Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

Um haitegen 18. Februar gëtt d’Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Nassau 35.

money
D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais
International Neiegkeeten

D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog Henri de Verwaltungsrot vun der

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren
International Neiegkeeten

Covid-19: Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi sech emorientéieren

Am Kontext vun der Covid-19-Pandemie besteet eng immens grouss Nofro

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg

An der Paulskirche zu Frankfurt ass engem Affer-Vetrieder gëschter de Bericht iwwerreecht ginn

Däitschland: Sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg

Iwwer zéng Méint laang haten sech eng 70 Experte mam Skandal ëm de sexuelle Mëssbrauch am Bistum Limburg (Hessen) beschäftegt. Hire Bericht haten si schonn 2018 virgeluecht, a gëschter gouf engem Vertriede vun den Affer dësen am Kader vun enger grousser Zeremonie iwwerreecht.

Et ass net wéi wann se sech keng Zäit gelooss hätten, mee am Bericht ginn déi Schëlleg ernimmt, wéi och Moossname genannt ginn, déi derzou solle féieren, datt esou en Abus net méi soll kënne stattfannen. D‘Experten haten hunn zanter September 2019 déi Mëssbrauchs-Etüd vun der däitscher kathoulescher Bëschofskonferenz analyséiert, Betraffe Leit befrot a Personalakten duerchliicht.

Mëssbrauch

De vollstännege Bericht „Betroffene hören – Missbrauch verhindern“ (¹) hunn d‘Bëscheef Georg Bätzing an Ingeborg Schillai also eng Kopie dovunner un ee Vetrieder vun den Affer iwwerreecht, a quasi ëffentlecht virgestallt. Laut den Auteure vum Bericht, sinn an dëser Etüd 46 Aktekënneg Fäll am Zäitraum tëscht 1946 bis zur Géigewaart ënnersicht. Et ass ausféierlech gepréift ginn.

Aus dem Bericht geet ervir, datt 24 vun de Beschëllegte scho verstuerwe sinn. Weider bestätegt sech datt bei mindestens 12 Fäll, schwéierste Mëssbrauch duerch ee Paschtouer iwwert en länger Zäit bedriwwe ginn ass. Déi „beschëllegt“ sinn alleguerte Bekannt, mee ginn am Bericht net ernimmt. Dofir ginn hir „Schutzpatrounen“, vum Personaldezernent bis zum Bëschof mam Numm genannt.

Ee Leed esou grouss, dat ass net ze beschreiwen

Ee vun den Experten, déi sech mam Ofschlossbericht befaasst hunn, ass de pensionéierte Riichter Joseph Bill. Hien huet am Kontext vun de Virfäll, also dem Mëssbrauch vun onermiessleche Leed geschwat. D‘Affer wieren traumatiséiert zréckgelooss a „vergiess“ ginn. Et wier ersiichtlech, datt vun de beschëllegten Täter eng enorm motivéiert pedosexuell Eegesucht ausgaangen ass…

MëssbrauchSchonn an der Presentatioun – also iert d‘Experten sech mat der Analys beschäftegt hunn – hat de President vun der Bëschofskonferenz (Okt. 2019) de Kardinol Reinhard Marx gesot: „Vill ze laang ass an der Kierch de Mëssbrauch geleegent, vertuscht an ewech gekuckt ginn. (…) Mir hunn den Affer net genuch nogelauschtert. (…) Sexuelle Mëssbrauch ass e Verbriechen“.

MëssbrauchGëschter dann huet de Bëschof vu Limburg Moossnamen annoncéiert. Hien hätt Mesuren abruecht, déi „wéi dinn“ an „Diskussiounen ausléise“ sollen. D‘Personalakte misste besser gefouert ginn an et soll zu enger Gläichstellungsuerdnung kommen. D‘Hierarchie misst zudeem ofgeflaacht ginn. Fir d‘Ëmsetzung vun de Mesuren (iwwer dräi Joer) ass eng onofhängeg Kommissioun agesat ginn.

mat indymedia/fra

Foto: Andreas Praefke (CC BY 3.0) Abrëll 2011

Annex (¹): De vollstännege BerichtD‘Zesummefaassung

Ähnlech Sujeten Bistum Limburg, Däitschland, kathoulesch Kierch, Paulskirche, Sexuelle Mëssbrauch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel