Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!
https://moien.lu/we-dating-app/

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!

Reegelméisseg bitt natur&ëmwelt Ausstellungen, Evenementer a Workshoppe ronderëm d’Natur an de

dating heartache
https://moien.lu/we-dating-app/

hose hook up

No enger exzeptioneller Entrevue um Dënschdeg, hunn sech Nord- a

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President
https://moien.lu/we-dating-app/

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President

No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn

Een ze waarmen Hierscht mat iwwerduerchschnëttlech vill Reen

Een ze waarmen Hierscht mat iwwerduerchschnëttlech vill Reen

Pünktlech zum Ofschloss vum meteorologeschen Hierscht 2019 huet de sraatleche Wiederdéngscht ASTA vum Ministère fir Landwirtschafts, Wäibau a ländlech Entwécklung, elo seng regional Wiederanalys vum 1. September bis den 30. November 2019 erausbruecht. Ervir ze hiewen si virun allem déi liicht iwwerduerchschnëttlech Temperaturen, mat engem Plus vun 0,3°C am Éislek an engem Plus vun 0,7°C am Süde vum Land. Den Oktober war generell hëtzeg gestëmmt, wärend den November am ganze Land ze kill ausgefall ass. De Groussherzogtum stécht ervir mat vill Reen an engem Iwwerschoss vu bis zu +103 mm zu Käerch.

D’Wiederdate kommen aus engem Miessnetz vun 32 automatesche Wiederstatiounen aus alle Regioune vu Lëtzebuerg. Dobäi goufen déi dësjäreg Wäerter vun de 4 representative Statiounen Aasselbur (Norden), Kënzeg (Süd-Westen), Réimech (Museldall) a Gréiwemaacher (Museldall) mat den Duerchschnëttswäerter vun der Referenzperiod 1981-2010 verglach.

Emol méi waarm, dann awer nees méi kal

Déi mëttels Temperature louchen dësen Hierscht un alle 4 Statiounen iwwert de Wäerter vun der Referenzperiod. Déi klengst Ofwäichung gouf et zu Aasselbur ma + 0,3°C, déi Héchst mat + 1,5°C zu Kënzeg an u béide Muselstatiounen. Den November war dogéint am ganze Land liicht méi kill, dat mat – 0,2°C un der Musel.

Pünktlech zum meteorologeschen Hierschtufank um 1. September huet d’Kalfront vum Déif „Egbert“ d’Hëtzt vum Extremsummer iwwert den Oste verdriwwen. Uschléissend hunnofwiesselend kill a waarm Loft d’Wieder bestëmmt. Am Oktober sinn d’Temperaturen um 2. Weekend nach emol op spéitsummerlech Wäerter (Dagestemperature vun 18,2 °C zu Kënzeg) geklommen. Duerch den Afloss vu mëller Mieresloft ass et bis Enn des Mounts bei iwwerduerchschnëttleche Wäerter bliwwen. Um Enn vum Mount huet d’Kalfront vum Déif „Yaroslav“ eng däitlech Ofkillung matbruecht, dobäi koum et lokal souguer zum éischte Frascht. Den éischten Novemberweekend huet sech dunn nach emol mëll gewisen, ier d’Temperature mat Ausnam vun der leschter Woch v um Mount op Wäerter ënnert der Referenzperiod gefall sinn.

Hierscht 2019

Dagesmëtteltemperaturen vum Hierscht 2019 zu Kënzeg (rout) am Verglach zur Referenzperiod 1981-2010 (blo). Definéiert gëtt d’Spannbreet duerch de gemëttelte Minima a Maxima vun der Dagesmëtteltemperatur (gro).

A wéi war et mam Reen?

Am Hierscht 2019 waren d’Nidderschlagszommen am ganze Land wäit iwwert de Referenzwäerter. Den Iwwerschoss war am Südweste vum Land mat engem Plus vun 103 mm zu Käerch an + 73 mm zu Kënzeg am Héchsten. De geréngsten Iwwerschoss gouf et zu Wëntger mat + 3 mm. De September ass am ganze Land e bëssi ze dréchen ausgefall an de laang erwaarte Reen huet eréischt an der leschter Septemberwoch agesat.

Am Oktober gouf d’Wieder zu Lëtzebuerg vun engem atlanteschen Déifdrockgebitt beherrscht, dat mëll awer fiicht Loftmasse matbruecht huet a groussflächeg fir vill Reen gesuergt huet. Zu Kënzeg konnte mat 144 mm am Oktober 2019 ganzer 66 mm mäi, wéi an der Referenzperiod gemooss ginn. De Reen am November war liicht iwwert de Referenzwäerter.

Hierscht 2019

Zommen u Reen vum Hierscht 2019 (rout) am Verglach zur Referenzperiod 1981-2010 (blo) zu Aasselbur, Gréiwemaacher, Kënzeg a Réimech.

Konsequenze fir d’Landwirtschaft

D’Zommen u Reen si besonnesch am Norden an am Zentrum vum Land net duergaangen, fir aus dem Defizit vum Januar 2019 erauszekommen. Am Buedem haten sech d’Reserven an den ieweschte Buedemschichten zwar nees opgefëllt, konnten awer trotzdeem den Defizit vun de leschten zwee Joer an den méi déiwe Schichten net ausgläichen.

Net nëmme bei der Drénkwaasserversuergung vun der Bevëlkerung a beim Bësch ass dëse Fakt vun Nodeel. Virun allem d’Landwirtschaft géif dëst Waasser brauchen an enorm dovu profitéieren, wann d’Reserven sech am Wanter nees fëllen. Besonnesch d’Produktioun vu Fudder op de Wisen a Weeden hunn staark ënnert dem Reendefizit gelidden.

Hierscht 2019

Differenz vun de Reenzommen vum Hierscht 2019 an der Referenzperiod 1981-2010. Anomalien un den ASTA Statiounen (rout) sinn duergestalt.

All Informatiounen an Daten kënnen op www.agrimeteo.lu ofgeruff ginn.

Ähnlech Sujeten ASTA, Hierscht 2019, Landwirtschaft, Meteo, meteorologeschen Hierscht, Reserven, Waasserversuergung, Wieder
Nächsten Artikel Virrechten Artikel