Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Nei Sanktioune géint Russland
International Neiegkeeten

best dating app tinder

Déi niddreg Kummer vum US-Kongress huet en Dënschdeg bal eestëmmeg

dating sites over fifty
International Neiegkeeten

De „biologeschen“ aus dem héijen Norden: Simon bio

Mam Simon Bio huet een en net gefilterte Pils am

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout
International Neiegkeeten

Statistik: Kreeslaferkrankungen a Kriibs sinn déi Haaptursaache fir den Dout

Säit der Ëmsetzung vum groussherzogleche Reglement vum 20. Juni 1963,

Michael Cohen: Den Affekot vum Däiwel?

De Jurist huet géintiwwer dem US-Kongress kee gutt Hoer u sengem Client gelooss

Michael Cohen: Den Affekot vum Däiwel?

Wann een awer net emol méi sengem Affekot vertraue kann… Esou oder ähnlech dierft den Donald Trump geduecht hunn, iert hien op seng gewinnten Aart a Weis, nees via Twitter ausfalend ginn ass. Grond: de Michael Cohen, fréier intime Frënd an Affekot vum mächtegste Mann op der Welt, huet bei der Unhéierung duerch den US-Kongress, den US-President an e schlecht Liicht gestallt.

Esou änneren sech d‘Zäiten. D‘Léift kënnt a geet, näischt bleift ewéi et war… Erënnere mir dofir nach emol dorunner, datt de Michael Cohen emol erkläert hat, datt hie sech „egal wat kënnt oder komme kann“ zu all Ament géif virun de Milliardär stellen, a sech esouguer bereet erkläert hat, fir säin Idol als Kugelfang duerzehalen. Mee dat schéngt laang hir, haut ass et anescht elo gëtt et krass.

Seng Ausso ënner Eed (hei nozeliesen) léisst erkennen, datt hien eigentlech éischter den Affekot vum Däiwel war, wéi datt hien en éierewierdege Geschäftsmann vertrueden hätt. Esou war jiddereen dee fir de Milliardär geschafft huet, verflicht hien ze schützen. Dat heescht si waren sech alleguerte bewosst, all Dag fir den Donald Trump léien ze mussen, an hunn et engagéiert gemaach.

Et wier d‘Normalitéit esou den Affekot, dee sech d‘Republikaner bei der Unhéierung ganz genee ugekuckt huet. An hie schléit den Nol nach eppes weider an a behaapt: „All eenzelen aus dem Team Trump huet et gemaach, an jiddereen an der Regierung mécht et d‘selwecht“, esou de Michael Cohen, bei der ëffentlecher Sëtzung. D‘Republikaner am Sall waren, wéi ee seet „not amused“.

En US-Klassiker: sech entschëllegen

Kulturell verfestegt huet sech d‘Entschëllegung, dee Moment an deem en der Welt weist datt een alles bereit, ee sech esouvill Virwërf mécht dat falscht gemaach ze hunn. De Michael Cohen mécht do keng Ausnam, an déi amerikanesch Gesellschaft schéngt et och ze verlaangen. Also huet de Michael Cohen virum Kongress bestätegt, eigentlech ni eppes anescht gemaach ze hunn wéi léien.

Et hätt gelunn am Bezuch op dem Donald Trump seng Geschäftsbezéiungen zu Russland. Datt hätt den US-President awer net ausdrécklech vun him verlaangt. Interessant, de Fall „Stormy Daniels“, eng Pornoactrice, déi mam Affekot Geld géint Schweigeflicht getosch huet. Zum Beweis huet de Michael Cohen Kopie vun de Schecke virgeluecht, déi d‘Transaktioun virun der Wal beleeë sollen.

A well der Däiwel säin Affekot net gewëllt ass eleng an de Prisong ze goen – well dohinner wäert hie musse goen, elo wou erwisen ass, an hien zougestanen huet gelunn ze hunn – ginn nach ee puer Niewerolle mat belaascht. Esou de Roger Stone, fréiere Conseiller vum US-President, deen 2016 dem Trump d‘Verëffentlechung vun den e-Mails vum Hillary Clinton an Aussiicht gestallt huet.

Ëmmer nees nei Virwërf

Interessant bei dëser Unhéierung virum US-Kongress, et ass alt nees Neies op den Dësch komm vun deem nach näischt gewosst war. Esou gëtt tatsächlech géint den Donald Trump ermëttelt, well dësen sech net soll u Gesetzer gehalen hunn. Virwërf déi de Michael Cohen net erläutere wollt, well hien dat als Zeien net dierf. Et ass also nach laang net eriwwer, och den Affekot wéineg kredibel ass.

Affekot

Déi Demokratesch Deputéiert, Alexandria Ocasio-Cortez, ass déi jéngste Politikerin am Kongress, mee net op de Mond gefall. Si huet der Däiwel‘s Affekot déi richteg Froe gestallt © Modeste (via Twitter)

Dës Kredibilitéit ass et dann och, op déi sech d‘Republikaner am Ausschoss konzentréiert hunn. Et huet net villes ginn, dat déi implizéiert Republikaner zur Verdeedegung vum „Chef“ maache konnte firwat et wichteg war d‘Glafwierdegkeet vum Affekot ze ënnergruewen. Dat huet deen eigentlech selwer schonn hikritt, woubäi unhand de Piècen déi dee virleeë konnt, d‘Fakten erdréckend ginn.

Natierlech hunn d‘Republikaner och duergestallt, datt et den Demokraten eigentlech guer net ëm Opklärung geet. Hei géif eenzeg d‘Zil verfollegt dem US-President an dem Land ze schueden. Dat ass eng gewote Stellungnam, well et mëttlerweil och den „Trump-Fans“ muss opgefall sinn, datt méi hannert de Beschëllegunge géintiwwer dem Milliardär dru muss sinn, wéi et engem léif ass.

mat indymedia/was

Foto: (Archiv) De Michael Cohen huet e Mëttwoch säin ale Frënd a Client virum Ausschoss vum Kongress zolidd an Pan geschloen. Dat Bild dat hie vum US-President gezeechent huet, iwwerrascht awer kaum een, deen d‘Mandat vum Donald Trump verfollegt. © M.H.

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Hearing, Michael Cohen, Stormy Daniels, US-Kongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel