Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Huet jiddereen e Recht op en Hausdéier? Dës Petitioun fuerdert et an!
International Neiegkeeten

Huet jiddereen e Recht op en Hausdéier? Dës Petitioun fuerdert et an!

Mat senger Petitioun vum 22. Dezember, fuerdert de Leonardo da

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un
International Neiegkeeten

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un

An der Pazifikregioun déi eis Zäitlech gesinn eppes viraus ass,

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020
International Neiegkeeten

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt an d’Hollerecher Strooss, duerch Kranaarbechten,

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur

Fënnef Doudeger no Messerattack a Paräisser Prefektur

Op der Île de la Cité (4. Arrondissement) zu Paräis ass et gëschter an der Mëttegstonn, zu enger déidlecher Ausenanersetzung komm, bei där fënnef Mënschen hiert Liewe verluer hunn. Bei den Affer handelt et sech ëm eng Fra an dräi Männer, och de presuméierten Täter ass verstuerwen.

No engem Ugrëff an der Police-Prefektur vu Paräis, bei deem et Doudeger ginn huet, war et de franséischen Inneminister Christophe Castaner, deen sech zum Virfall a besonnesch zum Täter ausgedréckt huet. Op der Plaz waren och de President Emmanuel Macron, de Premierminister Edouard Philippe an d‘Buergermeeschtesch Anne Hidalgo.

De Mann deen d‘Dot soll vollbruecht hunn, war en Beamte vu 45 Joer, deen zanter 2003 an der Prefektur geschafft huet an ni negativ opgefall ass. Bei den Affer handelt et sech ëm Polizisten; dorënner eng Fra an dräi Männer. De Chef-Enquêteur Remy Heitz, huet confirméiert, datt am Kontext vun den Ermëttlungen, dem presuméierten Täter seng Wunneng perquisitionnéiert gëtt.

PrefekturGeleet ginn d‘Ermëttlunge vun der Paräisser Staatsanwaltschaft, an och wann en terroristeschen Hannergrond eigentlech ausgeschloss gëtt, esou ass och den Anti-Terror-Procureur an d‘Enquête agebonnen. De Procureur vu Paräis huet méi spéit bestätegt, datt d‘Fra vum presuméierten Täter verhaft ginn ass. Zu de Grënn déi zur Festnam vun dëser Damm gefouert hunn ass näischt gewosst.

Wat bis ewell sécher ass

De Beamte vu 45 Joer – eng Persoun mat spezifesche Besoinen, hie soll Daf-Stomm gewiescht sinn – huet bei der Direktioun vum Renseignement (DRPP) geschafft a war hei ni negativ opgefall. Et soll awer en Dissens mat sengem direkte Virgesate ginn hunn. Op dat den Ausléiser war oder et soss Motiver gëtt, déi zur Dot gefouert hunn, muss d‘Enquête klären.

Prefektur

Den Dispositif war extrem, den Zougang zur Île de la Cité onméiglech. © Murielle Langlois/im-par (via Twitter)

Gewosst ass, datt de Beamten d‘Dot mat engem Keramikmesser vollbruecht huet. Esou ee Messer kann net vun de Metalldetekteren ermëttelt ginn, woubäi d‘Employéë vun der Prefektur jo och elo net direkt „suspekt“ sinn. Un a fir sech ass d‘Prefektur op der Île de la Cité zu Paräis dat, wat een als Héichsécherheetstrakt beschreiwe kann.

De Mann dee vu sengen Aarbechtskollegen als „introvertéiert“ a „gentil“ beschriwwe gëtt, hätt laut der Gewerkschaft „Syndicat Alliance Police Nationale“ ni ee Problem duergestallt. De Loïc Travers vun der Gewerkschaft: „Et ass en administrative Kolleg deen iwwer 20 Joer an der Prefektur täteg war. (…) Et war just e virbildleche Beamten“.

PrefekturSäitens dem Jean-Marc Bailleul, Generalsekretär vun der Gewerkschaft „Syndicat des cadres de la sécurité intérieure“, dee sech op d‘Aussoe vun de Mataarbechter vum presuméierten Täter stëtzt, kéint et sech heibäi ëm eng spontan Bluttdot handelen. De Loïc Travers preziséiert, datt d‘Ëmstänn drop hiweisen, datt d‘Faiten am Büro vum Beamten ugefaangen hunn.

Vill Froen, wéineg Äntwerten

Eng Informatioun – déi mat Virsiicht ze benotzen ass – weist drop hin, datt de presuméierten Täter Mickael H. sech virun 18 Méint dem Islam zougewennt huet, an en oppene „Konflikt“ mat senger Cheffin soll gehat hunn. En éischt Affer huet et am Büro ginn, iert de Mann dëse verlooss an tëscht Büro an Trapenhaus zwou Fraen, dorënner seng Cheffin, erstach huet.

PrefekturUm Wee no baussen huet de presuméierten Täter nach eng Fra ofgestach. Wéi hien am Haff ukomm ass huet e Polizist hien „à vue“ erschoss. Dat alles huet sech a wéinege Minutten zougedroen. Well de Mann ni „opfälleg“ war, stellt sech d‘Fro op et sech heibäi ëm eng „Dot am Affekt“ oder et e méiglechen Zesummenhang mat senger reliéiser Konversioun gëtt.

Während sech no der Dot Psychologen ëm déi traumatiséiert Beamte gekëmmert hunn, gouf et an der Assemblée Nationale eng Gedenkminutt fir d‘Affer. D‘Justizministerin huet de Mataarbechter vun der Prefektur hir Ënnerstëtzung verséchert. D‘Buergermeeschtesch vu Paräis huet de Famillje vun den Affer via Twitter hir Undeelnam ausgedréckt.

Prefektur

Bei esou Virfäll, wou rieds vum Islam ass, gëtt et natierlech keng Retenue méi, an haut léisst sech den Haass an d‘Dommheet a „Fiber-Optik“ Geschwindegkeet verbreeden.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt den Dag virdrun, dausende Polizisten zu Paräis mam hirem „Marsch vun der Wut“ fir besser Aarbechtskonditiounen demonstréiert hunn. Si sinn op d‘Strooss gaange well et esou net weider ka goen. Gemengt ass déi ongleeflech héich Unzuel u Suicide bannent der Police. Fir 2019 sinn et der méi wéi 50.

mat indymedia/par

Foto: De ganze Beräich ronderëm d‘Prefektur war groussraimeg ofgespaart ginn. © Murielle Langlois/im-par (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Île de la Cité, Islam, Messerattack, Paräis, Police, Prefektur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel