Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser
best hookup apps new york southern gentleman dating

dating hermes

D‘Sozialisten aus der Minettemetropole hunn et am Moment net liicht.

christmas gift ideas for dating couples
best hookup apps new york southern gentleman dating

Déi Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi populär, heescht et…

Schoulrentrée, datt ass net eppes datt nëmmen de Krapperten an

Rouegstellung duerch Medikamenter – Lëtzebuerger Zoustänn?
best hookup apps new york southern gentleman dating

Rouegstellung duerch Medikamenter – Lëtzebuerger Zoustänn?

Lescht Joer ass eng Frëndin an en Altersheim koum. D’Fra ass nach

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Rettungsschëff Mare Jonio ass gëschter zu Lampedusa agelaf

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun ONGen duerchgefouert ginn, gëtt et op neits Nouvellen. Gudder a Schlechter. Déi gutt: gëschter Owend konnt d‘Mare Jonio an den Hafe vu Lampedusa alafen a seng mënschlech Fracht u Land bréngen. Déi schlecht: déi ganz Schëffsequipage soll wéinst Bäihëllef zu illegaler Awanderung viru Geriicht gestallt ginn.

Et war scho laang däischter wéi d‘Schëff vun der ONG „Mediterranea“ an den Hafen agelaf ass, an eppes verwonnerlech, ugesiichts der Tatsaach, datt fir gewéinlech d‘Schëffer, déi Flüchtlingen aus Séinout retten, Deeglaang um Mier „festgehale“ ginn. An och am Fall vun der Mare Jonio, hat den italieneschen Inneminister gefuerdert dës Mënschen zréck no Libyen ze transportéieren.

„Do gi se medezinesch versuergt, erniert a erhale Gezei. Do kréien se all benéidegt Ënnerstëtzung. Op italienesche Buedem wäerten se mat menger Erlaabnes kee Fouss setzen“, esou dem Matteo Salvini en Dënschdeg de Moien. E puer Stonnen drop huet den Inneminister dunn awer dem Schëff d‘Erlaabnes ginn en italieneschen Hafen unzelafen. An dat huet e gudde Grond…

Kriminaliséierung vun Hëllefsoperatiounen

Et huet keng „humanistesch“ Ursaach, datt de Matteo Salvini, der Mare Jonio erlaabt huet zu Lampedusa an den Hafen anzelafen. Esou huet de Procureur vun Agrigent eng Ermëttlunge wéinst méiglecher Begënschtegung vun illegaler Awanderung ageleet. Dorops hin huet den Inneminister op Twitter gemengt: „Dat ass richteg. Wie Feeler mécht muss dofir bezuelen“. Rettung als Feeler?

De Virworf – esou richteg wéi onberechtegt – deen am Raum steet: d‘ONG hätt 49 Flüchtlingen an der libescher Rettungszon opgegraff, sech den Uweisunge vun der libescher Küstewaach widdersat an trotz dem däitleche Verbuet, d‘Mënschen an italienesch Gewässer iwwerfouert. Dat ass staarken Tubak, mee streng rechtlech betruecht, absolut konform mat der italienescher Legislatioun.

 

Mëttelmier

Trotz allem sinn se bei der ONG „Mediterranea“ erliichtert. Erliichtert doriwwer datt déi Leit déi si aus dem Mier gefëscht hunn elo a Sécherheet sinn. Sécher misst ee bedaueren, datt déi italienesch Autoritéiten d‘Schëff beschlagnahmt hätten, mee et schéngt eng zouversiichtlech, datt dës Moossnam nëmmen temporär ass, an d‘Justiz d‘Sënnhaftegkeet vun hirer Missioun unerkennt.

De Salvini gëtt och vun der Justiz bedrängt

Do sollt e sech net esou sécher sinn. Géint d‘ONG kéint déi nei Richtlinn zur Séinoutrettung – déi gëschter quasi „iwwer Nuecht“ erauskomm ass – ugewannt ginn. Laut dëser Richtlinn, gefäerde Verantwortlecher vun ONGen déi staatlech Uerdnung a Sécherheet, wann si an de Rettungszone vun anere Länner Mënschen ophuelen, fir déi no Italien ze iwwerstellen.

Vun dëser neier Richtlinn sinn se bei „Mediterranea“ iwwerrascht ginn, a betounen dovunner näischt gewosst ze hunn. Déi ass awer explizit, an sollt d‘Justiz sech dorunner halen, da riskéieren d‘Membere vun der ONG Prisongsstrofe wéinst Mënscheschmuggel. Mee d‘ONG steet net eleng am Fokus vun der Justiz. Och de Matteo Salvini kéint sech misse viru Geriicht veräntwerten.

Haut gëtt am Senat doriwwer ofgestëmmt op seng Immunitéit opgehuewe gëtt. Ass dat de Fall, misst hie sech zu Catania viru Geriicht wéinst Fräiheetsberaubung rechtfäerdegen. Dat well hien am leschte Summer entscheet hat, d‘Flüchtlingen net vun der Diciotti u Land ze loossen. Elo gëllt et als onwahrscheinlech, datt ausser der Oppositioun, een dem Matteo Salvini géif den Dicks béien.

mat indymedia/rom/trt

Foto: © Mich Seixas/ONG Mediterranea

Ähnlech Sujeten Italien, Libyen, Matteo Salvini, Mëttelmier, ONG Mediterranea
Nächsten Artikel Virrechten Artikel