Search

You may also like

Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?
Stories

Ouni Solidaritéit kee Fridden – Ouni Fridde keng Mënscherechter?

Gëschter huet de Friddensmarsch zu Esch-Uelzecht leider net déi grouss

Tom & Greg: Spezial Confinement-Episode vun der Webserie W.
Stories

Tom & Greg: Spezial Confinement-Episode vun der Webserie W.

D’Kreativitéit an d’Motivatioun vu Six.-Letters hëlt keen Enn. No der

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert
Stories

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert

Datt de Familljeministère ënnert der Leedung vum Corinne Cahen net

#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen

Warnung: Enthält Beschreiwung vu sexueller Gewalt

#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen

Iwwert déi lescht 24 Stonnen huet sech mäin Facebook Feed gefëllt mat dësem Hashtag. Verschidden Fraen posten just den Hashtag. Aner Fraen schreiwen detailléiert vun der sexueller Belästegung déi si erlieft hunn. Ech liesen an héieren säit laanger Zäit dovunner. Ech hat gemengt mat der Zäit géif et méi einfach ginn, mee et gëtt just méi schwéier.

You should just take it as a compliment!’ – Wann et soll flattéieren firwat mëscht et dann esou vill Angscht?

Ech erënneren mech net méi dorunner wéini et alles ugefaangen huet. Ech hat Chance, dass ech relativ spéit mäin ‘Fraekierper’ krut. Mee säit ech Brëscht hunn, non-stop.

Als Teenager ass et extrem schlëmm. Et weess een sech och net ze wieren wann een ugemaach gëtt. Et si jo anscheinend just Komplimenter. De Message deen een kritt ass, dass eisen Kierper net eis gehéiert.

Elo dinn ech mech net esou u wei ech wëll wann ech virun d’Dir muss well et ass et einfach net wäert. Ech rechnen einfach ëmmer domat, dass eppes kann geschéien. Quitt, dass een ‘Komplimenter’ an déi Blécker ka meeschtens ignoréieren – dat heescht net dass se net do sinn! Et weess een ni ob een sécher ass, dobaussen oder doheem.

Boys will be Boys’ – Mee et gëtt just méi schlëmm wat se méi al ginn.

E Frënd aus der Schoul dee mech, wou ech geschlof hunn, wollt ausdoen.

E Kolleg deen beim Rolzen net ongehalen huet, mech nidder ze drécken obwuel ech ëmmer erëm Stopp! gesot hunn. Meng aner Kollegen hunn näischt gesot oder gemaach.

Den Aarbechtskolleg, dee Witzen iwwert meng Hänn gemaach huet a gemengt huet, ech bräicht Vaselinne.

Mäi Frënd, deen mech am Schlof penetréiert huet a Sex mat mir hat obwuel ech keng Reaktioun gewisen hunn.

De Mann, dee mer eng entspanend Massage wollt ginn ob eisem Date, well mäin Papp an der Klinik am Koma louch. Mee da während deem säi Penis géint mech geriwwen huet. Hien huet alles probéiert fir mech zum Sex ze iwwerrieden obwuel ech him virum Date meng Situatioun erkläert hat.

#YesAllWomen – Hoffentlech kënnt domatter eppes a Beweegung.

Ech kenne keng Fraen déi net sexuell Belästegung erlieft huet, och wann si et villäicht net selwer esou identifizéiert. Mir sinn et ebe gewinnt. Et ass deel vun eisem Alldag. Et hëlt vill Courage fir iwwert esou Saachen ze schwätzen. Dowéinst ass et wichteg dass mer eis Erfarungen posten. Et sollt zwar net un den Fraen sinn fir des emotionell Käschten ze droen, mee ech gesinn net wei sech aneschtes eppes ännert.

Hoffentlech gëtt verschidden Männer kloer wéi vill Fraen ënner esou Attitüden leiden. Hoffentlech huelen verschidden Manner d’Initiativ fir aneren ze soen ‚Esou geet et net!’. Hoffentlech beweegt sech eppes am Behuelen vun der Majoritéit vun den Manner.

Related topics #metoo, Sexismus, Sexuell Gewalt, Sexuell Iwwergrëff
Next post Previous post