Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi a firwat fonctionnéieren Shared Spacen?
Kultur

Wéi a firwat fonctionnéieren Shared Spacen?

Och zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer mi oft dovunner geschwat: sougenannten

70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!
Kultur

70 Joer NATO – Ofrëschtung gëtt gefuerdert!

Zum 70 Gebuertsdag vun der NATO huet d’Friddens a Solidaritéitsplattform

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal
Kultur

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

Scho säit 1980 gëtt traditionell um haitegen Dag de Wal

The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen

Esou wéi ech

The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
The Meyerowitz Stories (New and Selected)
The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
TMS-00292.DNG (Left to right) Grace Van Patten and Adam Sandler in Director Noah Baumbach's THE MEYEROWITZ STORIES (NEW AND SELECTED) to be released by Netflix.
The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
Dustin Hoffman and Emma Thompson in The Meyerowitz Stories (New and Selected).
The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
THE MEYEROWITZ STORIES (NEW AND SELECTED)
The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
The Meyerowitz Stories (New and Selected)
The Meyerowitz Stories ass eng grouss Iwwerraschung – virun allem fir Leit, déi den Adam Sandler net ausstoe kënnen
The Meyerowitz Stories (New and Selected)

Wann ee mer gesot hätt, datt ee vu menge léifste Filmer vun 2017 ausgerechent mam Adam Sandler an de Ben Stiller an den Haaptrollen besat wier, hätt ech en ausgelaacht. An trotzdeem schreiwen ech dës Kritik zu The Meyerowitz Stories, engem gefillsvollen, nuancéierten a witzegem Film, deen ech, ouni mech zeréckhuelen ze missen, jidderengem empfeele kann, deen et och mol mi roueg ugoe loosse wëll. Datt en dann och nach vun Netflix verdriwwe gëtt, ass dann ëmsou méi iwwerraschend, dinn déi sech dach schwéier, gutt Filmer ënnert hier Fittecher ze huelen. Mee et gëtt fir alles eng éischte Kéier.

Bei The Meyerowitz Stories geet et ëm d’Famill Meyerowitz, méi konkret ëm d’Kanner an hiert d’Verhältnis zu hirem Papp. Den Danny Meyerowitz ass aarbechtslos a muss sech elo och nach vu senger Duechter, dem Eliza (Grace van Patten), trennen, déi op d’Uni geet, während d’Bezéiung mat senger Fra schonn an d’Brësch gaangen ass. Leider ass en doduerch och gezwongen, erëm bei sengem Papp, dem Harold (Dustin Hoffmann) an ze zéien. Et gëtt schnell kloer, datt tëscht deenen zwee villes hapert: Si schwätzen laanscht eneen an och d‘Haus steet zum Verkaf, ouni datt mam Danny doriwwer geschwat ginn ass. Och déi méi jonk Schwëster, d‘Jean (Elizabeth Marvel), huet hir Problemer mat der Famill, huet sech awer offensichtlech schonn domat offonnt. Den eenzegen erfollegräichen vun den dräi Geschwëster, den Mathew (Ben Stiller), kënnt eréischt méi spéit an déi Dynamik eran. Mee genau sou wéi all déi aner huet och hien seng Problemer mat sengem Papp.

Et si virun allem d’Dialogen, déi The Meyerowitz Stories ausmaachen a seng Figuren an en nuancéiert Liicht réckelen

De Film ass eng Familljekëscht. Et huet ee richteg d‘Gefill, matzen an eng Familjestreiderei eran ze geroden, déi éischter ënnerschwelleg wéi oppen statt fënnt. An et muss ee soen, datt den Noah Baumbach, deen hei souwuel am Stull vum Regisseur souz wéi och fir de Skript verantwortlech ass, enorm Aarbecht bei den Dialogen mécht. Elleng den Tempo, Rhytmus an d‘Disharmonie vun den Dialogen ass beuechtenswäert: D‘Figuren ënnerbriechen sech géigesäiteg, schwätzen laanschteneen, bréngen ënnerdréckten Virwërf indirekt ervir, wéi een se selwer oft genuch an der eegener Famill erlieft huet. Et kann een net genuch ënnersträichen, wéi gutt dëse Skript déi üblech Spannungsfelder beschreift, an de ganze Plot zesumme mat senge Figuren virundreift.

Wou mer beim schreiwe sinn, hei e Saz, vun deem ech ni gedreemt hätt, datt ech e schreiwe géif: den Adam Sandler ass enorm an dësem Film. Keng Gimmiks, keng Kauzeg- oder Schrullegkeeten, einfach nëmmen hien. Seng Leeschtung ass enorm, seng Aart, seng Figur ze beliewen immenz an en ass sympathesch wéi och läppesch an engems. Di meescht Filmer mat him sinn déi rengste Folter, misste verbuede ginn wéinst Verstouss géint d‘Mënschewürd, oder op mannst géint de gudde Gout. Mee an dësem Film mécht e fir mech villes erëm gutt.

The Meyerowitz Stories profitéiert vu sengem iwwerduerchschnëttlech guddem Cast

Och di rechtlech Schauspiller gewannen hire Rollen alles of. Si all bréngen eng Dynamik mat sech, déi ganz wonnerbar zesumme spillen. An datt bei all de Gefiller, de Ressentimenter gelaacht muss ginn, ass dann och de Verdéngscht vum deels novollzéibar absurden Verhalen, dat nu emol a Familljen duerchaus zum Virschäi kënnt. Hei beweist de Baumbach, datt en e gudde Beobachter ass, deen et fäerdeg bréngt, dëst gekonnt anzefänken an an sengem Skript mat a abréngt. Virun dëser Leeschtung muss een als Zuschauer säin Hutt zéien. Mee och bei méi oppe verréckte Saachen, wéi etwa dem Jean seng éischter experimentell an uerkomesch Indie-Filmer, passen hei perfekt eran a bréngen een zum Laachen, ouni dobäi all ze krass iwwert d‘Strengt ze schloen.

Wien sech schonn ëmmer gewonnert huet, wéini Netflix endlech en uerdentleche Film ënnert d‘Leit bréngt, dee kritt hei seng Äntwert: No de villen, deels fuerchtbare schrottege Filmer, hu mer hei e reegelrechte Klassiker. Et deet een sech eppes Guddes, wann een The Meyerowitz Stories kuckt.

De Film ass op Netflix ze gesinn. En Abonnement ass néideg.

Fotos: Courtesy Netflix

Ähnlech Sujeten Film, Kultur, Netflix, The Meyerowitz Stories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel