Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer
International Neiegkeeten

adr-Fraen: iwwert d’Orange Week an haislech Gewalt géint Männer

Gewalt doheem ass een dramatesche Phänomen an d’Sensibilisatioun fir dëse

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!
International Neiegkeeten

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!

Viru kuerzem huet ILNAS, déi sech ëm Qualitéit, Sécherheet a

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 5
International Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 5

Wéi gutt kenns du deng Gemengen oder d‘Landkaart am allgemengen?

Mëttelmier: Spuenescht Séinoutrettungsschëff dierf Italien ulafen

Mat iwwer 360 gerette Flüchtlingen dierf d‘Open Arms den sizilianeschen Hafen zu Pozallo ulafen

Mëttelmier: Spuenescht Séinoutrettungsschëff dierf Italien ulafen

Well de fréieren italieneschen Inneminister a Patron vun der faschistescher Lega Nord, Matteo Salvini dës Schëff d‘lescht Joer am August „blockéiert“ hat, dreet him elo e weidert juristescht Verfare wéinst Fräiheetsberaubung. Roum geréit doriwwer eraus, wéinst engem „Deal“ mat Libyen ëmmer méi an d‘Kräizfeier vun der Kritik.

D‘Informatioun vun der ONG „Seebrücke“, datt d‘Open Arms elo de sizilianeschen Hafe vu Pozallo ulafen dierf koum gëschter Owend via Twitter. Laut der Organisatioun sinn 363 Mënschen, déi si an internationale Gewässer opgegraff hunn, u Bord vum Schëff. Malta hat der Open Arms d‘Erlaabnes unzeleeë verweigert. Europa beweist och weiderhi kaum Zesummenhalt.

MëttelmierA während ee sech freeën dierf, datt Roum am presente Fall eppes méi Humanitéit beweist, huet de Matteo Salvini, wéinst grad dësem Schëff, eppes huddel mat der Justiz. Him dreet nämlech en zweet Verfaren, nodeems hien am August 2019 d‘Opens Arms blockéiert huet. Him soll dann och elo wéinst Fräiheetsberaubung de Prozess gemaach ginn. Den Antrag ass him zougestallt ginn.

Net wierklech e Grond fir de Chef vun der Lega Nord beonrouegt ze sinn. Als Deputéierte genéisst de Matteo Salvini Immunitéit an huet schonn emol annoncéiert, datt hie sech net géif vun esou „Banalitéiten“aschüchtere loossen. Woubäi den Antrag zur Ophiewung vu senger parlamentarescher Immunitéit duerchaus Aussiichten op Erfolleg huet. Et ass jo och net den éischte Versuch…

Besteet eng Chance op e Prozess?

Wat de Matteo Salvini ugeet, esou ass schonn den drëtte Fall, an deem staatlech Ermëttler wéinst dem „Verbuet Schëffer mat aus Séinout gerette Flüchtlingen/Migranten an italienesch Häfen alafen ze loossen“ versiche géint de fréieren Inneminister virzegoen. E Geriicht zu Palermo huet dem Senat zu Roum den Antrag zur Ophiewung vun der parlamentarescher Immunitéit zougestallt.

Mëttelmier

© Open Arms / via Seebrücke Ffm

Am Fall deen d‘Geriicht zu Palermo beschäftegt, geet et ëm de Virfall aus dem August2019, wou de Matteo Salvini d‘Schëff vun der spuenescher Hëllefsorganisatioun dräi Woche laang blockéiert huet iert dëst zu Lampedusa huet dierfen uleeën. Knapp eng Woch méi spéit ass d‘Koalitioun tëscht der Lega Nord an dem Movimento 5 Stelle opgeléist ginn. Zu Neiwahle sollt et awer net kommen.

D‘Ophiewe vum Lega-Chef senger „Immunitéit“ war schonn am Mäerz 2019 gefuerdert ginn, datt wéinst der „Blockade“ vum Schëff „Diciotti“. Eng bosseg Ugeleeënheet, ëmmerhin ass d‘Diciotti ee Schëff vun der italienescher Küstewuecht. De Senat zu Roum hat hei awer zu Gonschte vum Matteo Salvini entscheet. Elo muss sech de Senat den 12. Februar op en Neits entscheeden.

MëttelmierHeibäi geet et dann och nees ëm ee Schëff vun der italienescher Küstewuecht, dat am Summer 2019 festgehale gouf, a wou 141 Flüchtlingen/Migranten deeglaang hunn aushale mussen, iert se da schlussendlech awer – wéi bei eigentlech alle Fäll virdrun – u Land gelooss goufen. D‘Schëff „Gregoretti“ gouf esou laang festgehale bis EU-Länner sech verflicht haten d‘Leit opzehuelen.

Den Deal mat de Libyer

Um haidege Sonndeg gëtt de d‘Ofkommes tëscht Libyen an Italien verlängert, mat deem de Kampf géint déi illegal Migratioun iwwert d‘Mëttelmier geregelt gëtt. Dëst Ofkommes war virun dräi Joer fir d‘éischt ënnerzeechent a vu Mënscherechtsorganisatioune schaarf veruerteelt ginn, well et hei drëms gaangen ass, datt déi libesch Küstewuecht d‘Leit zréck an e Biergerkrichsland bruecht hunn.

E Freideg huet d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International (AI) dozou erkläert: „Andeem déi libesch Autoritéiten dobäi ënnerstëtzt ginn d‘Iwwerfaarten ze stoppen an d‘Mënschen a Libyen ze behalen, huet sech Italien matschëlleg gemaach“. Hei gëtt trotz der Eskalatioun vum Konflikt a Libyen eng Decisioun geholl, déi géint internationaalt Recht an UN-Vereenbarunge verstéisst.

An de leschten dräi Joer, esou Amnesty International, sinn iwwer 40.000 Mënschen zréckgefouert ginn. Mee net nëmmen AI ass „veriergert“. Och d‘Mënscherechtskommissärin vun der EU, Dunja Mijatovic, huet den Deal veruerteelt a réit Italien d‘Zesummenaarbecht mat der libescher Küstewuecht anzestellen, zumindest esoulaang wei déi d‘Mënscherechter net garantéiere kann.

Och MSF huet d‘Erneierung vum Ofkommes denoncéiert. Säitens dem Flüchtlingswierk vun der UNO (UNHCR) ass gewosst, datt d‘Vereenten Natiounen hir Aarbecht an engem libesche „Sammelzentrum“ zu Tripolis huet missen astellen. Déi libesch Haaptstad ass zanter Méint staark ëmkämpft a Mëttlerweil ginn et ëmmer méi Acteuren, déi sech an de Konflikt agelueden hunn.

mat indymedia/rom

Ähnlech Sujeten Flüchtlingen, Fräiheetsberaubung, Immunitéit, Italien, Matteo Salvini, Mëttelmier, Migranten, Open Arms, Seebrücke, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel