Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich trauert ëm säin Johnny
International Neiegkeeten

https://moien.lu/effects-of-dating-websites/

An de Nuecht vum Dënschdeg op ee Mëttwoch ass den

online dating on mobile
International Neiegkeeten

Polnesche Premier entléisst kuerzfristeg zwee Minister

Iert sech de polnesche Premierminister Mateusz Morawiecki um Dënschdegowend mam

money
Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten

Am Kader vum Deplacement op New York, wou den Ierfgroussherzog

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm

Iwwer 4.000 Migrante vun der „Karawann“ befannen sech elo op der mexikanesch-amerikanescher Grenz zu Tijuana, am Nordoste vu Mexiko. Esou hunn et d‘Autoritéite vun der mexikanescher Grenzstad, déi bei San Diego (Kalifornien) geleeën ass, e Mëttwoch annoncéiert. D‘Méiglechkeeten d‘Leit opzehuele sinn erschëpft.

Honnerten Zentralamerikaner si weiderhin, deels mat Busser oder ze Fouss, um Mëttwochmuere vu Mexikali aus ukomm. Déi wou elo ukomme fanne keng Plaz méi an de Refugen, déi iwwerfëllt sinn. Éischt improviséiert Lager sinn am entstoen. Hei hunn sech dann och um Mëttwoch éischt laang Waardeschlaange gebilt, fir eng Moolzecht ze erhalen, déi vu reliéisen Associatiounen an Aktiviste fir d‘Migranten zoubereet ginn.

D‘Autoritéiten hunn informéiert, datt sech ënnert de ronn 4.000 Migranten, déi den Ament zu Tijuana opgeholl goufen, iwwer 400 Kanner befannen. E 17 järege Jugendlechen aus dem Honduras, ass en Dënschdeg op der Strooss tëscht Mexikali an Tijuana vun engem Camion ugestouss ginn. De Chauffeur huet sech duerch d‘Bascht gemaach. Schonn Ufank Oktober, war e Migrant zu Dout komm, wéi hie vun engem Camion gefall war.

Et ass nach e laange Wee

Am Bundesstaat Chiapas (Süden), sinn e Mëttwoch eng 300 Zentralamerikaner vun der Police verhaft ginn, nodeems si illegal a Mexiko agereest waren. Si haten sech den Grenzfloss Suchiate, tëscht Guatemala a Mexiko iwwerschratt. D‘Migranten déi mat Fändele vum Salvador an dem Honduras ënnerwee waren, si per Bus an d‘Stad Tapachula gefouert ginn, wou si eng Asyl-Demande areeche kënnen. Maachen si dat net, ginn se zréckgeschéckt.

Zu Tijuana hunn déi allermeeschte Migrante wëlles, eng Asyl-Demande an den USA anzereechen. Mee et ka bis zu engem Joer daueren, bis hiren Dossier examinéiert gëtt. E Méindeg hat e Riichter aus Kalifornien, den Dekret vum Donald Trump suspendéiert, mat deem all Asyl-Demande muss refuséiert ginn, wann den Demandeur illegal an d‘USA agereest ass. „Et ass eng Schan“ hat den US-President dorops hi reagéiert an eng politiséiert Justiz denoncéiert.

Foto: Si hunn et bis un de Grenz-Zonk gepackt, an awer hiert Zil nach net erreecht. D‘Migranten, déi fir déi meescht aus dem Honduras stamen, wëllen an den USA Asyl ufroen. Den Donald Trump wëll „d‘Invasioun“ mat alle Mëttel verhënneren, an huet 6.000 Zaldoten un d‘Grenzt beuerdert. © Pedro Pardo/AFP

Ähnlech Sujeten Asyl, Grenz, Mexiko, Migranten, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel