Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi siwe gréisste Feeler vun der EU
International Neiegkeeten

Déi siwe gréisste Feeler vun der EU

Am Mee vum leschte Joer, haten eis Kollege vun ZDF-Info

TDF: E Sprint ouni Tëschefall
International Neiegkeeten

TDF: E Sprint ouni Tëschefall

Knapp gewonnen ass och gewonnen. De Marcel Kittel (Quick-Step) gewënnt

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich
International Neiegkeeten

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich

Beim Regierungsrot e Freideg ass et net nëmmen ëm den

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert

Kee Réckhalt a kee Plang B, fir d‘Theresa May gëtt et egal wéi en „haarde“ Brexit

Mësstrauensvott géint britesch Premierministesch gescheitert

Et weess ee wierklech net méi op ee laachen oder kräische soll. De Brexit, esou wéi e sech eis vun der britescher Politik virgefouert gëtt, ass esouwuel e „Koméidistéck“ wéi en „Drama“. D‘Theresa May, huet wuel hire Mësstrauensvott wéi erwaart iwwerstanen, weiderkomm ass si net…

Keng Neiwahlen

Déi vum Labour-Chef, Jeremy Corbyn ugestrieften Neiwahlen – wat den eigentleche Sënn an Zweck vun engem Mësstrauensvott ass – wollt am konservativen an nationalistesche Lager, och wann een dem Theresa May nach esou gäre wéilt lassginn, kee Mënsch. Bei den Tories weess ee ganz genee wat en ugestallt huet, an am Fall vun Neiwahlen, géif sech datt rächen.

Um Mëttwoch ass, ass de Mësstrauensvott dann erwaardungsgeméiss zu Gonschte vum Theresa May ausgaangen. Mat 325 Stëmme fir déi britesch Premierministesch, an 306 dergéint, ass eng Demissioun vun der Regierung vum Dësch. Dat Resultat gesäit sech op den éischte Bléck „knapp“ un, ass et awer net, well et der Mandatsverdeelung am House of Commons entsprécht.

Nom Vott, huet d‘Theresa May éischt Gespréicher mat de Leader vun den Oppositiounsparteie gefouert, an huet sech uschléissend géintiwwer de Medien ausgedréckt. Deenen huet si däitlech gesot: „Ech mengen et ass meng Flicht d‘Uweisung vum britesche Vollek auszeféieren, an d‘EU ze verloossen. An genee dat hunn och wëlles ze maachen“. Gouf et jeemools eng Alternativ?

Zu méi léisst sech besser streiden

Zwar huet déi britesch Premierministesch Versteesdemech dofir, datt d‘Leit unhand vun allem wat sech an de leschte 24 Stonnen zougedroen huet „eppes beonrouegt“ sinn, mee et wieren déi Deputéiert gewiescht, déi zum Ausdrock bruecht hätte wat si net wéilten, an dat ass den Accord dee mat der EU am Kontext vun de Scheedungsmodalitéiten, ausgehandelt ginn ass.

Elo géif den Challenge doranner bestoen, eng konstruktiv Zesummenaarbecht hinzekréien, a vläicht emol verständlech virdroen, wat d‘Parlament eigentlech wëll. Dofir jo och déi Entrevue mat de Vertrieder vun den Oppositiounsparteien, vun deenen d‘Theresa May allen Eeschtes erwaart, datt si hir perséinlech Interessen an der Garderobe ofginn. Wier de Sujet net esou eescht, kéint ee laachen.

An de Jeremy Corbyn hat net wëlles iergendeppes an der Garderobe ofzeginn, net emol seng schlecht Manéieren. Hien, deen de Chaos wëll beendegen, war der Invitatioun vun der britescher Regierungscheffin net nokomm, an awer deen, wou virum Mësstrauensvott bedauert hat, datt et keng Diskussiounen a Gespréicher mat alle Parteie géif ginn. Elo gouf et eng, an hie geet net hin.

Optiounen? Wéi eng Optiounen?

Interessant um „britesche Patient“: e behält säin Humor, ass iwwerzeegt eng Weltmuecht ze sinn, an als „Empire“ deemnächst zréckzeschloen. Optimistesch mat zwee gesonder Aen dem Ënnergang entgéintkucken, dat ass eng Qualitéit déi muss een de Brite schonn zougestoen. D‘Theresa May huet bis ee Méindeg, fir „en anere Plang“ virzeleeën. Dat ass kee Witz, gelaacht gëtt trotzdeem.

An de Reie vun der Oppositioun, gëtt et déi Deputéiert vun der sozialdemokratescher „Labour“, déi gëschter Owend zu hirer 70 e Bréif ënnerzeechent hunn, mat där si e Referendum fuerderen, an deem dem Vollek d‘Optioun soll ugebuede ginn, de Vott vun 2016 réckgängeg ze maachen. Eng Iddi déi wuel federéiert, um Prinzip vun der Scheedung näischt méi ännert. Déi Bier ass geschielt.

Natierlech gëtt et esouwuel innerhalb der EU-Kommissioun wéi och dem EU-Parlament genuch Zoustëmmung fir esou eng „politesch Optioun“, mee realistesch betruecht, kann et um Prozess deen ageleet ginn ass, näischt änneren. Emol ganz dovunner ofgesinn, datt sech Bréissel ëmmer muss virwerfe loossen, de Briten all „Wonsch vun de Lëpsen ofzeliesen“, si hunn dat selwer entscheet!

Lëtzebuerger EU-Deputéiert zur aktueller Sitautioun

Schonn e Méindeg huet den EU-Deputéierten, Charles Goerens (DP), ze verstoe ginn, datt beim Vott vum Scheedungsaccord tëscht de Briten an der EU, keen als Gewënner kann ervirgoen. Déi éischt Verléierer sinn d‘Regierung vun hirer britescher Majestéit, dat britescht Vollek – dat sech op schwiereg wirtschaftlech a sozial Zäite muss astellen – an d‘EU, déi e verlässleche Partner verléiert.

Déi gréisste Verléierer, esou de Charles Goerens, sinn déi jonk Briten (déi sech allerdéngs zu hirer grousser Majoritéit net beim Referendum ausgedréckt hunn N.v.d.R.) an dat stëmmt esou och. Si sinn d‘Affer vun enger hannerlëschteger a verlugener Campagne ginn, wou sech „gewësse Leit“ fir den totale Chaos engagéiert haten, an wéi d‘Ziler erreecht waren, nees an hire Keller gaange sinn.

We need to build bridges with UK post-Brexit: Luxembourg’s finance minister from CNBC.

Gitt de Bierger d‘Wiel zréck

Och d‘Europadeputéiert Tilly Metz (déi gréng) huet déi massiv Néierlag vun der britescher Regierung kommentéiert: „ Déi regéierend Tories sinn net an der Lag iwwert eng gemeinsam Virgoensweis a Positioun beim Brexit ze entscheeden. Dat verdäitlecht wouhinner de blannen Isolationismus vun der néier Rietser féiert: zu politeschem Stëllstand, statt gesellschaftlechem Fortschrëtt.

Déi Hängepartie zu Westminster schued an éischter Linn de Bierger. En ‚No-Deal‘ Brexit wier fir jidderee fatal. Ugesiichts der politescher Blockad, mussen d‘Wieler dat lescht Wuert erhalen. ‚Give the choice back to the people!‘ Gemeinsam mat iwwer 100 Europadeputéierten aus alle Memberlänner, hunn ech dofir en Appell un eis britesch Frënn geriicht, fir déi Brexit.Entscheedung nach emol ze iwwerdenken, an zesummen un enger besserer Unioun ze schaffen“

mat indymedia, London

Ähnlech Sujeten Brexit, Charles Goerens, House of Commons, Jeremy Corbyn, Mësstrauensvott, Pierre Gramegna, Theresa May, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel