Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen
International Neiegkeeten

older dating australia login

Esouwuel dem US-President säin Haussender Fox-News wéi och CNN hu

speed dating colocation
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht huet elo e koordinéiert Verkéiersreglement

Um Freideg huet zu Esch-Uelzecht eng aussergewéinlech Gemengerotssëtzung ginn, nodeem

money
Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht
International Neiegkeeten

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

E Freideg hat de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), der Finanz-

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?

E Samschdeg war e Schëff vun der däitscher ONG „Sea-Eye“ op der Sich no engem Hafen, wou si hir 17 Migranten, déi se am Virmëtteg aus dem Mëttelmier gefëscht haten, kéinten ofginn. Dat selwecht Schicksal erlieft och d‘Schëff vun der ONG „Sea-Watch“, déi schonn den 22. Dezember 32 Migranten aus hirer mësslecher Lag gerett hunn.

Um Virmëtteg hat d‘Schëff „Professor Albrecht Penk“ (PAP), dat ënnert däitschem Pavillon navigéiert a vu Sea-Eye gechartert gouf, hat den 21. Dezember den Anker geliicht a sech an d‘Mëttelmier beginn. Bei senger 1. Missioun huet d‘Crew vun der PAP 16 Männer a Frae, gerett, déi zesummegepercht op enger Nossschuel an ouni Provisioune, d‘Mier iwwerwanne wollten.

„Hir Embarcatioun huet sech 27 Séimeile vun der Küst befonnt, an aus eegener Kraaft wieren si néierewou ukomm“ erkläert e Spriecher vun der ONG. Sea-Eye bedeelegt sech zanter 2015 un de Rettungsaktioune virun der libescher Küst, dat mat zwee eppes méi klenge Schëffer, der Sea-Eye an der Seefuchs. Bis Haut soll d‘ONG 14.378 Mënsche virum erdrénke gerett hunn.

Europa: chrëschtlech Wäerter op déi en houfreg ass?

Zur selwechter Zäit navigéiert d‘Sea-Watch 3 tëscht Malta a Lampedusa. Si huet 32 Migranten u Bord. Déi waren den 22. Dezember gerett ginn, an ënnert hinne befannen sech dräi kleng Kanner, dräi onbegleete Jugendlecher a véier Fraen. Si komme vun der Elfebeeküst, Nigeria a Libyen. Bis ewell huet sech nach kee Land a keng Autoritéit „zoustänneg“ erkläert.

En Donneschdeg hat d‘Sea-Watch 3 e Kurs a Richtung Süden ageschloen, nodeems dem Kapitän eng an Nout geroden Embarcatioun gemellt gouf, op där sech 70 Persoune befanne sollten. D‘ONG huet gëschter bedauert: „Mir hunn zwee Deeg laang ouni Erfolleg no dëser Embarcatioun gesicht. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn eis net heibäi ënnerstëtzt“.

Interessant och, datt wann d‘EU-Wäertergemeinschaft sech ëmmer op seng reliéis berifft, sech als Solidargemeinschaft presentéiert, dat net wierklech eescht gemengt ass. Italien (déi es och mat der europäescher Solidaritéit genuch hunn), Spuenien an Holland, wëllen d‘Sea-Watch net alafe loossen. Eng Rei däitsch Stied hu sech bereet erkläert d‘Leit opzehuelen, ass awer net esou einfach.

E Spriecher vun der däitscher Regierung, dee vun der AFP kontaktéiert ginn ass, huet erkläert, datt Däitschland d‘Migrante vun der Sea-Watch nëmmen dann ophëlt, wann och aner EU-Länner sech bedeelegen. Esou wéi dat scho gemaach ginn ass, zanter Italien am Juni seng Häfen offiziell fir d‘Schëffer vun den ONGe gespaart huet. Et géif grad verhandelt, eng Léisung wier gräifbar…

mat AFP

Foto: D‘Fuerschungsschëff „Professor Albrecht Penk“ ass den däitlech gréisseren Nofolger vun der Seefuchs an der Sea-Eye. Als éischt zivilt Séinoutrettungsschëff fir d‘Mëttelmier huet et den däitsche Pavillon. D‘ONG Sea-Eye erhofft sech vum däitsche Pavillon en däitlech besseren diplomatesche Schutz, wéi mam hollännesche Pavillon. © T.Roll/MarineTraffic.com

Ähnlech Sujeten Euroopa, Mëttelmier, Migranten, Sea-Eye, Sea-Watch, Séinoout
Nächsten Artikel Virrechten Artikel