Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet
faroe island online dating

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet

SPONSORED STORY Den 26. Juni ass ee wichtegen Datum fir

hook up with your relatives before you're transferred
faroe island online dating

Alaska gouf vun engem Äerdbiewen zolidd duerchgerëselt

Agefalle Stroossen, agerass Fassaden, eidel Etagèren a Schief: en heftegt

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
faroe island online dating

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

Regional meteorologesch Analys: enorm Hëtzt a Reendefizit vun 2018

Regional meteorologesch Analys: enorm Hëtzt a Reendefizit vun 2018

D’Joer 2019 huet ugefaangen a sou kënnen déi agrarmeteorologesch Wiederdéngschter vun ASTA hire Rapport am Ministère fir Landwirtschafts, Wäibau a ländlech Entwécklung, vun de meteorologesch Statistike vun 2018 publizéieren. Ee Moossnetz vun 32 automatesche Wiederstatiounen aus alle Regioune vu Lëtzebuerg huet dat ganz Joer iwwer d’Wierder an d’Temperatur am Grand-Duché analyséiert.

Dobäi sinn déi desjäreg Wiederdate vun de véier representative Statiounen zu Aasselbur (Norden), Kënzeg (Süd-Westen), Réimesch (Museldall) a Gréiwemaacher (Museldall) mat den Duerchschnëtter vun de Referenzperiode vun 1981 bis 2010 verglach. Opfälleg ass, datt d’Joer 2018 bis zu 1.9°C méi waarm war, wéi de laangjäregen Duerchschnëtt vun der genannter Period. D’Joresnidderschlagszommen ware vergläichbar mam Duerchschnëtt vun 1981 bis 2010, mee d’Verdeelung huet ee signifikanten Defizit an de Summerméint opgewisen. Zu Réimech a Gréiwemaacher ass déi klimatesch Waasserbilanz am Juli souguer op ee Rekorddéif gefalen.

Déi „mëttels Temperaturen“ waren an der Statioun zu Aasselbur 1,2°C, zu Réimech 1,3°C, zu Kënzeg 1,6°C an zu Gréiwemaacher ëm 1,9°C méi héich wéi den normale Mëttelwäert. Déi 1. Rei vu Grafike vun der Ofbildung 1 an Ofb. 2 weist, datt net nëmmen de Februar an de Mäerz ënnert dem laangjärege Wäert louchen. An allen anere Méint waren déi gemoosse Mëtteltemperature méi héich, wéi de Mëttelwäert fir d’Referenzperiod vun 1981 bis 2010. Déi gréisst negativ Ofwäichung ass zu Aasselbur am Februar mat -3,3°C opgezeechent. Am Januar ass zu Réimech déi gréisst positiv Ofwäichung mat +4,2°C gemooss ginn.

Wieder
Wieder

D’Nidderschlagszommen vum Joer 2018 waren an alle véier Statioune liicht ënnert dem Mëttelwäert vun 1981 bis 2010. Just zu Aasselbur ass ee signifikanten Defizit, mat -23% (-197 mm) festgestallt ginn. D’Verdeelung vun den Nidderschlagszomme pro Mount weist awer, datt an alle véier Statioune just am Januar, Juni an Dezember méi Reen opgezeechent ginn ass, wéi am laangjärege Mëttelwäert (2. Rei vun de Grafik an Ofb. 1 an Ofb. 2). Déi prozentual héchsten Ofwäichung ass mat +134 % vum Soll am Januar zu Réimech gemooss ginn. D’Méint vu Juli bis November hunn dogéint an alle Statiounen negativ Ofwäichungen opgewisen, bis op d’Wäerter am August zu Gréiwemaacher, déi liicht positiv waren, duerch déi kräfteg lokal Nidderschléi, déi zu Iwwerschwemmunge gefouert hunn. Zu Gréiwemaacher a Réimech sinn am Juli just 4 mm, respektiv 6 mm gemooss ginn. Dëse geréngen Nidderschlag, am Zesummespill mat den héijen Temperaturen, féiert zu ausgedréchente Biedem.

Fir dëst Zesummespill tëschent dem Nidderschlagsdefizit an den héijen Temperature quantifizéieren ze kënnen, ass eng klimatesch Waasserbilanz berechent ginn, déi sech aus der Differenz tëschent den Nidderschlagszommen vun alle Méint an der Zomme vun der potentieller Verdonstung vun alle Méint ergëtt. Vir dës potentiell Verdonstung berechnen ze kennen, braucht een, nieft der Temperatur, och Miessungen zur Wandgeschwindegkeet an zur Dauer vum Sonneschäin. Wëll dës Donnéeën zu Aasselbur a Kënzeg feelen, sinn fir dëse Verglach déi no Statiounen zu Reiler, respektiv Uewerkuer genotzt ginn. Déi 3. Rei vun der Ofb. 1 an Ofb. 2 weist, datt, ausser zu Uewerkuer, d’Joer 2018 eng negativ Waasserbilanz opweist. Déi potentiell Verdonstung war also méi héich, wéi de gefalenen Nidderschlag.

D’Analys vun all Mount weist, datt an alle véier Statiounen d’Waasserbilanz vun Abrëll bis Oktober negativ war, wat och déi extrem dréche Biedem bis an den Hierscht eran erkläert. Besonnesch ervirzehiewe sinn déi extrem Wäerter fir Juli, déi zu Gréiwemaacher a Réimech, säit dem Ufank vun den Opzeechnunge vun der Waasserbilanz am Joer 2003, een neie Rekord duerstellen. Zu Reiler an Uewerkuer huet just de Juli 2006 nach méi een déiwe Wäert opgewisen.

Déi genau Daten an weider Informatioune vun den 32 ASTA Statioune kann een op agrimeteo.lu fannen.

Ähnlech Sujeten 2018, Analys, ASTA, Dréchent, Meteo, Reen, Statistik, Wieder
Nächsten Artikel Virrechten Artikel