Search

You may also like

De Picadilly féiert net virtuell mee hëlt de Bus
Neiegkeeten

De Picadilly féiert net virtuell mee hëlt de Bus

Eigentlech fënnt de Picadilly – dat grousst Wäifest – zu

Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll
Neiegkeeten

Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll

Wéi d’Police matdeelt ass et an de leschten zwee Deeg

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!
Neiegkeeten

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!

Wéi d‘Gewerkschaft LCGB an engem Communiqué matgedeelt huet, huet déi

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

D‘Rettung vu Mënschen a Séinout geet weider… allerdéngs ouni Schëffer

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP) keng liicht Aufgab, an hien – deem een ouni rout am Gesiicht ze ginn dierf ënnerstellen, datt humanistesch Wäerter säin Dada sinn – krutt elo (8. Abrëll) vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) zolidd Virwërf gemaach.

Doranner heescht et, datt Lëtzebuerg averstane wier, d‘Missioun Sophia – déi den Optrag huet d‘Migranten am Mëttelmier ze retten – ze beendegen. Net déi ganz fein Aart a Weis, engem vun de wéinegen nach wäitsiichtege Politiker hei am Land den Dicks ze béien. Et dierf drop higewise ginn, datt hien nach e Sonndeg dem Kapitän vun der ONG Lifeline, de Kopelew-Präis iwwerreecht huet.

Elo konnt eisen Ausseminister esou eng Äusserung net einfach am Raum stoe loossen, an huet sech geduecht, „fro emol no, wat déi eigentlech genee wëllen“. Gesot a gemaach, kritt hien zur Äntwert, datt dëse Communiqué geduecht war, hien ze ënnerstëtzen. Et gëtt Ënnerstëtzung déi een esou wéi hei net brauch, a wann dem Jean Asselborn de Versteesdemech abhande kënnt, ass et novollzéibar.

Wann een och net mat allem kann oder wëll averstane sinn, wat de Minister ëmmer esou vu sech gëtt, esou ass et erwisen datt hie schonn ëmmer eng Lanz fir d‘Migrante gebrach huet, an sech och entspriechend fir den Erhalt vun der Missioun Sophia agesat huet. A ganz krass gëtt et wann do Mënsche behaapten hien hätt zu Bréissel mat ofgestëmmt. Dat ass erwisenermoossen net de Fall.

Net alles duerchenaner geheien

D‘Entscheedung d‘Missioun Sophia anzestellen ass um Niveau vun den Ambassadeure getraff ginn. An d‘Prioritéit vun der Missioun Sophia war et och net Mënschen ze retten. Si ass 2015 an d‘Liewe geruff ginn, fir de Passeuren an/oder Mënschenhändler hiert Geschäftsmodell futti ze maachen. Dat ass elo eriwwer, an et geet nëmmen nach aus der Loft iwwerwaacht, an dat nëmme bis September.

Sophia

„Esch hu meng Ried viru 600 Leit gehalen, an ech gouf invitéiert wéinst mengem Engagement géintiwwer de Migranten. (…) De Kapitän Claus-Peter Reich weess zudeem datt Sophia net do ass fir Mënschen ze retten, mee mir werft e vir de Missioun-Stopp net verhënnert ze hunn“, esou de Jean Asselborn, deen als Festriedner der ONG Lifeline e Sonndeg de Kopelew-Präis iwwerreecht huet. © Kreissparkasse Köln

Elo konnten d‘Schëffer vun der Missioun Sophia natierlech d‘Leit net einfach erdrénke loossen, an déi hunn dann och 2018 eng 45.000 Migranten aus dem Mëttelmier gefëscht. An dat ass den eigentleche Grond firwat sech Lëtzebuerg agesat huet, fir d‘Missioun Sophia Weiderzeféieren. Dat awer wollt d‘Majoritéit vun de Memberlänner grad just net, an eigentlech sollt ganz Schluss sinn.

An esou stellt de Jean Asselborn erniichtert fest: „Et huet missen e Kompromëss fonnt ginn, oder déi ganz Missioun wier faktesch op Enn gaangen. Deem wat Lëtzebuerg zougestëmmt huet, entsprécht deem wat a leschter Instanz nach ze rette war. Elo gëtt d‘Missioun aus der Loft nach bis September weidergefouert, a Lëtzebuerg finanzéiert hei zwee Fliger“. Méi war net ze erreechen.

Konflikt a Libyen – Populismus an Europa

A wann ee scho mam Fanger op e schëllege weise wëll, sollt ee sech net un der Persoun iren, mee déi mam Numm nennen, déi fir de Misär verantwortlech sinn – dozou gehéiere selbstverständlech och d‘Passeuren an d‘Mënschenhändler. Zudeem sinn d‘Zuele vun de Migranten déi hiert Liewen op d‘Spill setze fir Gewalt an Aarmut ze entfléien, drastesch zréckgaangen, déi domm Spréch net.

Wat allerdéngs déi stänneg Fuerderung vun Italien (an aneren) ubelaangt, déi opgegraffe Migranten nees zréck no Libyen ze féieren, dat muss d‘EU sech nach emol iwwerleeën. Zu Bréissel konnten si bis ewell gutt d‘Ae virum Mëssbrauch, Folter, Sklaverei an anere Sauereien – déi den Alldag a libesche „Lager“ bestëmmen – verschléissen, mee säit enger Woch herrscht nees Biergerkrich.

De Populisten ass dat egal, déi wëlle kee méi gesinn ukommen, behaapten d‘ONGen déi mat Schëffer am Mëttelmier ënnerwee sinn, géife mat de Passeuren a Mënschenhändler Geschäfter bedreiwen. Et ass jo näischt ausgelooss ginn, fir Rettungsmissiounen onméiglech ze maachen. Dorausser ergëtt sech, datt net de Jean Asselborn d‘Wuerzel vun allem Iwwel ass, oder?

Bild: Miros Karski/Pixabay

Related topics Jean Asselborn, Kopelew-Präis, Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, Mëttelmier, Migratioun, Missioun Sophia
Next post Previous post