Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bojack Horseman ass depriméierend, an dat ass gutt esou
niko nicotera dating couples dating website

flip or flop divorce christina dating

Et dierft een um Animatiounsmaart wuel kaum eng esou komesch

https://moien.lu/hook-up-head-shop/
niko nicotera dating couples dating website

Neie Kollektivvertrag fir d‘Personal vun der Wäscherei „Monplaisir“

Den 22. Oktober haten sech d‘Gewerkschaften OGBL (Majoritär) an LCGB

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
niko nicotera dating couples dating website

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

D‘Schëff Open Arms huet 147 Mënschen u Bord, d‘Ocean Viking 356… si brauchen en Hafen

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem Mëttelmier gefëscht an déi mussen elo en „Ënnerdaach“ fannen. Esou déi vu MSF an SOS-Méditérranée gechartert Ocean Viking, an d‘Schëff vun der spuenescher ONG Proactiva Open Arms. An Tëschenzäit hunn sech eng Rei EU-Länner fir d‘Opnam vun dëse Mënsche bereet erkläert. An awer geet et net virun…

Elo goufe vun der „Open Arms“ aus medezinesche Grënn eng Partie Migranten evakuéiert. D‘ONG Procativa Open Arms hat informéiert, datt fënnef Persounen dréngend psychologesch Hëllef néideg hunn. Déi konnten – zesumme mat hire Begleeder – elo u Land bruecht ginn. D‘ONG huet an de sozialen Netzwierker bekannt gemaach, datt et bannent 14 Deeg déi 5. Noutevakuéierung war.

MëttelmierNo schwierege Verhandlungen ass et dann och hei nees zu enger „Noutléisung“ komm. Sechs Länner – dorënner och Lëtzebuerg – hätten sech zur Opnam vun de Flüchtlinge bereet erkläert. D‘Schëff Open Arms war zanter Ufank August mat de Migranten, déi si virun der libescher Küst opgegraff hunn, op der sich no engem „sécheren Hafen“. Gëschter huet et Lampedusa erreecht.

En anert Schëff de selwechte Problem

Schonn um Mëttwoch hat d‘Ocean Viking, e Schëff dat gemeinsam vun „Dokteren ouni Grenzen“ (MSF) an der ONG SOS-Méditérranée agesat gëtt, Italien a Malta offiziell ëm Erlaabnes gebueden, déi 356 Migranten déi si aus dem Mier gerett hunn, an engem vun hiren Häfen u Land goen ze loossen. E Retour an d‘Biergerkrichsland Libyen wier keng Optioun, d‘Häfen net „sécher“.

MëttelmierDe Gerant vu SOS-Méditérranée an Däitschland, David Starke, huet en Appell un Europa geriicht: „Ugesiichts enger feelender europäescher Äntwert op déi humanitär Tragedie, mussen eenzel EU-Länner en éischte Schratt maachen an erméiglechen, datt déi 356 Mënschen un engem sécheren Uert u Land goe kënnen, esou wéi dat och vum internationale Séirecht virgeschriwwen ass“.

De Florian Westphal, Gestionnaire vu MSF-Däitschland, huet Berlin opgefuerdert „am Kader vun enger europäescher Léisung selwer och Plazen unzebidden“. Woubäi egal aus wéi engem Bléckwénkel een de Problem versicht ze beliichten, ouni eng gesamt „europäesch Léisung“ ass de Problem net dauerhaft an de Grëff ze kréien. Italien a Malta kënnen et dat jo och net eleng léisen.

D‘UN-Flüchtlingswierk versicht ze vermëttelen

Aus Genève huet sech den UNHCR-Sonnergesandte Vincent Cochetel un d‘EU adresséiert. Hien appelléiert d‘EU-Länner déi am Mëttelmier opgegraffe Mënsche bei sech opzehuelen. Vill vun de Flüchtlingen hätte Mësshandlungen a Gewalt an de libesche Lager erlieft a bréichten humanitär Hëllef an internationale Schutz. Den UNHCR fuerdert dann och nees staatlech Rettungsmissiounen.

MëttelmierEgal wéi een et gesäit – also esouguer wann ee sech mat Hänn a Féiss dergéint wiert d‘Migranten opzehuelen – Séinout ass a bleift e Gebuet vun der Mënschlechkeet. Zudeem ass et ee Feeler unzehuelen et kéimen ëmmer nëmmen déi äermst an déi schwächst. Net ze vergiessen, datt vill vun deenen, déi dëse „Migranten“ mat Angscht an Haass begéinen, deel vum Problem sinn.

Statt esou Leit ze verdamen, sollten si un hir Regierungen eruntrieden, an déi opfuerderen hir „Entwécklungs- an Handelspolitik“ esou ze organiséieren, datt et kee Grond huet fir säi Land, seng Heemecht an of d‘Famill ze verloossen. Esoulaang wéi mir Afrika just Ausbeuten an de Mënsche keng realistesch wirtschaftlech Zukunftsperspektive garantéiere kënnen, wäerten si flüchten…

mat indymedia/rom/ber/bru

Foto: Nodeems et net méi ze veräntwerte war, huet déi italienesch Küstewaach déi „kritesch Fäll“ vun der Open Arms evakuéiert. © Francisco Gentico/Open Arms Fund

Ähnlech Sujeten Europa, Flüchtlingen, Italien, Libyen, Malta, Mëttelmier, Migratioun, MSF, ONG Proactiva Open Arms, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel