Search

You may also like

dislike
Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn
International Neiegkeeten

Google a Gmail sinn an engem Geriichtsprozess, deen e groussen Impakt op digital Entreprise kéint hunn

Den Internetgigant Google, a méi prezis säin e-Mail Service Gmail,

Endlech ass se do: d‘Citymap vun der Stad Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Endlech ass se do: d‘Citymap vun der Stad Lëtzebuerg

Si war scho méi laang ugekënnegt an elo ass se

Si wëllen eng Jughurtsfabrick
International Neiegkeeten

Si wëllen eng Jughurtsfabrick

Si gëllt als „Pärel vum Süden“, ass ee kulturellen Hotspot

Mëttelmier: Esou kann et net weidergoen

Nach ëmmer hoffe ronn 230 a Séinout gerette Bootsmigranten op zwee Schëffer op en sécheren Hafen.

Mëttelmier: Esou kann et net weidergoen

27 Mënsche waarde säit méi ewéi dräi Wochen um Frachtschëff “Maersk Etienne” an der Géigend vu Malta, huet d’ONGSea-Watch matgedeelt. Den däneschen Tanker huet d’Migranten de 4. August opgeholl, se gi gutt vun der Crew versuergt. Dorënner sinn och e Kand an eng schwanger Fra.

Allerdéngs ass den Tanker net fir Passagéier gebaut, an et brauch een eng international Léisung fir d’Migranten, seet d’Entreprise. De Kapitän vun der Maersk Etienne fuerdert d’Ausschëffe vu de 27 gerette Persounen. Hien deelt mat, datt eng Persoun souguer iwwer Bord wollt sprangen, d’Lag ass dramatesch.

[blockquote author=”Kapitän Volodymyr Yeroshkin” style=”1″]”Dat gëtt eis e Bild dovunner ewéi verzweiwelt dës Mënsche sinn, an datt se wierklech Hëllef brauchen. Si mussen esou schnell ewéi méiglech vu Bord!”[/blockquote]

No 31 Deeg léisst Malta se nach ëmmer net an den Hafen? Wéi e Verbrieche kënnt dono?

Déi gerette Persounen u Bord vun der #Etienne hunn e Bréif un de Kapitän geschriwwen. Hei e puer Zeilen:

“Léiwe Kapitän,

Mir soe Merci fir all dat Gutt wat Dir gemaach hutt. Dir weist Solidaritéit. Du bass eisen Held. Elo musst Dir fir eis eng Noriicht un d’EU schécken. Mir wäerten op all méiglech Weis zeréck an d’Waasser goen, well datt Maersk Etienne eis fonnt huet an onst Liewe gerett huet, huet si zu Verbriecher gemaach. Europäer brauchen eis net lieweg!”

Ausserdeem brauchen och dës Schëffer dréngend ee sécheren Hafen:

  • d’Louise Michel mat 89 Geretten
  • d’SeaWatch4 mat 202 Geretten

Flüchtlingslager – och hei brauch et eng Léisung

A Moria zu Griicheland gëtt et den éischte bestätegte Coronavirus-Fall. Ënner de katastrophal hygieneschen a medezinesche Bedéngungen ass dëse Virus eng enorm Gefor am Camp. Mat ongeféier 200000 Mënschen ass dëst dat gréisst Flüchtlingslager an Europa. Leider hält Solidaritéit bei deene Mënschen op, déi keen europäesche Pass besëtzen. Elo muss Europa handelen … Oder ass näischt maachen, déi einfachst Léisung fir politeschen Debatten aus dem Wee ze goen?

Fënneften Doudesdag vum Alan Kurdi

Den 2. September 2020 ass den syresche Jong un 2 Joer schonn s fënnef Joer laang dout. D’Bild vu sengem doudege Kierper um Strand vu Bodrun huet traureg Berühmtheet erreecht. Säin eelere Brudder Ghalib Kurdi (4 Joer) a seng Mamm Rehanna Kurdi sinn deen Dag och verstuerwen. Just de Papp Abdullah Kurdi huet dës Tragedie iwwerlieft.

Mahnwuecht op der Washinghtonplaz

Wéinst dëse fuerchtbaren Doudesfäll huet déi Regensburger Séinoutretter*innen vu Sea-Eye an zéng däitsche Stied Mahnwuechten ofgehalen. D’Berliner Autoritéioten hunn dat schonn s an der leschter Woch erlaabt. Tima Kurdi schwätzt iwwert den Doudesdag

Säit dem trageschen Ongléck kämpft d’Tima Kurdi, dem Alan seng Tatta, fir d’Rechter vu geflüchte Familljen, déi Schutz sichen. Dofir huet d’Famill och zougestëmmt, datt dem Sea-Eye säin neit Schëff, dem Ghalib Kurdi säin Numm droen däerf. An hirer Ried op der Washingtoner Plaz sot si: “I couldn’t save my family’s life. Let’s save the others“!

Related topics Humanitéit, Louise Michel, Maersk Etienne, Mëttelmier, MSF Sea, Sea-Eye, SeaWatch4, Seebrücke, Séinoutrettung, Solidaritéit, United4Rescue
Next post Previous post