Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll
Kultur Neiegkeeten

Okja ass e Film, deen net weess, wat e wëll

Okja muss ee schon iwwerloossen, datt et fir Opreegung gesuergt huet.

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht
Kultur Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg iwwer Ouschteren touristesch gutt besicht

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet mat vill Freed

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?

D’Éislek mécht e gudden Drëttel vun der Landesfläch aus, mee

Metronomy als Headliner vum Siren’s Call 2019

Metronomy als Headliner vum Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

Déi britesch Elektro-Grupp Metronomy ass den Headliner vun dëser Editioun. Déi véierkäppeg Band, gegrënnt vum Joseph Mount am Joer 1999, huet sech zu enger vun de wéinege kreative Musek-Acts entwéckelt, déi Indie Rock mat elektroneschen Elementer vermëschen.

Bis ewell huet Metronomy fënnef Alben erausbruecht, dorënner Pip Paine, Nights Out oder och Summer 08. Zur Grupp geéiert de Joseph Mount (Vocals, Keyboard, Gittar), den Oscar Cash (Saxophon, Background-Gesang, Gittar, Keyboard), d’Anna Prior (Battrie, Vocals) an de Gbenga Adelekan (Bass, Vocals). Déi véier Museker brénge mat dësem Projet verschidde kreativ Remixe vu Kënschtler a Gruppe wéi Franz Ferdinand, Robyn oder Lykke Li eraus.

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Ähnlech Sujeten Band, Concert, Elektro, Festival, Metronomy, Musék, Siren's Call 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel