Search

You may also like

An dunn huet et „Bumm“ gemaach
Kultur Neiegkeeten

An dunn huet et „Bumm“ gemaach

Viru gutt zéng Deeg hat de Kim Jong-Un der südkoreanescher

Maniff fir de Patrimoine
Kultur Neiegkeeten

Maniff fir de Patrimoine

De Rendez-vous war treffend organiséiert: um Piquet, also direkt um

money
Juristesch Néierlag fir d‘EZB
Kultur Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir d‘EZB

Zu Karlsruhe huet dat däitscht Bundesverfassungsgeriicht gëschter en Urteel geschwat,

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL) hunn och an dësem Joer nees de Festival MeYouZik op d’Been gestallt. Um 14. a 15. August 2019 kënne mir an dat musikalescht an internationaalt Mier andauchen, dat vun talentéierten Artisten ënnerstrach gëtt.

Um Mëttwochs, de 14. August kann een esou munche super Optrëtt um Knuedler, sou wéi an der Rue St. Esprit verfollegen, an dat ënnert fräiem Himmel. Een Dag méi spéit gesellt och d’Place d’Armes sech mat an de Programm.

Iwwregens gëtt och bei dëser Editioun nees de MeYouVillage organiséiert. Donneschdes, de 15. August luet dëst klengt Duerf un Associatiounen an ONG’en op der Clairefontaine’s Plaz vun 11:30 bis 22:00 Auer an, fir Informatiounen ze kréien, ee gudde Maufel ze iessen oder och sech dat eent oder anert artisanaalt Konschtwierk unzekucken.

Generell ass d’Zil vum Festival fir een Abléck an déi verschidde Museksrichtungen ze kréien, säin Horizont ze erweideren an eventuell souguer eppes Neies kennenzeléieren. D’Entrée ass natierlech gratis.

MeYouZik

© Christof Weber

De Programm

Mëttwochs, den 14. August 2019

Knuedler (Place Guillaume II)

  • 18:00 – 19:15 Auer MAMADOU DIABATE & PERCUSSION MANIA
  • 20:00 – 21:15 Auer LES TAMBOURS DE BRAZZA
  • 22:00 – 23:30 Auer SEUN KUTI & EGYPT 80
  • Holy Ghost Stage (rue du St-Esprit)
  • 18:00 – 19:00 Auer DJ MUKAMBO
  • 19:00 – 20:00 Auer INVIZABEL
  • 20:30 – 22:00 Auer BONGO HOP
  • 22:45 – 00:00 Auer BANTOU MENTALE
  • Groovy changeovers (DJ Mukambo)

Donneschdes, den 15. August 2019

Knuedler (Place Guillaume II)

  • 18:15 – 19:30 Auer MOONLIGHT BENJAMIN
  • 20:15 – 21:30 Auer WINSTON McANUFF & FIFI
  • 22:15 – 23:30 Auer LADAMA Place d’Armes
  • 17:30 – 18:45 Auer FOGO FOGO
  • 19:30 – 20:45 Auer VOŁOSI
  • 21:30 – 22:45 Auer JAUNE TOUJOURS

Holy Ghost Stage (rue du St-Esprit)

  • 16:00 – 17:15 Auer DJ MUKAMBO
  • 17:15 – 18:30 Auer FABIANO SANTANA
  • 19:00 – 20:15 Auer THE GASLIGHT TROUBADOURS
  • 20:45 – 22:00 Auer LA INEDITA
  • 22:30 – 23:45 Auer MINYANTA
  • Groovy changeovers (DJ Mukambo)

Place de Clairefontaine

  • 11:30 – 22:00 Auer MeYouVillage mat Rokku Mi Rokka a.s.b.l. Pharmaciens sans Frontières a.s.b.l. Dippech hëlleft a.s.b.l. Institut Culturel Luxembourgeois Péruvien a.s.b.l. Aide au Vietnam a.s.b.l. Les Amis du Tibet a.s.b.l. Cap-Vert Espoir et Développement a.s.b.l. Amitié am Sand-Amizero a.s.b.l.

Wichteg: D’Organisateure recommandéieren den ëffentlechen Transport ze notzen. Wien net op säin Auto verzichte kann, dee sollt um P+R Bouillon, um Parking Glacis, Parking Schuman oder Parking Stade säi Gefier ofstellen.

Related topics LCTO, MeYouZik, Musék, Programm, VDL
Next post Previous post