Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President warnt Peking
Erkläert Fail Stories

US-President warnt Peking

D‘Situatioun zu Hong Kong ass liicht ugespaant, well d‘Bierger der

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?
Erkläert Fail Stories

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?

Zu Lëtzebuerg huet d‘Uwennung vu Gewalt ënner Schüler eng nei

Chile: Mir si solidaresch!
Erkläert Fail Stories

Chile: Mir si solidaresch!

Een Opstand am Chile ass bis dato den Héichpunkt vun

dislike

#Metoo, erkläert

En Hashtag mécht d'Ronnen

#Metoo, erkläert

Deen een oder aneren vun iech huet et villäicht schonn op Facebook an Twitter gesinn: Fraen schreiwe säit gëschter Messagen mam #metoo. Heiansdo ass et souguer alles, wat se schreiwen. Mee wat verstoppt sech dohannert?

Wat bedeit den Hashtag?

Mat #metoo signaliséiert een, datt ee selwer och Opfer vun enger sexueller Belästegung ginn ass. Dobäi soll de Leit kloer gemaach ginn, wéi geleefeg des Virfäll sinn, wou vill Leit mengen, si géife guer net esou heefeg virkommen.

Wéi ass dësen Hashtag entstane?

En Tweet vum Alyssa Milano huet dozou gefouert, datt sech dausende Fraen zu Wuert gemellt hunn. D’Schauspillerin a Produzentin hat op Twitter dozou opgeruff, sech ze mellen a krut schnell vill Feedback.

Firwat ass des Aktioun gestart ginn?

Dat ganz leeft am Kontext vun der Weinstein-Affär. Dem Hollywood-Produzent gëtt bekanntlech virgeworf, vill Fraen während senger Karriär net nëmmen sexuell belästegt mee och ugegraff ze hunn. Des Affär geet mëttlerweil esou wäit, datt en net nëmme säi Posten bei der Firma huet missen ofginn, mee och d’Firma selwer steet mëttlerweil zum Verkaf.

Wéi kann ee reagéieren, wann een dësen Hashtag bei enger Persoun gesäit, déi ee selwer kennt?

Et ass wichteg ze respektéieren, datt esou e public goen ganz vill Courage vun engem verlaangt. Och gi Fraen, déi oppen doriwwer schwätzen stigmatiséiert oder esou guer agresséiert. Den Hastag #Ibelieveyou existéiert, fir de Fraen ze versécheren, datt een dëst public goen eescht hëlt an hinne gleeft.

Kann dës Aktioun eppes bewierken?

Op se an Hollywood zu iergendeppes féiert ass schwéier anzeschätzen. Allerdéngs kann et ville Leit hëllefen ze erkennen, wéi wäitleefeg dëse Problem ass, an datt een eppes ennerhuele muss.

Ähnlech Sujeten Hollywood, Me too, Sexuell Iwwergrëff, Sozial Netzwierker, Twitter, Weinstein
Nächsten Artikel Virrechten Artikel