Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Grousse Meeting vun de Beruffssyndikater
International Money dating apper i norge

https://moien.lu/tips-for-dating-over-50/

An der „Maison du Peuple“, dem Sëtz vum Onofhängege Gewerkschaftsbond

online dating that actually works
International Money dating apper i norge

Zum Ofschloss vun der Mobilitéitswoch: de Steel-Run

Säit 2005 bedeelegt sech Lëtzebuerg un der europäescher Mobilitéitswoch, déi

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vun Ufank August
International Money dating apper i norge

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vun Ufank August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

money

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Déi däitsch Kanzlerin ass nees zréck op der internationaler Bühn, an de franséische President wollt iwwerzeege mat sengem „France is back“. Den europäeschen Duo huet e Mëttwoch zu Davos eng tugendhaft Mondialisatioun gelueft an héich gehalen.

Dat virun engem längst iwwerzeegte Public, dee sech allerdéngs méi iwwert den Optrëtt vum Donald Trump ze freeë schéngt. Den amerikanesche Milliardär an US-President, deen och wéinst sengem „America First“ vun der Welt-Elite net onkritesch ugesi gëtt, soll jo um haidegen Donneschdeg an der luxuriéiser Schistatioun vun Davos opschloen.

„France is Back“ hat den Emmanuel Macron, ënner groussem Applaus vun der versammelter Weltwirtschaft a enger auserwielter politescher Elite, an de Sall geruff. Wierklech kritesch Téin huet de franséische President net misse fäerten, ëmmerhin hat hie schonn eng Partie vun de Leader aus der Wirtschaft e Méindeg zu Versailles empfaangen.

Vill vun dëse „Notabelen“ waren héich erfreet iwwert den Tëschestopp am Schlass vum Louis XIV, an hate – sécherlech vum fréiere „Luxus“ impressionnéiert – vill Luef fir déi vum Emmanuel Macron virgeluechte Reformen. Alle virun d‘Patrone vu Goldman Sachs, Facebook a Google.

Sech de Steieren net verweigeren

Zu Davos waren se zu gudder Lescht och vun de sozialen a fiskale Reformen impressionnéiert, déi hinnen de President op englesch virgedroen huet, iert et dann op franséisch weider gaangen ass, fir e neie „Weltvertrag“ ze fuerderen. Hien huet sech a senger Ried géint Mondialisatioun „no ënnen“ ausgeschwat, déi eenzeg den Extremisten op der ganzer Welt entgéint kommen.

Davos

„Frankräich ass zréck“, esou den Emmanuel Macron, dee sech enger friddlecher Mondialisatioun wëll verschriwwen hunn. © Fabrice Coffrini/AFP

An den Emmanuel Macron huet déi multinational Konzerner, déi alleguerten hiren Etat-Major op Davos geschéckt hunn, Verantwortung ze iwwerhuelen an op eng „Däiwel komm eraus“ Steieroptimiséierung ze verzichten. E Message deen net eng gewëssen Ironie verstoppe konnt, wann ee bedenkt wien dem Macron säi Wahlkampf finanzéiert huet.

Zesumme Léisungen ausschaffen

Mee virum Macron an natierlech op däitlech, hat d‘Kanzlerin Angela Merkel mat fester Stëmm drop higewisen, datt Protektionismus net d‘Léisung fir d‘Problemer an der Welt ka sinn.

„Wa mir mengen datt Saachen net richteg sinn, datt d‘Mechanismen net op Géigesäitegkeet berouen, da musse mir multilateral Léisunge fannen, an net unilateral“, esou d‘Kanzlerin mat roueger Stëmm a mat den Amerikaner als kloren Adressat vun dëser „Message“. Déi sinn jo och zu Davos zimlech iwwerrepresentéiert a waarden eigentlech nëmmen op hire President.

D‘Kanzlerin, déi hire „come-back“ op déi international Bühn dann elo zu Davos gefeiert huet – no enger net esou wierklech erfollegräicher Bundestagswahl am September, a Koalitiounsgespréicher déi nach net ofgeschloss sinn – fuerdert grad ewéi hire franséischen Homolog e méi staarkt Europa, dat sech net méi vun den USA „féiere“ léisst.

Net ganz manéierlech…

De Begrënner vum Weltwirtschaftsforum, Klaus Schwab, schéngt et net esou mat der Kanzlerin ze hunn. Dat ass zumindest de Fazit deen een aus senger Ried muss zéien. Hei war de Klaus Schwab (ze) laang op dem Angela Merkel seng „schwéier Zäiten“ agaangen. Hien huet bedauert, matgefillt a wéi et schéngt och mat gelidden… ouni awer och nëmmen eng Sekonn laang glafwierdeg eriwwerzekommen.

Davos

„Mat Protektionismus léist ee keng Problemer“, esou d‘Angela Merkel, mat engem klore Message un den US-President. © Fabrice Coffrini/AFP

Dat war der Kanzlerin net entgaangen, firwat d‘Angela Merkel, him en onmëssverständlecht „erbaarmt iech menger net, wann ech gelift“ zougeworf huet.

China fuerdert eng féierend Roll

Och d‘Volleksrepublik China huet seng Stëmm zu Gonschte vum Fräihandel erhuewen, a versprécht nach weider Reformen, fir d‘Land wirtschaftlech méi „zougänglech“ ze maachen. „Mir erhiewen eis géint all Form vu Protektionismus (…) D‘Ëffnung ass entscheedend, net nëmme fir China mee fir déi ganz Welt“, esou den Liu He, mächtege Wirtschaftsberoder vum President Xi Jinping.

Domatter steet fest, datt et zwou ganz ënnerschiddlech „Visioune“ sinn, déi zu Davos openaner treffen. Dat ganzt op der Basis vun engem zolitte wirtschaftlechen Opschwong. Vum Wäissen Haus dann den Hiwäis, datt géintiwwer dem franséischen „neie Weltvertrag“ den Donald Trump et verstoe wäert, säin „America First“ ze verkafen.

Seng „Vertrieder“ hu sech jo och scho gutt zu Davos installéiert, an et kee Gespréich an dat si sech net géifen amëschen. An dësem Tempel vum Fräihandel, huet den US-Staatssekretär vum Tresor, Steven Mnuchin versprach „mam ganze Rescht vun der Welt zesummenzeschaffen“, esou laang wéi d‘USA dovunner e Profit hunn…

Um Fridden ass näischt verdéngt

De Steve Mnuchin huet dann och keen Heel draus gemaach, datt e sech zu Washington iwwert ee schwaachen US-Dollar erfreet. Fir d‘USA absolut e Gewënn, virun allem am Bezuch op den Export vun US-Produkter. De „grénge“ Schäin ass dann och prompt nach eppes erofgaangen, wat d‘Kompetitivitéit der „éischter“ Weltmuecht nach emol erhéicht.

Bei der selwechter Pressekonferenz, huet de Staatssekretär fir den Handel, Wilbur Ross, sech fir eng méi „provokant“ Ausdrocksweis entscheet.

„Et gëtt Handelskricher schonn eng ganz Zäitchen. Den Ënnerscheet haut, ass datt déi amerikanesch Truppen un d‘Front kommen“, esou de Wilbur Ross. An dat zu engem Zäitpunkt, wou Washington op ee ganz Rei vun asiateschen Importer – besonnesch Photovoltaik-Panneauen aus China – drastesch Steiere festgeluecht huet.

Aus dem Fridden ass wéineg Kapital ze schloen, egal op „Konflikt“ oder „Handel“, esou eng Randbemierkung déi fir de klenge Krees bestëmmt war. An zu Davos dierft ee kaum ee fannen, deen de Fridde virun de Profit géif setzen.

mam Laurence Benhamou an dem Roland Lloyd Parry/AFP

Foto: Schwéier bewaacht: ganz Davos ass am Ausnamezoustand. © Fabrice Coffrini/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Davos, Emmanuel Macron, Klaus Schwab, Weltwirtschaftsforum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel