Allianz fir Klimaschutz a géint Atomkraaft
Beim dësjäregen Treffe vun der däitscher Ëmweltministerin um 29. an
Beim dësjäregen Treffe vun der däitscher Ëmweltministerin um 29. an
Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als
Fir den ëffentlechen Transport attraktiv ze gestalten, gëtt gären de
Den Donald Trump hat Mexiko mat engem evolutive Strof-Zoll gedreet, deen eigentlech eng kloer Wirtschaftssanktioun gewiescht wier. D‘Mexikaner haten eng vum Ausseminister Marcelo Erbrard ugefouert Delegatioun op Washington geschéckt an hunn am Chiapas d‘Muskele spille gelooss fir dem Gespréichspartner ze signaliséieren, datt ee beméit wier d‘Migranten opzehalen.
Wéi de Milliardär elo via Twitter verkënnt huet, ass de Sträit – fir den Ament wéinstens – vum Dësch. D‘Douanestaxen, déi ab e Méindeg hätte sollen erhuewe ginn, bleiwen op onbestëmmten Zäit ausgesat. Mexiko hätt sech bereet erkläert, streng Moossname géint d‘Migratioun ze ergräifen. Méi Detailer soll et dann aus dem US-Ausseministère ginn.
Notéiere mir an dësem Kontext awer nach, datt den Donald Trump d‘Migratiounsfro (zumindest partiell) och domatter verknäppt hat, datt sech Mexiko verflicht massiv Landwirtschaftsproduiten aus den USA ze importéieren. De kauzege President huet „gewonnen“ an markéiert zugläich ee puer Punkten am Wahlkampf. D‘Mexikaner dogéint dierften um Deal schwéier ze droen hunn.
Wat de „Strof-Zoll“ betrëfft, esou ass wichteg ze erklären, datt dee Mexiko wirtschaftlech geschuet hätt, woubäi awer am Endeffekt d‘Importateuren an den USA déi ze bezuele gehat hätten. Et wieren d‘Wueren an den USA méi deier ginn. Zesumme mat Kanada gehéiert Mexiko zu den direkten Handelspartner, an hei soll et bekanntlech och zu engem neie Fräihandelsofkommes kommen.
mat indymedia/was/hou
Foto: D‘Demarkatiounslinn op der amerikanesch-mexikanescher Grenz zu San Ysidro (Kalifornien) © CPB