Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?
International Neiegkeeten

Giel Gileten: de „Grand Debat“ eng „Kommunikatiounsoffensiv“?

Fir d‘Chantal Jouanno, Presidentin vun der nationaler Kommissioun fir den

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen
International Neiegkeeten

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen

Wéi domm dierf e Mënsch sinn? Dat ass am Kontext

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt
International Neiegkeeten

Wéi ee mam Ënnergang vum Universum kloer kënnt

Egal wéi een et dréint a kéiert, d’Universum geet iegendwann

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, huet e Sonndeg domatter gedreet, déi ronn 180 Migranten nees a Libyen zréckzeschécken, déi zanter dräi Deeg virun der Insel Lampedusa blockéiert sinn. Et sief et géif sech eng „europäesch“ Léisung fanne loossen.

Eigentlech ass dës „Optioun“ (d‘Leit nees zréckzeschécken) ëmmer vun den europäeschen Autoritéiten ausgeschloss ginn. Bréissel geet dovunner aus, datt Libyen kee sécheren Hafen ubidde kann. Dat ass awer eng Konditioun, déi vum internationale maritime Recht diktéier gëtt.

„Entweder Europa entscheet sech, mat der noutwenneger Seriositéit Italien ze hëllefen, wat um Beispill vun den 180 Migrante u Bord dem Schëff Diciotti ze realiséiere wier, oder mir si gezwonge d‘Leit zréck an e libeschen Hafen zréckzebréngen“, esou de Matteo Salvini.

Verréckt um ganzen, d‘Diciotti ass ee Schëff vun der italienescher Küstewaach, dat virun der Insel vu Lampedusa blockéiert, an deem ze Zougang zum Hafe verwiert gëtt. Déi italienesch Regierung verlaangt vu Malta, déi aus dem Mier gefëschte Migranten opzehuelen.

Ass d‘Mooss voll?

Déi maltesesch Regierung, déi leschte Mëttwoch d‘Aquarius mat 141 Migrante u Bord an den Hafe vu Senglea eragelooss huet, nodeems sech fënnef Länner bereet erkläert haten dës Mënschen opzehuelen, deklaréiert, datt d‘Migranten d‘Hëllef vun engem maltesesche Schëff refuséiert haten, well si onbedéngt d‘Insel vu Lampedusa erreeche wollten.

An de malteseschen Inneminister, Michael Farrugia, twittert: D‘Interventioun vun der Diciotti huet näischt vun enger Rettungsmissioun. Dat Schëff hat den Optrag ze verhënneren, dat déi Nossschuel mat de Migranten an italienesch Gewässer erakënnt.

„D‘Offänke vun engem Schëff dat vu sengem Recht gebrauch mécht, fräi op oppenem Mier ze seegelen, ass net als Rettungsmissioun ze consideréieren“, ënnersträicht de Michael Farrugia. An dës Reaktioun huet déi italienesch Autoritéiten endgülteg op d‘Palm gedriwwen, nodeems d‘Operatioun vun der Küstewaach, net d‘Zoustëmmung vu Roum hat.

„De Beholl vu Malta ass alt nees onzoulässeg a verdéngt sanktionéiert ze ginn“, twittert de italieneschen Transportminister Danilo Toninelli.

Iwwerwaachen net Retten

Am Juli hat déi italienesch Küstewaach, déi geschéckt gi war fir aus der Entfernung Dosende Migranten, déi op engem Fëscherboot zesummegepercht waren, ze iwwerwaachen, ouni d‘gréng Luucht vu Roum ofzewaarden, mat der Rettung ugefaangen. D‘Regierung war net erfreet, hat si dach den Uerder ginn ofzewaarden, datt sech Malta dem Problem unhëlt.

„All d‘Embarcatiounen déi vun de Migrante genotzt gi fir Libyen ze verloossen, sinn net geduecht fir esou eng Rees ze ënnerhuelen, a ginn automatesch als a Séinout betruecht. Och wann se net am gaange sinn ënnerzegoen“, hat um Donneschdeg de Flavio Di Giacomo, Spriecher an Italien vun der internationaler Organisatioun fir Migratioun (OIM) erkläert.

D‘Migrante waren am Juli dräi Deeg u Bord vun der Diciotti, dat selwecht Schëff wat och dës „Rettungsmissioun“ ënnerholl huet, verbliwwen, bis Italien hirem Debarquement zougestëmmt huet, well sech aner europäesch Länner bereet erkläert haten, eng Partie vun de Leit opzehuelen.

mat AFP

Foto: D‘Schëff „Diciotti“ vun der italienescher Küstewaach (hei den 12 Juli am Hafe vun Trapani) huet Migranten aus dem Mëttelmier opgeholl, a kann net an den eegenen Hafen alafen. © Allessandro Fucarini/AFP

Ähnlech Sujeten Italien, Lampedusa, Malta, Matteo Salvini, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel