Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
En amerikanescht Duerf verdeedegt säi Waasser géint Nestlé
futurescopes dating intj https://moien.lu/dating-white-man-in-namibia/

zvox soundbase hookup

Nestlé, de Schwäizer Liewensmëttelkonzern deen der Meenung ass datt Waasser

swedish american dating site
futurescopes dating intj https://moien.lu/dating-white-man-in-namibia/

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister
futurescopes dating intj https://moien.lu/dating-white-man-in-namibia/

Oneenegkeet beim Brexit: d‘Theresa May verléiert zwee Minister

Um Méindeg huet et zu London zolidd ramouert, an déi

Mëssgléckt Noutlandung

New York: Helikopter fält op Héichhaus

Mëssgléckt Noutlandung

Net wäit ewech vum Central Park zu New York, ass gëschter en Helikopter op en Héichhaus gefall. D‘Ursaach vum „Accident“ konnt zur Zäit nach net gekläert ginn. Éischten Informatiounen no, soll de Pilot bei schlechtem Wieder versicht hunn um Dach vum Haus op 787 7th Avenue zu Manhattan noutzelanden. Esou d‘Informatioun vun de New Yorker (FDNY) Pompjeeë via Twitter…

Noutlandung

De Chef vun den Operatioune vun de Pompjeeën Thomas Richardson an de Leutnant Adrienne Walsh hu gëschter Nomëtteg de Virfall an den Asaz aus hirer Siicht erkläert:

„Direkt nodeems eis leit op der Plaz ukomm sinn, ass et op den 51. Stack gaangen an vun do aus iwwert d‘Trappen erop op den Daach. Bedauerlecherweis hunn d‘Pompjeeën een Doudesfall misse constatéieren“, esou de Leutnant Adrienne Walsh säin Team dat als éischt op der Plaz war.

Noutlandung

Um Bild vun de New Yorker Pompjeeën dat uewen um Dag vum Héichhaus gemaach gouf. Vill ass vum Helikopter net iwwreg bliwwen. Beim Ofstuerz ass de Pilot verstuerwen. © FDNY

„Ëmmer wa mir e Feier op engem Héichhaus hunn – 54 Stäck entsprieche ronn 215 Meter – ass eng vun de gréissten Erausfuerderungen de Waasserdrock, mee mir hunn do eis Prozeduren. Mir benotzen an esou engem Fall d‘Kraaft vun eise Gefierer déi mir un d‘Leitunge vum Gebai uschléisse fir de Waasserdrock ze héich ze halen. Zudeem ginn déi manuell Pompelen am Héichhaus zur Ënnerstëtzung mat agesat.“, esou den Thomas Richardson, deen de Kommando hat.

Hien huet preziséiert: „Mir ware mat eisen Asazkräfte bannent 5 Minutten op der Plaz, an d‘Feier konnt innerhalb enger hallwer Stonn ënner Kontroll bréngen. Domatter ass eisen Asaz ofgeschloss. Am Asaz waren haut 43 FDNY-Eenheeten. All eis Leit hunn effizient a couragéiert geschafft“.

Kee kriminellen Hannergrond

Géintiwwer de Kollege vu CNN huet sech de Buergermeeschter vu New York, Bill de Blasio, zum Virfall ausgedréckt: „Et huet ausgesinn, wéi wann de Pilot onberechenbar gehandelt hätt. (…). Et huet net duerno ausgesinn, datt de Pilot en technesche Problem op senger Fluchroute gehat hätt. En terroristeschen Hannergrond kënne mir hei ausschléissen“.Noutlandung

 

D‘Police hat während dem Asaz vun de Pompjeeën de Quartier wäitraimeg ofgespaart. Den Donald Trump war iwwert de Virfall Informéiert ginn.

mat indymedia/nyc

Foto: Den Thomas Richardson huet, nodeems den Asaz beendegt war, de Medie vill Informatioune ginn an esouwäit méiglech all hir Froe beäntwert. En terroristeschen Hannergrond gëtt ausgeschloss. © FDNY

Ähnlech Sujeten 7th Avenue, FDNY, Helikopter, Manhattan, New York, Noutlandung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel