Search

You may also like

Editorial: Prost Neijoer!
International Money Neiegkeeten

Editorial: Prost Neijoer!

Eng laang Nuecht geet op en Enn, fir déi wou

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“
International Money Neiegkeeten

Go By Brooks sinn zeréck mat der Single „Lost“

No der Verëffentlechung vum Album Anoher Flame am Dezember 2018

Ferriminera Festival – Konscht zesummen erliewen!
International Money Neiegkeeten

Ferriminera Festival – Konscht zesummen erliewen!

Vum 25. bis de 27. Oktober fënnt op der Gemengeplaz zu

money

Trotz Bedenke vum US-President… Microsoft wëll sech TikTok gräifen

Trotz Bedenke vum US-President… Microsoft wëll sech TikTok gräifen

Nodeems den Donald Trump de Verbuet vun der Videoplattform ugekënnegt huet, strieft de Software-Gigant d‘Iwwernam vun TikTok un. Et wëll ee weider mam chinesesche Besëtzer verhandelen a méiglechst bis Mëtt September en Deal um Dësch leien hunn.

ByteDance steet gehéierlech ënner Drock, wëll d‘US-Regierung wéinst „Sécherheetsbedenken“ e Verbuet vun der an den USA ganz beléifter Applikatioun ugekënnegt huet. Trotz dem Interessi vu Microsoft de Buttek ze iwwerhuelen, ass den Donald Trump och weiderhin net vum „Produkt“ begeeschtert. Nieft Gespréicher mam Proprietäre muss also och mam President geschwat ginn.

Microsoft huet dann och annoncéiert dat hire CEO Satya Nadella wuel d‘Bedenke vum Milliardär verstoe kann, hien dës awer an engem Gespréich besäitege kéint. De Software-Gigant wëll dann och net nëmmen d‘US-Geschäft vun TikTok iwwerhuelen, mee zäitgläich d‘Rechter fir Kanada, Australien an Neiséiland. An dësem Sënn wier een och aneren Investisseure ganz opgeschloss.

Aus dem kalifornesche Menlo Park (Silicon Valley) gouf dann awer nach emol betount, datt fir den Ament alles an de Preliminairen ass an et folgerichteg keng Sécherheet gëtt, datt dëst Geschäft ka realiséiert ginn. An da sinn do jo och net eleng d‘Bedenke vum Donald Trump, déi et gëllt vum Dësch ze kréien, mee et muss ee sech wuel och nach op ee Präis fir TikTok verstännegt kréien.

TikTokWann den dreeënde Verbuet sech bestëmmt op de Wäert vun der Applikatioun auswierkt, firwat ee bei Microsoft hofft en gutt Affär ze maachen, bëlleg kann et net ginn. TikTok ass eng weltwäit erfollegräich App (och wann se an Indien scho verbueden ass) déi a 65 Sproochen op 175 Mäert ugebuede gëtt. TikTok kann sech dann och op iwwert 1 Milliard – virun allem Jonk – User beruffen.

An da besteet jo och nach d‘Méiglechkeet, datt de Locataire vum Wäissen Haus kéint Recht hunn, datt déi chinesesch Regierung tatsächlech ee „Matsproocherecht“ bei ByteDance huet. Wier deem esou, dann hätt Peking wahrscheinlech dat lescht Wuert. Et ass allerdéngs net dovunner auszegoen, datt d‘KPC un den Date vu Kanner interesséiert ass, zumindest gëtt et dofir absolutt kee Beweis.

Hei muss een de gesamtpolitesche Kontext scho mat abezéien. Den Donald Trump, deen zanter hien am Amt ass, op ville Fronte mat de Chinesen am Clinch steet (Handelskrich, Hong Kong, Taiwan, südchinesescht Mier, Nordkorea, Uiguren…) brauch zwéngend an dréngend iergendeppes, wat hien als „Erfolleg“ virleeë kann, sollt dat nach eppes mam zweete Mandat als US-President ginn…

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Solen Feyissa / unsplash

Related topics ByteDance, China, Donald Trump, Microsoft, TikTok, USA
Next post Previous post