ze goen, fiddert de Frust vun dëse „rosene Bierger“. „D’Kanzlerin ass zum Polarisatiounsobjet ginn, während hire politesche Stil genee de Géigendeel ass“, esou d’FAZ.

Am Alter vun 63 Joer an no 12 Joer um Rudder huet d’Angela Merkel allerdéngs aneres erlieft. „Déi Leit déi päifen a jäizen hu keen Interessi nozelauschteren“ huet d’Kanzlerin dréche festgestallt a betount hir Campagne weiderzeféieren. „Dat grad och do wou et fir si onbequem wier“, esou d’Merkel bei engem Entretien mat der Berliner Zeitung.

„Et ass wichteg all deenen déi lauschtere wëllen an sech eng eege Meenung wëlle maachen, d’Méiglechkeet ze bidden dat och ze kënnen“ esou d’Kanzlerin. Zudeem wier all Meeting „och en Encouragement fir all déi, wou sech entscheet hätten dem Haass ze widderstoen“.

mam Hui Min Neo/AFP

Foto: „Rose Bierger“ a Sympathisante vun der AfD päifen, jäizen an halen hir Plakater héich, während d’Kanzlerin versicht op hire Meetingen de Wieler hire Programm duerzestellen. (© John MacDougall/AFP)

Related topics AfD, Angela Merkel, Bundestagswahl, Däitschland
Next post Previous post