Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du den Zuchreseau?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du den Zuchreseau?

Bei all deene Linne kann ee schonn emol den Duerchbléck

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
Kultur Neiegkeeten

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.
Kultur Neiegkeeten

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

De 15. Juli zu Westbury (Long Island, NY) gebuer, huet

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Wien sech et zougetraut huet, konnt mam Bussar schaffen. Déi op eisem Bild hat gutt opgepasst an alles am Grëff. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Op mega Relax oder wéi hei als Lausbouwen um Tour fir d‘Welt onsécher ze maachen, e flotten Ament am Bottech vum Buedhaus ze verbréngen, dat deent engem gutt bis d‘déck Zéif. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Beim Esther (ganz lénks) an dem Stephan (ganz riets) vu whisky.lu gëtt net nëmme ganz exklusiven a virun allem héichwäerteg Whisky, nee hei gëtt een och ganz professionell beroden. Fir d‘Fans vu Whisky eng mat de beschten Adressen zu Lëtzebuerg. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
D‘Esther an de Wolfram Diehl, vun Yggdrasil. Hei gëtt et nieft vill interessantem Holzgeschir fir d‘Kichen an um Iessdësch, och mat déi flottste Kannerspillsaachen aus Holz. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Léift ass: „sech och um Useldenger Mëttelalterfest mat Häerzensloscht këssen“. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Wou de Wahnsinn regéiert, do ass d‘Gaukler-Duo „Pappenstyl“ net wäit ewech. De Kaspano (Jongleur) a säi Kumpan Kasimir (Spillmann) loossen Ae rullen an d‘Ouere schellen. Wäit iwwert d‘Käpp fléien d‘Knëppel, d‘Messer, Äppel an Eeër duerch d‘Luucht. D‘Pauken a Posaunekläng loossen de Buedem erzidderen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Kee Mëttelalterfest ouni d‘Trubadouren. Mat hire Lidder hunn d‘Jongen de Public op eng ongewinnten Zäitrees matgeholl. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Um Stand vu „Bare Brewing“ konnt ee sech dovunner iwwerzeegen, dat een aus Happ a Malz ganz lecker Béier zaubere kann. De President vun de Piraten, hei mat senger Fra, huet sech och net laang fléiwe gelooss, an sech vun der Qualitéit vun dësem héichwäertege Gedrénks iwwerzeegt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Beim Therakulix war eppes méi lass, wéi eigentlech iwwerall ronderëm d’Buerg, mee hei ware mir hänke bliwwen © Martine de Lagardère

D‘Mëttelalterfest vun Useldeng ass net dat eenzegt Fest a sengem Genre, mee eent vun de bekanntsten a bedeitenden am Ländchen. D‘Fest ass dann och all Joer extrem gutt besicht, woubäi engem zu Useldeng och wierklech eppes Gebuede gëtt. Et ass eng Zäitrees fir Jonk an Al…

An bei engem Evenement, datt engem d‘Liewen aus dem Mëttelalter a senge schéinste Faarwen opzeechent, da kritt e keng Zäit sech ze langweilen. Op der Buerg an op der Wiss laanscht d‘Attert waren d‘Ritter, d‘Kniecht, mee och déi „nobel“ Dammen aus dëser Zäit ze gesinn. Si hu fir zwee Deeg, den digitalen Zäitalter, géint déi „spartanesch“ Ëmstänn vum Mëttelalter getosch.

Do dernieft vill Stänn, vu Spillsaachen aus bis zur moudescher Kleedung aus vergaangen Zäiten. Et gouf Leckeres fir z‘Iessen an ze drénken, Holzspillsaachen, e Bussar dee mam Public interagéiert huet an de Buedhaus, wou een sech et an de Bottecher emol esou richteg gutt konnt goe loossen.

D‘Wieder huet trotz gudden Temperature kuerzzäiteg fir „schlecht Laun“ gesuergt, wéi um Samschdegowend eng Schauer fir Weltënnergangsstëmmung gesuergt huet. Et ass dann awer alles net esou schlëmm komm wéi een hätt kënne fäerten. Gutt Laun an Ënnerhalung waren Tromp, an den Organisateur, d‘Al-Härenequippe vum Fussball, dierft och mat der Editioun 2018 zefridde sinn.

Fotogallerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Al-Härenequippe, Mëttelalterfest, Useldeng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel