Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees
International Neiegkeeten

Wantervullenzielung 2020: D’Gëlle Kroun fir d’Schielmees

Bei der jéngster Editioun vun der Wantervullenzielung 2020 hu knapp

Metalbörse an der Kufa: Alles wat den haarde Museksfan glëschtereg mécht
International Neiegkeeten

Metalbörse an der Kufa: Alles wat den haarde Museksfan glëschtereg mécht

D’Metalbörse 2020 steet nees virun der Dier a lackelt wéi

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?
International Neiegkeeten

Wëllen d‘Russen d‘EU-Wahl beaflossen?

Ob et nëmme Propaganda ass oder d‘Vera Jourova, déi tschechesch

Mexiko: Bewaffent Ausenanersetzung fuerdert 20 Affer

Schéisserei tëscht Sécherheetskräften an Drogendealer provozéiert bluddege Weekend

Mexiko: Bewaffent Ausenanersetzung fuerdert 20 Affer

Bei engem zolitte Gefecht an der Uertschaft Villa Union si 14 Brigangen, 4 Polizisten an 2 Ziviliste gestuerwen, esou en traurege Bilan, deen de Gouverneur vum mexikanesche Bundesstaat Coahuila, Miguel Angel Riquelme Solis e Sonndegowend virzeweisen hat.

De Konflikt an der no un der amerikanescher Grenz geleeëner Grenzstad, hat schonn e Samschdeg ugefaangen. Laut éischten Erkenntnisser, soll eng bewaffent Grupp an d‘Stad agefall sinn an sech op e Verwaltungsgebai – wuertwiertlech – ageschoss hunn. Op de Biller vun den Autoritéiten ass ee mat Schossimpakter beschiedegt Gebai. D‘Märei a vill Gefierer goufen a Matleedschaft gezunn.

Laut deem wat de Gouverneur erkläert huet, waren eng 15 Beamte vun der Police „séier“ op der Plaz. Déi hu sech iwwer 90 Minutten en heftegt Feiergefecht mat enge 60 Membere vun engem Drogekartell geliwwert. Si hunn du Verstäerkung vun der Arméi an der Nationalgard kritt. Dëse Virfall huet zu engem „Groussasaz“ an der Regioun gefouert. Och Helikopter sinn agesat ginn.

MexikoEt war „eng erfollegräich Juegd“, esou de Miguel Angel Riquelme Solis. Um fréie Sonndegmuere koum et op en Neits zu Ausenanersetzunge mat Doudegen. Erfreelech, esou de Gouverneur, datt bei dësem Asaz véier entfouert Mannerjäreger aus den Hänn vum Drogekartell konnte befreit ginn.

Kriminalitéit als Liewensphilosophie

Datt dëse „Virfall“ fir Opmierksamkeet gesuergt huet, wou Mexiko all Dag eng 100 Morden zielt, huet mat der Intensitéit vun der Ausenanersetzung ze dinn, an eigentlech ass et e banale Fait Divers. Mexiko huet zanter Joren ee massiivt Problem mat der Kriminalitéit an der derzougehéiereger Gewalt. 2018 goufen a Mexiko (130 Milliounen Awunner) ronn 36.000 Morden enregistréiert.

An den allermeeschte Fäll geet dës Gewalt op de Kont vu Banden, déi Drogenhandel, Entféierung an Erpressung zu hirem Handwierk gemaach hunn. An et ass ee „Beruff“ mat Zukunft, besonnesch wann ee bedenkt, datt kaum e Verbriechen opgekläert, geschweig da vun der Justiz verfollegt gëtt. Dat huet natierlech och vill mat Korruptioun, mee a gewësser Weis och mat „Angscht“ ze dinn.

Mexiko

En „offiziellt Asazgefier“ vum Cartel del Noreste (CDN). Hei ze notéieren: dat texanescht Nummereschëld. Dat beweist zum engen, datt d‘Drogekarteller sech ganz oppe weisen an och am Texas aktiv sinn. Do klauen si sech déi Gefierer, virzuchsweis schwéier gelänngängeg Jeepen op der Pick-ups mat deenen si hir Gebittsuspréch sécheren. Vun den Autoritéiten hu se eigentlech wéineg ze fäerten… © Policia Federal (handout)

Virun zimlech genee engem Joer huet de Staatschef Andres Manuel Lopez Obrador säi Mandat ugetrueden. Hien huet sengerzäit de Mexikaner „Abrazos, no balazos“ (Ëmäermelen, net schéissen) versprach. Mat soziale Moossnamen a Präventioun sollt d‘Gewalt an d‘Kriminalitéit agedämmt ginn, mee déi latent Korruptioun an d‘Verflechtunge vun der Karteller an d‘Justiz verhënneren dat.

Datt d‘Regierung an d‘Justiz d‘Kriminalitéit net méi am Grëff hunn, beweist den traurege Mord un enger mormonescher Groussfamill aus den USA. Déi war Ufank November op enger Landstrooss am Norde vu Mexiko ugegraff ginn. Bei dëser Attack hunn d‘Ugräifer sechs Kanner am Alter tëscht 8 Méint an 11 Joer, esou wéi och dräi Fraen erschoss. Weider Kanner goufe blesséiert…

mat indymedia/hou

Ähnlech Sujeten Drogekartell, Korruptioun, Mexiko, Schéisserei, Villa Union
Nächsten Artikel Virrechten Artikel