Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CLAE: „d‘Gesellschaft zesumme gestalten“
https://moien.lu/reza-farahan-dating/ bsa rifle dating

who is mitchell hope dating right now

De CLAE, dee fir eng „Erliichterung“ bei de linguistesche Kritäre

https://moien.lu/i-cant-handle-dating/
https://moien.lu/reza-farahan-dating/ bsa rifle dating

Wéi gutt kenns du d’EU?

D’europäesch Unioun ass zwar all Dag an den Noriichte present,

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet
https://moien.lu/reza-farahan-dating/ bsa rifle dating

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet

Et war schonn esou eppes wéi e „politescht Äerdbiewen“ nodeems

Mexiko nom gréissten Äerdbiewen vum Joerhonnert

Mexiko nom gréissten Äerdbiewen vum Joerhonnert

Nom Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 8,2 op der Richterskala ass Mexiko am Trauer. Den Epizenter vum Biewen, eng ronn 100 Kilometer virun der Küst, huet mat all senger Kraaft (Süd-Mexiko) getraff.

Nach um Freideg hunn d’Rettungsdéngschter, ënnerstëtzt vun Zaldoten a Polizisten, versicht Iwwerliewender ze fannen. Schonn elo, no engem éischte virsiichtege Bilan, sinn 61 Doudeger an wäit iwwer 200 Blesséierter ze bekloen.

Am schlëmmste betraff ass mat 46 Doudegen de Staat vun Oaxaca. Eleng an der Stad Juchitan de Zaragoza sinn 17 Affer gebuerge ginn. Zuelen déi awer provisoresch sinn. Vill Gebaier hunn dem Biewen net stallgehalen, an et ass ze fäerten, datt nach Affer an de Ruine verschott sinn.

E Bild vun der Verwüstung

Gefierer déi ënnert de Steng begruewen, ganz Wänn déi ëmgefall, Glasschierbelen an Holzstécker uechtert de Stroossen: d’Stad vun 100.000 Awunner, ëmgi vu Bierger mat hirer tropescher Vegetatioun, war um Freideg entstallt.

Städtesch Poliziste versiche bei der Märei e Komerod aus den Trëmmer ze retten. D’Märei selwer, mat sengen Arkaden, huet dem Äerdbiewen och net widderstanen. (© Ronaldo Schemidt/AFP)

Nieft der Märei, déi schwéier beschiedegt ginn ass, versichen Zaldoten a Polizisten an engem bedréckende Silenz Iwwerliewender ze fannen. „Mir hunn alles versicht fir eise Kolleg erauszehuelen. Si waren zu zweet ënner all deenen Trëmmer gefaangen, een konnte mer eraushuelen“, erzielt der AFP e Polizist, d’Uniform vu Stëbs bedeckt, während seng Komerode mat Schëppe weider gegruewen hunn.

E puer Meter dovunner ewech, eng Fra: „Looss Gott maachen, datt e Lieweg erauskënnt!“. Zur gläicher Zäit hunn an deem wat emol eng lieweg Stad war, d’Baggeren sech duerch d’Ruinen hire Wee fräi gemaach. Camione féieren am Minuttentakt dat ewech, wat emol Haiser waren.

Dramatesch Temoignage

„Keen hat sech dat erwaart an aus deem Grond sinn se net schnell aus den Haiser gerannt. Se si verschott ginn iert se sech konnten ëmkucken“, bericht de sichtlech betraffene Polizist Vidal Vera. De 29 Joer jonke Polizist seet weider „ech keng Erënnerung un esou e schrecklecht Biewen, déi ganz Stad ass ravagéiert“.

Am fréie Moie war en Awunner komm, fir de mexikanesche Fändel aus den Trëmmer ze zéien a mat houfregt ze schwenken. E Bild dat sech viral an de soziale Medie verbreet huet.

D’Leed bei den Awunner ass immens. Nopere, Frënn a Familljememberen… keen deen zu Juchitan de Zaragoza net ëm an aneren Trauere géif. (© Pedro Pardo)

De mexikanesche President Enrique Peňa Nieto huet sech aus dem Helikopter den ugeriichte Schued am Staat Oaxaca ugekuckt. Zu Juchitan de Zaragoza huet de President sech d’Leed vun de Awunner ugehéiert iert hie weider an de Staat Chiapas geflunn ass.

Kee Steen op deem aneren

Zu Matias Romero, nach ëmmer am Staat Oaxaca, ass den Hotel „Sensation“ einfach ëmgefall. D’Gebai hänkt op enger Säit, bitt e surreaalt Bild,

„Et ass datt gréissten Äerdbiewen an der Geschicht vu Mexiko, mee mir sinn do, Oaxaca steet“, verséchert de Gouverneur Alejandro Murat op enger lokaler Radiostatioun. Hie preziséiert datt d’Arméi iwwer 1.000 Mann an d’Géigend verluecht huet. Liewensmëttel, Matrassen an Decken „sinn ënnerwee“ versprécht de Gouverneur de Betraffenen.

Op Twitter huet de President matgedeelt, datt et méi wéi 260 Nobiewe ginn huet, awer och bestätegt, datt d’Fluchhafen an d’Häfen normal fonctionnéieren.

Mat Baggere gëtt an den Trëmmer, nieft deem wat emol d’Märei war, no Iwwerliewende gesicht. (© Ronaldo Schemidt/AFP)

De Poopst François, deen zur Zäit a Kolumbien op Besuch ass, huet zu engem Gebiet „fir all déi wou ënnert dem Äerdbiewe leiden“ opgeruff. Et soll och fir all déi Gebiet ginn, déi zur gläicher Zäit wéinst de Folge vum Orkan Irma an der Karibik a grousser Nout sinn.

Bis Mexiko-Stad

D’Haaptstad vu Mexiko huet och d’Biewe gespuert. Vill Awunner waren op d’Strooss gelaf, nodeems den Alarm ausgeléist gi war, deen en imminent Biewen ukënnegt. Eng Fra hat sech zu Buedem gehäit fir ze bieden „Gott net nach een (Biewen), wann ech gelifft nee!“

Laut dem President Peňa Nieto hunn wéinstens 50 Milliounen Awunner vun den 120 déi d’Land zielt, d’Biewe gespuert. Am September 1985 hatt e Biewe mat enger Stäerkt vun 8,1 op der Richterskala, grouss Deeler vu Mexiko-Stad zerstéiert. Iwwer 10.000 Affer waren deemools ze bekloen.

Reegelméisseg vun Naturkatastrophe betraff, war Mexiko um Freidegowend och nach vum Orkan Katia getraff ginn. En Orkan dee vum amerikaneschen NHC (National Hurricane Center) als Klass 1 zeréckgestuuft gi war. Den Orkan huet am spéiden Owend am Staat Veracruz (Osten) nërdlech vun Tecolutla mat Wandspëtzte vun 120 Km/h zougeschloen. An der Biergregioun gi besonnesch Äerdrutscher gefaart.

mam Yemeli Ortega/AFP

Foto: Juchitan de Zaragoza ass zesummegefall. D’Äerdbiewe vun enger Stäerkt mat 8,2 op der Richterskala huet d’Stad an en Trëmmerfeld verwandelt. (© Ronaldo Schemidt/AFP)

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Mexiko, Richterskala
Nächsten Artikel Virrechten Artikel