E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,
Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,
Am vergaangene Wanter huet déi bayresch Staatsbauverwaltung e Pilotprojet lancéiert,
Ob der Münchener Sécherheetskonferenz (MSC) hu sech déi grouss Demokrate
Vun de spueneschen Awunner gëtt dës riseg hëlze Konstruktioun och gäre Las Setas genannt, wat esou vill heescht wéi Champignonen. An effektiv huet sech de Berliner Architekt Jüren Mayer bei sengem Design um eukaryotesche Liewewiesen inspiréiere gelooss. Seng 6 Pilieren droen den nämlech d’Champignonskäpp, oder besser gesot den Daach, deen duerch seng véiereckeg Huelraim eng oppe Struktur duerstellt. D’Béi sollen dobäi un d’Kathedral vu Sevilla erënneren.
© David Franck / EUmiesaward19
Mat Dimensioune vun 150 Meter Längt, 70 Meter Breet an ëm 26 Meter Héicht gëllt de Metropol Parasol als gréisst hëlze Konstruktioun weltwäit. Wa mir elo scho beim Ëmfang sinn, da sollt ee wëssen, datt dëst Wierk mat senge 5 Etage Plaz fir eng Tapas Bar an ee Restaurant, ee Supermarché, eng Plaz fir Eventer an den Antiquarium Museum bitt. Wärend dem Bauen huet een nämlech réimesch Artefakte fonnt, déi een direkt mat integréiert huet.
Duerch 2 Lifter kann een déi verschidden Etagen erreechen a beispillsweis och een Tour iwwert den Daach maachen. De Panoramawee erméiglecht eng fantastesch Vue op d’Stad. Wärend uewe begeeschtert Visiteure stinn amuséiere sech ënnen d’Skateboarder an notzen d’Féiss vun de Sailen als Ramp fir hir Konschtstécker. Ass een also op der Sich no Adrenalin, eppes ze iessen oder einfach nëmmen e bëssi Schiet, dann ass een hei richteg opgehuewen.
© Fernando Alda / EUmiesaward19
Wärend enger urbaner Neistrukturéierung ass de Véierel La Encarnación reegelrecht zum Stëllstand bruecht ginn. Ëm 1990 huet d’Stad Sevilla schliisslech entscheet dës Géigend aus dem Schlof ze rappen an et huet ee sech fir … een ënnerierdesche Parking entscheet. Schnell huet een agesinn, datt sech dës Iddi net besonnesch vu Virdeel erwisen huet an esou ass 2004 ee Concours lancéiert ginn. Ästhetesch a modern Iddien si gesammelt ginn, fir neit Liewen an de Staddeel ze bréngen.
D’Decisioun, dem Jürgen Mayer säi Virschlag vum Metropol Parasol ëmzesetze, sollt sech als enorme Succès erausstellen. No 5 Joer Chantier konnt déi hëlze Konstruktioun 2011 ageweit ginn a gehéiert zu de 5 Finaliste vum Präis fir Zäitgenëssesch Architektur vun der Europäescher Unioun.
De Metropol Parasol ass op der Plaza de la Encarnación ze fannen an ka vu baussen natierlech zu all Moment bewonnert ginn. Wien een Tour iwwert den Daach maache wëll, dee bezilt 3 €. Sonndes bis Donneschdes ass op vun 10:00 bis 22:30 Auer, Freides a Samschdes souguer bis 23:00 Auer.
Opmaacherbild: © Hufton & Crow / EUmiesaward19