Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen?
https://moien.lu/dating-hookup-culture/ Neiegkeeten

xclusive dating

Wien all Dag Lëtzebuergesch schreift, dee weess, datt et ëmmer

dating gibson pickups
https://moien.lu/dating-hookup-culture/ Neiegkeeten

Kanzlerin Merkel verbitt sech een tierkesche Referendum iwwert Doudesstrof op däitschem Buedem

Wéi d‘AFP de Mëtteg matgedeelt huet, refuséiert d‘Angela Merkel kategoresch

Italien huet seng politesch Kris
https://moien.lu/dating-hookup-culture/ Neiegkeeten

Italien huet seng politesch Kris

Eigentlech wollt den italieneschen Inneminister Matteo Salvini scho gëschter d‘Regierung

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Honnerte Migranten aus Zentralamerika hunn d‘Grenz gestiermt

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et sech e Sonndeg zougespëtzt. Honnerte Migranten hu versicht iwwert d‘Nordgrenz vu Mexiko, an d‘USA anzedréngen. Si ware vun Tijuana aus, zu de Grenziwwergäng vu Chaparral a San Ysidro gezunn. Si waren decidéiert an d‘USA anzereesen.

Eng Partie Migranten ass op e blechenen Zonk geklommen, deen nach op mexikaneschem Buedem steet, e Steeworf wäit vun der US-Grenzmauer ewech. D‘USA hunn de Grenziwwergang zäitweis misse schléissen. D‘Grenztruppen hunn d‘Migrante mat Tréinegas traktéiert, Helikopter hunn d‘Beamten aus der Loft ënnerstëtzt. Laut den Autoritéiten, wier de Passage an Tëschenzäit nees op.

Ugefaangen hat e Sonndeg alles mat enger friddlecher Demonstratioun, bis sech Bedeelegter aus dem Zuch vun Demonstrante geléist hunn, fir d‘Grenz ze iwwerwannen. Ënnert hinnen och Frae mat Kanner. Déi mexikanesch Police war séier iwwerfuerdert a konnt d‘Massen net méi ophalen.

Vun Ausweisung bedreet

Nach um Samschdeg hat Washington annoncéiert, mat Mexiko en Accord fonnt ze hunn, laut deem d‘Migranten, fir d‘Dauer vun der Iwwerpréiwung vun hirer Demande, a Mexiko bleiwe mussen. „Si wäerten all a Mexiko bleiwen“, hat den Donald Trump erkläert. Déi designéiert Inneministesch vu Mexiko, Olga Sánchez Cordero, huet allerdéngs drop higewisen, datt näischt besigelt ass.

Et wier keen Ofkommes tëscht der zukünfteger Regierung vu Mexiko a Washington beschloss ginn, heescht et an engem Communiqué vum mexikaneschen Inneministère. Hei heescht et och, datt all déi Mënschen, déi versicht hunn d‘Grenz ze iwwerwannen, Mexiko elo direkt verloosse mussen.

D‘Lag un der Grenz tëscht Mexiko an den USA hat sech an der Lescht ëmmer méi verschlechtert. Zu Tijuana si mëttlerweil eng 5.000 Mënschen aus Zentralamerika ukomm. Déi meescht ënnert hinne kommen aus dem Honduras. Si flüchte virun Aarmut a Gewalt, mam Zil an d‘USA ze gelaangen. D‘US-Regierung huet Zaldoten un d‘Grenz verluecht, fir „d‘Invasioun opzehalen“

mat AFP

Foto: Beim Versuch mat aller Gewalt déi mexikanesch-amerikanesch Grenz ze iwwerwannen, sinn d‘Migrante vun de Grenztruppe mat Tréinegas empfaange ginn. Déi mexikanesch Autoritéiten hu verkënnt, datt jiddereen dee versicht huet illegal iwwert d‘Grenz ze goen, elo Mexiko verloosse muss. © Guillermo Arias/AFP

Ähnlech Sujeten Asyl, Grenz, Mexiko, Migranten, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel