Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ungarn fält nees aus der Roll
https://moien.lu/dating-sites-asking-for-itunes-card/ Neiegkeeten

https://moien.lu/definition-of-tinder-hookup/

Europa muss de Viktor Orban wéinst enger anti-Awanderungscampagne an dem

dodger and jesse dating
https://moien.lu/dating-sites-asking-for-itunes-card/ Neiegkeeten

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

Am Sudan stinn zanter Wochen d‘Zeechen op Stuerm, an d‘Vollek

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?
https://moien.lu/dating-sites-asking-for-itunes-card/ Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?

No der Verëffentlechung vum UN-Bericht, am Kontext vun der Ermordung

Meuterei op der MS Däitschland: d‘Kanzlerin op Krichsfouss mam Inneminister

Meuterei op der MS Däitschland: d‘Kanzlerin op Krichsfouss mam Inneminister

De „rietse“ Flillek vun der däitscher Regierungskoalitioun wëll der Bundeskanzlerin Angela Merkel (CDU) um haidege Méindeg en Ultimatum stellen. Gefuerdert gëtt eng Aschränkung vum Accueil vun de Migranten op der Grenz.

Sollt si der Fuerderung net nokommen, kéim et zur politescher Kris. „Et ass haut den Dag wou sech d‘Zukunft vum Angela Merkel an der Regierung entscheet“ heescht et an der BILD, der am meeschte verkaaften Zeitung an Däitschland.

An datt deem esou ass, sollt en Europa opmierksam verfollegt ginn. Zum gläichen Ament nämlech, hunn déi vu Malta an Italien ofgewise 629 Migrante vun der MS Aquarius endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss. Spuenien hat dem Schëff erlaabt zu Valencia an den Hafen ze kommen.

Et ass dann och e Beispill, mat deem illustréiert gëtt, wat een en enger Wirtschaftsunioun ënnert der Bezeechnung „Solidaritéit“ versteet. An och wann d‘Fro zu de Migranten den Haaptsujet vum nächsten Europarot (28. an 29. Juni) ass, esou schéngt ersiichtlech, datt keen eng Äntwert huet.

„Wir schaffen das!“

2015/16 huet Däitschland eppes iwwert eng Millioun Migranten opgeholl. Dat huet all deenen, déi eng einfach Äntwert op eng komplex Fro virzéien, d‘Bok vum Gesicht gerappt. An d‘Resultat huet sech dann och direkt politesch bemierkbar gemaach, an dëse Mouvement berouegt sech och net.

De Faschismus an den Haass op alles wat engem Friem ass, huet sech, dank populistescher a scheinbar einfache Léisunge, breet gemaach. D‘Alternativ fir Däitschland (AfD), rietsextrem, homophob a friemefeindlech, konnt dat politesch notzen, a sech als stäerkst Oppositiounspartei am Bundestag (mee och a ville Bundeslänner) eng fest Plaz sécheren.

Mee och an de sougenannte „Volleksparteien“ huet dem Angela Merkel säin „Wir schaffen das!“ fir zolidd Gestreits gesuergt. Besonnesch staark bemierkbar mécht sech dëse Phenomen an de Reie vun der konservativer Koalitioun vu CDU/CSU. Dëse Sträit huet dann elo en neien Héichpunkt erreecht.

Esou ass et dann och d‘CSU, déi sech elo scho fir d‘Landeswahlen a Bayern (14. Oktober) wëll oder muss positionéieren, déi d‘Cheffin ënner Drock stellt. D‘CSU wëll d‘Schrauf vun däitscher Migratiounspolitik „bäidréinen“, woumatter ganz kloer d’Koalitioun op d’Spill gesat gëtt.

Zil vun der CSU: all Migrant direkt op der Grenz zréckweisen, dee schonn an engem aneren europäesche Land „registréiert“ ginn ass. Am Kloertext bedeit dat näischt anescht, wéi datt de Problem soll vun Italien oder Griicheland gedroe ginn, well d’Leit nu emol do ukommen.

Déi europäesch Erausfuerderung

Fir d’Angela Merkel ass d’Fuerderung vun der „Schwësterpartei“ keng Optioun. Si huet Angscht, datt esou eng isoléiert Initiativ just derzou ka bäidroe Chaos ze stëften. Zudeem géif et alle Gespréicher virgräifen, déi virgesi sinn, fir an der EU zu enger gemeinsamer Léisung ze fannen.

„Et handelt sech hei ëm eng europäesch Erausfuerderung, déi och eng europäesch Äntwert verlaangt“, esou d’Bundeskanzlerin, déi dann och nach gewarnt huet, datt „déi europäesch Kohäsioun um Spill steet“.

En Avis dee vun der CSU net gedeelt gëtt. Si steet a Bayern viru schwierege Walen, wou d’AfD bei de Wieler mat hirer „Anti-Migratioun Politik“ an anere populistesche Programmpunkte gutt ze behaapte schéngt. D’CSU gesäit et net gären, an dorausser maachen si keen Heel, datt sech eng Partei „riets“ vun hir opstellt.

Esou huet dann och hir Gedold mat der Kanzlerin eng Grenz erreecht. D’CSU mécht dem Angela Merkel de Virworf vill de Lax ze sinn. De Virstand vun der CSU trëfft sech dann och haut zu München, a bei dëser Sëtzung soll dem Horst Seehofer, dee jo och de Bundesinneminister ass, d’Erlaabnis kréien, d’Kanzlerin erauszefuerderen, an d’Zréckweisung op der Grenz duerchzesetzen.

Meuterei op der „MS Däitschland“

De Fall gesat, den Horst Seehofer géif „säi Programm“ direkt ëmsetzen, dann hätt d’Angela Merkel keen anere Choix, wéi hien ze entloossen. Dat géif gläichzäiteg d’Enn vun der grousser Koalitioun (GroKo) bedeiten, déi virun dräi Méint, ni villem hin an hir, zustane komm ass.

Allem Uschäin no, schéngt den Inneminister awer gewëllt, der Kanzlerin zwou Woche Bedenkzäit zouzegestoen. Dat géif hir dann d’Méiglechkeet bidden, beim EU-Sommet Enn Juni en Accord ze verhandelen, deen d’Zréckweisung vun de Migranten op der Grenz géif erméiglechen. Geléngt hir dat net, huet Däitschland eng zolidd politesch Krise.

„Et ass wesentlech, datt den EU-Sommet endlech eng Entscheedung trëfft“, huet den Horst Seehofer an enger vun der FAZ verëffentlechter Chronik gewarnt. „D’Situatioun ass schlecht, mee nach léisbar“, esou den däitschen Inneminister. „Keen an der CSU wëll d’Kanzlerin stierzen, oder d’Regierung fale loossen“.

Fir d’Kanzlerin gëtt dat keng einfach Woch, e Kompromëss schéngt net méiglech, an d’Fuerderung vun der CSU ass genee dat, wat Italien net wëll hunn. Italien, als Land wou d’Migranten déi iwwert d’Mëttelmier flüchten haaptsächlech ukommen, verlaangt méi europäesch Solidaritéit.

Eng onléisbar Aufgab

Haut den Owend empfänkt dann och d’Angela Merkel justement den italienesche Regierungschef, Giuseppe Conte. Hien huet schonn d’Entscheedung getraff, keng Schëffer vun den ONGen a seng Häfen eranzeloossen, déi Migranten aus dem Mëttelmier opgeholl hunn. Eng Decisioun déi sech nëmmen da Réckgängeg maache léisst, wann Italien net eleng all déi Leit muss ophuelen.

Muer Dënschdeg, wëll sech d’Kanzlerin da mam franséische President Emmanuel Macron, an engem „explosive Migratiounskontext“ – deen duerch de Virfall mat der MS Aquarius eng ganz nei Dimensioun erreecht huet – ënnerhalen.

An iwwerhaapt muss betount ginn, datt d’Angela Merkel immens un Zoustëmmung an Däitschland verléiert. Déi rietsextrem dogéint, leeën an de Sondage zolidd zou. An déi schlecht Stëmmung bei eisen Nopere kënnt och net vun ongeféier. Vill „Fäll“ an déi Migrante verstréckt sinn, gi vun der Bevëlkerung opmierksam verfollegt an, an de sozialen Netzwierker „entspriechend“ kommentéiert.

De Problem ass, datt et tatsächlech „Fäll“ gëtt, wéi et mat der Geriichtsverhandlung géint e jonken afghanesche Refugié, deem virgeworf gëtt seng 15 järeg Frëndin an engem Supermarché erstach ze hunn, beluecht ass. Et gëtt dann awer och e sëlleche „Ligen“ déi via Facebook verbreet ginn. Keen hannerfreet esou „Meldungen“, an den Haass op Refugiéeën oder Migranten ass omnipräsent.

mam Ralf Isermann an dem Yacine Le Forestier/AFP

Foto: Den däitschen Inneminister Horst Seehofer gëtt vun de Medie bedrängt, wéi hien zu München am Haaptquartéier vun der CSU ukomm ass, wou him soll d’Erlaabnis erdeelt ginn, sech mat der Kanzlerin Angela Merkel unzeleeën. Hie wëll déi Migranten, déi schonn an engem EU-Land registréiert sinn, op der Grenz zréckweisen. D’Kanzlerin wënscht sech eng Léisung op EU-Niveau. © Christof Stache/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, EU, Horst Seehofer, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel