Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister
Neiegkeeten

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht
Neiegkeeten

Polen: Kaczynski fiert aus der Këscht, Parlament ënnerbrécht Aarbecht

An der Nuecht e Mëttwoch sollt d’Parlament a Polen eng

Moer Rekolt a Fuddermangel: De Romain Schneider ass besuergt
Neiegkeeten

Moer Rekolt a Fuddermangel: De Romain Schneider ass besuergt

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen

MeteoLux: Haut ass en Dag fir op der Couch ze bleiwen

Während am Frankräich d‘Lag op der Wiederfront éischter „bedreelech“ ass, hei stinn de Südosten an Sonneninsel Korsika ënnert héchster Alarmstuf, huet och MeteoLux eng Warnung fir Lëtzebuerg ausgeschwat.

Et soll bei de Wandspëtzten zu Lëtzebuerg net dat selwecht Ausmooss hunn, wéi eis franséisch Noperen et zur Stonn erliewen, mee tëscht 13 an 20 Auer wier villeruerts mat Wandstéiss ëm déi 80Km/H ze rechnen. Dozou gëtt et masseg Néierschléi. Ab e Méindeg soll sech de Wand dann nees eppes berouegen. Den Himmel awer wäert bedeckt bleiwen, och wann net mat allzevill Reen ze rechnen ass. Fir de Reveillon wäert en ähnlech ausgesi mee déi eppes „douce“ Temperature sollen am Laf vun der Woch nees méi saisonal ginn. Fir de 26. Dezember ass Frascht gemellt ginn.

Wien also net ausser Haus muss, sollt den Dag notze fir d‘Séil baumelen ze loossen. Op der Couch mat engem gudde Buch a firwat net och engem gudde Film, kann engem eigentlech kee Leed geschéien. Wien aus beruffleche Grënn oder well et Verflichtunge gëtt, vrun d‘Dier muss, sollt op sech oppassen. Duerch d‘Néierschléi besteet e grousse Risk vun Aquaplaning, firwat d‘Leit opgeruff sinn, hir Fuerweis de Wiederkonditiounen unzepassen. Et soll ee sech och um Lafenden halen. Ganz praktesch ass do d‘Wieder-App vu MeteoLux: op GooglePlay an am AppStore.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten MeteoLux, Reen, Wand, Wiederwarnung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel