Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Facebook opzesplécken wier net nëmme reaktionär, mee géing zu näischt féieren
best dating chat Neiegkeeten speed dating in columbia md

https://moien.lu/haroon-dating-in-the-dark/

Ech hu keen Interesse, d’Optriede vum Mark Zuckerberg virum Europaparlament

welkom dating site
best dating chat Neiegkeeten speed dating in columbia md

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!
best dating chat Neiegkeeten speed dating in columbia md

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!

Dräi Deeg viru Sylvester léisst den Ëmweltministère via den Informatiounsdéngscht

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?

Eng Kreatur aus Mënsch an Déier steet um Plang

Japan: Organspend duerch Mëschwiesen?

Fuerscher aus Japan wëllen elo ee liewegt Mëschwiesen op d’Welt bréngen. Domat wëll een vum geziichten Embryo virun op d’Ausdroung goen. D’Regierung vun Tokio huet déi entspriechend Experimenter elo geneemegt. Generell sollt dës Aktioun d’Organtransplantatioun revolutionéieren.

De japanesche Stammzellefuerscher Hiromitsu Nakauchi wëll, eegenen Aussoen no, den Éischte sinn, deen esou Mëschwiesen erschafe kann. Dobäi solle mënschlech Zelle bei Déierenembryoen ageplanzt ginn. Uschléissend dréit d’Mammendéier dëst Wiesen aus. Zil wier et, datt den Déiere mënschlech Organer wuessen, déi ee spéider Patienten, déi op ee Spenderorgan waarden, asetze kann.

D’Team besteet dobäi net nëmmen aus dem Nakauchi: ënnerstëtzt gëtt hie vun der University of Tokyo an der Stanford University aus Kalifornien. Dem ale Gesetz no war d’Zuucht vun esou Mëschwiese bis ewell verbueden. Déi éischt Versich sollen am August geneemegt ginn.

Mëschwiesen

Ass dat nach ethesch vertrietbar?

Mëttlerweil ass d’Fuerschung schonn esou wäit, datt Déiere gekloont a genetesch verännert kënne ginn. Muss een elo och nach Mënsch an Déier zesumme setzen, an d’Natur agräifen an et herno leide loossen? D’Iddi, fir esou Spenderorganer „hierzestellen“ ass op den éischten Hibléck jo keng domm. Mee wéi soll dat a Realitéit vu sech goen?

Behaapte mir elo emol, d’Mëschwiese konnt ausgedroe gi vum Mammendéier. Eng krank Persoun braucht dréngend een neit Häerz a soll dëst vum extra geziichten Déier kréien. Bréngt een an dësem Fall ee Liewewiesen ëm, fir datt een Anert liewe kann? Ass et wierklech richteg, ee Liewen iwwert een Anert ze stellen? Ginn et nach keng aner, méi ethesch Léisungen? Kann et iwwerhaapt funktionéieren, esou ënnerschiddlech Zellen ze vereenen?

Wéi de Stammzellefuerscher erkläert, sollen d’Mëschwiesen an enger éischter Phas nach net gebuer ginn. An noer Zukunft wéilt hie seng Experimenter u Mais, Raten a Schwäin duerchféieren, bis datt d’Organer bal ganz ausgebilt wieren. Enger Spriecherin vum japanesche Wëssenschaftsministère no, ginn d’Föten kuerz virun der Gebuert dann ëmbruecht.

Fir d’Versich benotzt den Nikauchi sougenannt mënschlech iPS-Zellen. Si kënne beispillsweis aus der Haut gewonne ginn a sech uschléissend a verschidde Richtunge weider entwéckelen. Duerch eng genetesch Modifikatioun soll esou dat gewënschten Organ entstoen.

Et schafft een dorop hin, datt een iergendwann ganz ouni Organspenden auskënnt. Bei eisen däitschen Nopere wieren ähnlech Experimenter zoulässeg, esou laang keng Embryoe benotzt ginn. Esou géif ee souwuel nom Embryoeschutzgesetz, wéi och nom Déiereschutzgesetz handelen.

Mëschwiesen

Mangel u Spenderorganer zu Lëtzebuerg

Trotz de Fortschrëtter an de Behandlunge besteet ville Persounen hir lescht Rettung an enger Organspend. Am Joer 2015 waren op der Waardelëscht fir eng Transplantatioun vun Eurotransplant ronn 15.000 Patienten agedroen. Och zu Lëtzebuerg stinn all Joer ongeféier 65 Persoune prett, fir een Spenderorgan ze kréien. Leider muss een hei zouginn, datt de Grand-Duché zu de Länner mat de wéinegste Spender gehéiert.

Eng Transplantatioun ass ee Wettlaf mat der Zäit. Oft muss d’Entscheedung a schwéieren, emotionalen an onangenehme Momenter getraff ginn. Ëmsou méi wichteg ass et, de Passeport de Vie ausgefëllt bei sech ze hunn, vir esou däitlech unzeginn, wéi eng Organer kënnen/wëlle gespent ginn, am Fall vun engem Dout. Säit e puer Joer kann ee seng Decisioun esouguer mat e puer Klicks op der App „Passeport de Vie“ matdeelen.

Ähnlech Sujeten Fuerschung, Hiromitsu Nakauchi, Mëschwiesen, Organspend, Passeport de Vie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel