Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Money Neiegkeeten

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg

Gëschter war um Härebierg déi alljäerlech traditionell Veillée de Noël. Präsent

„D’Zuele sinn net alarmant, mee mir mussen oppassen!“
Money Neiegkeeten

„D’Zuele sinn net alarmant, mee mir mussen oppassen!“

Nom Regierungsrot vun haut de Moien hunn de Premierminister Xavier

Killerlizenz fir d‘USA
Money Neiegkeeten

Killerlizenz fir d‘USA

Datt d‘Ermordung vum iranesche Generol Quassem Soleimani Vëlkerrechtswiddreg war dat

money

Mëttelstandsministère maximal gefuerdert

De Lockdown, seng Folgen an eng Regierung déi beméit ass den ekonomesche Schued a grenzen ze halen

Mëttelstandsministère maximal gefuerdert

Ee vun den am häertste betraffene Secteuren am Kontext vun der Sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, ass mat Sécherheet den Tourismussecteur. Ee Secteur, deen nach esoubal net wäert reaktivéiert ginn. Op Reesen, esouvill ass gewosst, sollt een sech dëst Joer net astellen…

Wärend déi Betriber mat Restaurant zumindest nach Iessen ausser Haus liwwere kënnen, gesäit fir déi meeschte Restauranten a Bistroe ganz moer aus, fir d‘Hotellerie ass et carrement eng richteg Katastroph. Datt de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) eis alleguerten oprifft, wa méiglech bei deene Restaurateuren Iessen ze bestellen, déi dëse Service ubidden, kann eleng d‘Léisung net sinn.

An och wann et méiglecherweis kéint nom 11. Mee esou eppes wéi een Neistart ginn, esou bleift ze klären, ob ee Patt huelen, oder e Maufel iesse goen, sech mat Oplage bewierkstellege léisst. Fir d‘Hotelieren dierft de Problem net esou einfach ze léise sinn. Si sinn op den Tourist ugewisen, dee wou Vakanz mécht wéi déi wou aus geschäftleche Grënn kommen… just datt keng kënne kommen.

Datt de Lex Delles de ville Geschäftsleit déi op Uerder vun der Regierung hir Dieren hu missen zou maache Merci seet, datt ass dat eent. Datt hien all déi felicitéiert, wou zumindest hir Vente iwwert d‘Portal lëtzshop.lu konnten organiséieren, dat ass flott, wäert awer – esou vill Anstand sollt een hunn an et och däitlech soen – net all mëttelstänneg Entreprise iwwert d‘Dauer vun der Kris retten.

Et feelt nach eppes u Kloertext

Et huet dann och näischt domadder ze dinn, datt net géif genuch gemaach ginn. Um Ministère ass all verfügbare Beamte mat der Instruktioun vun den Dossiere beschäftegt. An do léisst och keen no 8 Stonnen „de Bic falen“, och si kämpfe géint Zäit a setzen sech flichtbewosst a motivéiert fir all déi Leit an déi hir Hëllef brauchen, fir net ze soen drop ugewise sinn. An d‘Zuele bestätegen dat.

Um Ministère sinn, esou de Mëttelstandsminister 26 Mataarbechter just mat de 16.000 Dossiere fir d‘Hëllef bis 5.000 Euro beschäftegt. E ganze Batz konnt bannent fënnef Schaffdeeg ausbezuelt ginn, mee d‘Demande komme weider eran an esou muss ëm eppes Gedold gebiede ginn. Hei gëtt op „Uschlag“ geschafft fir ze erhalen an ze retten, wat méiglech ass. An et ass net fir labber loossen.

Et stinn nieft den Aarbechtsplazen och Existenzen um Spill, natierlech net nëmmen am Tourismus, oder allen deem unhänglechen Déngschtleeschtungen. Wann et richteg ass sech iwwert déi „nei Normalitéit“ ze ënnerhalen an déi och „virzebereeden“, esou muss elo awer esou lues och Gedanke gemaach ginn, wat ee mat all deene Mënsche mécht, déi dës Kris net wäerten iwwerbréckt kréien.

Illustratioun: © Jonathan Larson / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Gastronomie, Lex Delles, Mëttelstandsministère, Sanitär Kris, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel