Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen
fortnite custom matchmaking keys 2018 Neiegkeeten

good descriptive words for dating profile

E Freideg huet op der Handelskummer zu Lëtzebuerg déi traditionell

dating after starter marriage
fortnite custom matchmaking keys 2018 Neiegkeeten

Mord am Amazonas

De Paulo Paulino Guajajara, bekannt als Kwahu Tenetehar, ee Member

surprise
Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot
fortnite custom matchmaking keys 2018 Neiegkeeten

Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot

De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) konnt um Méindeg, no der

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?

Déi sougenannte „Migratiounskris“ an alles wat domatter zesummenhänkt, fänkt u säi gräisslecht Gesiicht ze weisen. Den europäesche „Gedanken“ an der Zerräissprouf? Schëffer vun zivillen Hëllefsorganisatioune gi vun alle Säite bedrängt, firwat aktuell net een eenzegt dovunner senger Missioun am Mëttelmier kann nogoen, wat de sécheren Dout fir honnerte Mënsche bedeit.

Fir d‘Rettung aus Séinout sinn, esou wëll et d‘Gesetz, d‘Länner zoustänneg, oder méi prezis ausgedréckt, d‘Küstewaache vun de Länner, déi an den hinnen zougewisenen Zone fir d‘Rettung aus Séinout zoustänneg sinn. Am Mëttelmier sinn dat der ëmmer manner, wat och soll derzou bäigedroen hunn, datt dëst Joer scho wäit iwwer 1.500 Mënschen am Mëttelmier erdronk sinn.

En traurege Bilan, besonnesch wann ee berécksiichtegt, datt d‘Zuele vun de Leit déi de beschwéierleche Wee iwwert d‘Mëttelmier untrieden, réckleefeg ass. Traureg och dowéinst, well all Schëff um Mier laut internationalem Séirecht, ugehalen ass Mënschen a Séinout Bäistand ze leeschten. Mee wou „kee Schëff ass, ka kee gerett ginn“, bedaueren d‘ONGen.

Wien d‘Ae verschléisst brauch kengem beim Erdrénken nozekucken

Eigentlech ass d‘Grenzschutzagence Frontex hei am Beräich vun der Rettung aus Séinout aktiv, an och déi vun der EU koordinéiert Mëttelmiermissioun „Sophia“ (EUNAVFOR MED), déi eigentlech Juegd no Schleiserbande maache soll, ass ugehalen, Leit a Séinout ze retten. Et ass dann och der schwiereger Situatioun virun der libescher Küst geschëlt, datt déi Missioune musse gefouert ginn.

Vill Hëllefsorganisatioun weisen drop hin, datt a Libyen Biergerkrich ass, an dat Land guer net déi néideg Mëttel huet, fir Mënsche a Séinout ze retten. D‘ONGen ënnersträichen dann och, datt déi libesch Küstewaach d‘Migranten – wat allerdéngs logesch, och wa verwerflech, ass – nees „zréck“ bréngen. Laut der UNHCR an de ONGen, gëtt et a Libyen kee „sécheren Hafen“.

Hat sech Italien nach mat der Missioun „Mare Nostrum“ staark am zentrale Mëttelmier a virun der libescher Küst agesat, esou ass d‘EU derbäi sech ëmmer méi aus der Verantwortung ze huelen. Hei mécht Bréissel sech d‘Saach einfach, a berifft sech op d‘Zoustännegkeet vun der libescher Küstewaach. Et ass ee „Vakuum“ entstanen, wat e sëllechen Hëllefsorganisatioune gekontert hunn.

Rettungsmissioune gi behënnert, Schëffer festgesat…

Well e virum Leed an der Nout d‘Aen net verschléissen dierf, hunn ëmmer méi ONGen sech agesat, an „eege“ Rettungsmissiounen duerchgefouert. An de leschte Wochen (mir hu Bericht) ass et awer ëmmer nees zu gréissere Schwieregkeete komm, well kee Land – an éischter Linn Italien a Malta – d‘Schëffer a seng Häfen alafe gelooss huet. Aktuell ass dann och keent vun de Schëffer operativ.

Um Beispill vun der Schëffer: „Aquarius“, „Sea-Watch III“, „Lifeline“, „Iuventa“, „Open Arms“ an den däitschen „Sea-Eye“ a „Seefuchs“ muss een d‘Situatioun verdäitlechen. Eng Situatioun déi Zweiwel opkomme léisst, op dat wat eis d‘Politiker „aller Couleur“ als europäesch Wäerter versichen anzetriichteren, wierklech esou Eescht gemengt ass, wéi vu Bréissel gleewe gedoe gëtt.

Esou befënnt sech am Ament nëmmen d‘Aquarius – dat vun den ONGe SOS Méditérranée an MSF bedriwwe gëtt – an internationale Gewässer virun Tunesien. D‘Schëff, dat eigentlech um Wee an den Hafe vu Marseille sollt sinn, wou „administrativ Problemer“ ze léise sinn, well et geheescht huet, datt een dem de Pavillon entzéie wëll. Begrënnung: d‘Aquarius ass kee Rettungsschëff.

Statt op Schleiserbanden, gëtt Juegd op Hëllefsorganisatioune gemaach

Laut der ONG, en zweiwelhaft Argument, ëmmerhin ass am internationale Séirecht verankert, datt all Schëff um Mier zu Rettung aus Séinout verflicht ass. Datt si hir Rees net a Richtung Marseille fortgesat hunn, ass dem Fait geschëlt, datt hinnen eng „Nossschuel a Séinout“ gemellt ginn ass. Si hunn sech op de Wee gemaach an déi fënnef Tunesier aus hirer mësslecher Lag befreit.

D‘Aquarius huet esouwuel Frankräich wéi Italien ëm Erlaabnes gebueden en Hafen dierfen unzefueren. Der „Demande“ vun der Aquarius ass bis ewell keent vun de Länner nokomm, esou datt d‘Schëff op e neits op oppenem Mier festsëtzt, a drop waart, seng human Fracht an engem sécheren Hafen dierfen ofzesetzen.

Bei der Sea Watch III, déi ënnert hollänneschem Pavillon segelt, huet déi maltesesch Regierung „Problemer mat der Registréierung festgestallt“, firwat d‘Schëff zanter Ufank Juli festgehale gëtt. Obwuel d‘Inspektere vun den hollänneschen Autoritéiten no hirer Iwwerpréiwung bestätegt hunn, datt alles seng Uerdnung huet, kann d‘Schëff net méi Auslafen. Malta huet nei Virwërf virbruecht.

Wann et mat deem enge maache kann, geet och mat deem aneren

Datselwecht Schicksal trëfft och op d‘Schëff Lifeline zou. Datt gëtt zur Zäit zu Valletta, och wéinst angebleche Problemer mat der Registréierung, festgehalen. Och d‘Schëff Lifeline fiert ënnert hollänneschem Pavillon. Laut der ONG sinn d‘Pabeieren an der Rei, mee déi maltesesch Autoritéite loossen sech mam Iwwerpréiwen Zäit.

Bei den zwee Schëffer, déi vun der ONG Sea-Eye fir Rettungsmissiounen Agesat ginn ass zum engen d‘Seefuchs – déi och zu Malta festgehale gëtt – an zum aneren d‘Sea-Eye – dat bei Tunis festgehale gëtt – de Problem méi eescht. Béid Schëffer sinn och ënnert hollänneschem Pavillon gesegelt, an hei hunn d‘Autoritéiten op Onregelméissegkeete bei der Registréierung higewisen.

Registréierungsproblemer huet d‘Schëff Iuventa, dat vun der Jugendorganisatioun „Jugend Rettet“ agesat keng. D‘Schëff ass vun den italieneschen Autoritéiten op Lampedusa beschlagnahmt ginn, a gëtt zu Trapani op Sizilien festgehalen. Der Schëffsmannschaft gëtt Virgeworf Bäihëllef zur illegaler Arees geleescht ze hunn. D‘ONG géif mat Schleiserbanden zesummeschaffen.

Europa muss sech fir eng global Léisung asetzen

D‘Schëff vun der ONG Proactiva Open Arms, läit zur Zäit am Hafe vu Barcelona. Déi lescht Informatioun zu dësem Schëff geet op de 14. August zréck, wou d‘ONG an engem Video weist, wéi d‘Schëff an den Hafen zu Barcelona aleeft. Op, a falls jo wéini, d‘Schëff nees fir eng Missioun agesat ka ginn, ass zur Stonn net gewosst.

Dat werft Froen op. Net genuch datt déi italienesch a maltesesch Regierungen, déi sech net genuch vun den EU-Memberlänner ënnerstëtzt fillen, konsequent de Zougank zu hiren Häfe verbidden. An Italien huet rezent esouguer engem Schëff vun der italienescher Küstewaach Deeg laang verbueden anzelafen. Hei gouf carrement domatter gedreet, d‘Migranten nees zréck a Libyen ze féieren.

Wann ee ka Versteesdemech hunn, datt d‘Länner am Mëttelmierraum net méi bereet sinn eleng déi ganz Laascht ze droen, esou sinn dës Entscheedungen onmënschlech. Et muss zu enger Léisung op EU-Niveau kommen. Eng schwiereg Entreprise, déi net nëmme vun de Länner aus de Visegrad-Grupp verhënnert gëtt, mee esou kuerz vun den Europawahlen als politescht Risiko gesi gëtt.

mat Indymedia

Ähnlech Sujeten Hëllefsorganisatiounen, Mëttelmier, Migratioun, Schëff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel