Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta
matchmaking slamm java dating games

online dating hamburg kostenlos

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff

dating a very emotional man
matchmaking slamm java dating games

Aggressiivt Feier zu Gran Canaria: Dausende Mënsche goufen evakuéiert!

De Bëschbrand op der Insel Gran Canaria ass weiderhin net

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!
matchmaking slamm java dating games

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!

E Mëttwoch 27. Februar, huet den Aarbechtsminister, Dan Kersch (LSAP)

Metz: Wéi déi giel Gileten Angscht verbreet hunn

Metz: Wéi déi giel Gileten Angscht verbreet hunn
© Shari Pleimelding /moien.lu
Metz: Wéi déi giel Gileten Angscht verbreet hunn
© Shari Pleimelding /moien.lu
Metz: Wéi déi giel Gileten Angscht verbreet hunn
© Shari Pleimelding /moien.lu

Et kann ee vu Gléck schwätzen, datt um vergaangene Samschdeg zu Metz keng gravéierend Schied entstane sinn. D’Manifestatioun vun 1.200 Gilets Jaunes zu Metz huet vir eng siwente Kéier Frankräich a grouss Onrou versat.

Schonn um fréie Mëtteg huet d’Police eng Rei Stroossen an der franséischer Stad blockéiert, fir esou d’Sécherheet vun den Awunner an Touristen ze garantéieren. Kuerz drop ass de Cortège duerch d’Stroossen an d’Place d’Armes gezunn. Bis op Gejaitz a Gepäifs ass den Nomëtteg roueg verlaf.

Am fréien Owend sinn d’Gemidder erhëtzt, dausende Gilets Jaunes protestéieren, deels vermummt mat Masken a Kaputzen. Wien gemitterlech de Chrëschtmaart besiche wollt, konnt sech aus dem Kapp schloen iwwert d’Autobunn nees zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. D’A31 gouf total blockéiert, ee Mëttel fir d’Ännerungen an der Politik ze erzwéngen.

Generell kann een awer soen, datt d’Manifestatioun zu Metz, anescht wéi beispillsweis zu Paräis, relativ friddlech iwwert d’Bühn gelaf ass. Zwar hunn si mat Päifen, diversen Ausriff, Feier a Signalrakéiten een onwuelt Gefill ausgeléist. Trotz allem war méi Angscht, wéi Aggressivitéit a Roserei am Spill.

Un dësem Dag sinn 8 Persoune verhaft ginn, Blesséiert gouf awer keen. Grouss Schied konnte glécklecherweis och keng festgestallt ginn. Beim Metzer Gemengenhaus ass d’Entrée mat Faarf verknascht ginn, ee Geldautomat gouf zerstéiert Pottoen a Pavesstäng goufen aus dem Buedem gerappt.

Ähnlech Sujeten A31, Emmanuel Macron, gilets jaunes, Manifestatioun, Metz, Place d'Armes, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel