Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen
https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/ Neiegkeeten

gain kpop dating

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir

csgo no reliable connection to matchmaking servers
https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/ Neiegkeeten

USA: Nei Sanktioune géint Russland

Déi niddreg Kummer vum US-Kongress huet en Dënschdeg bal eestëmmeg

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital
https://moien.lu/miss-ko-na-yung-dating-tayo-in-english/ Neiegkeeten

Polnesche Premierminister vergräift sech un de Medie mat däitschem Kapital

Zwee Deeg virum Staatsbesuch vun der däitscher Bundeskanzlerin, Angela Merkel,

44 Migranten aus Séinout gerett

Rettungsschëff Alan Kurdi gräift op en Neits Migranten am Mëttelmier op

44 Migranten aus Séinout gerett

E Sonndeg eréischt hat d‘Rettungsschëff Alan Kurdi, vun der däitscher ONG Sea-Eye, zu Malta der Küstewaach 62 Persounen iwwerginn. An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg, huet d‘Crew gemellt datt si nees asazfäeg sinn, a sech nees op Missioun beginn.

D‘Alan Kurdi war knapps an hirem „Asazgebitt“ ukomm, wéi si vun de malteseschen Autoritéiten iwwert eng „Nossschuel“ informéiert ginn ass, déi um Mier géif dreiwen. Dat Holzboot, op deem sech 44 Mënsche befonnt hunn, war vun engem privaten Opklärungsfliger entdeckt a gemellt ginn. D‘Rettung ass an Zesummenaarbecht mat de malteseschen Autoritéite koordinéiert ginn. Laut Sea-Eye wier e Schëff vun der maltesescher Marine ënnerwee, fir d‘Mënschen ze iwwerhuelen.

EU-Kommissioun zur „Diskussioun“ genéidegt

Ugesiichts de „Missiounen“ déi an der leschter Woch (Sea-Watch3AlexAlan Kurdi) ronn 200 Migranten an/oder Flüchtlingen aus Séinout gerett hunn, wat net nëmmen zu politeschen Dissens tëscht den EU-Membere gefouert huet, mee natierlech och an de sozialen Netzwierker nees zu ville Kommentaren – op derfir oder dergéint – gefouert huet, besteet zu Bréissel Diskussiounsbedarf.

SéinoutEt gëtt also iwwer Flüchtlinge geschwat. Bedauerlecherweis net iwwer eng gemeinsam Politik, déi den Ëmgang mat dësem „Problem“ géif fërderen. Säitens der EU-Kommissioun heescht et, datt een d‘Memberlänner drop higewisen hätt, datt et op Dauer net méiglech ass ëmmer aus der Nout eraus ze reagéieren. Et wieren ongezielte Schëffer ënnerwee, net nëmmen déi wou Schlagzeile maachen.

Zu Asiicht gelaangen datt et enger Léisung bedierf

De Phenomen ass net nei, an emol méi oder manner an de Medie present, firwat et sou lues awer sécher sollt e Bewosstsinn dofir ginn, datt de Problem net mat Dekreter a Verbueter ze léisen ass. Schonn de leschte Summer hat et vergläichbar Situatioune mat de Rettungsschëffer „Lifeline“ an „Aquarius“ ginn. Och déi wollt kee Land an seng Häfe loossen…

Séinout

Realistesch betruecht, huet sech weder un der Situatioun am Mëttelmier, nach politesch eppes an Europa gedoen. D‘Mënschen si weiderhin op der Flucht an zéien et vir, hiert Liewen an engem Schlauchboot oder enger Nossschuel ze riskéieren, wéi Krich, Folter oder Ausbeutung ausgesat ze sinn. An Europa bréngt et net ronn, d‘Länner ze solidariséieren a sech e Regelwierk ze ginn.

Solidaritéit priedegen, den Egoismus liewen

Wann een – aus deene verschiddenste Grënn – nach iergendwéi Versteesdemech kann opbréngen, datt duerch esou domm wéi gläichermoosse geféierlechen Aussoen, vill Leit der Hetz verfalen an sech de Populisten an aneren Idioten uschléissen, esou gëllt dat net fir d‘Politik, där hir éischt Missioun et – esouwuel national wéi op europäeschem Niveau – ass, d‘Mënschen ze vereenen.

Mee wann et Politiker gëtt, déi sech wéi d‘Kommentatoren op Facebook an/oder Twitter behuelen a geleeëntlech och esou ausdrécken, da besteet wéineg Hoffnung, datt ee sech zu Bréissel op Mesuren eenege wäert, déi zu enger solidarescher Opdeelung vun de Laaschte féiert. Säit Méint gëtt versicht eng „Koalitioun“ ze fannen, mat där d‘Opnam vu Flüchtlinge gereegelt kéint ginn.

Wat der manner kommen, wat méi gebläert gëtt

Datt Politik verseet an et Bierger gëtt déi a villen Hisiichte mam Thema iwwerfuerdert sinn, an den Haass géint d‘Flüchtlingen an/oder Migranten d‘Gesellschaft spléckt, léisst sech net empiresch erklären. Et kommen der ëmmer manner, mee et gëtt ëmmer méi Haass. 2016 waren et eppes iwwer 200.000 Mënschen déi iwwert d‘Mëttelmier geflücht sinn, 2018 nach 40.000… Firwat deen Haass?

Krass d‘Virstellung, datt et – an do dierf mam Fanger op déi gewise ginn, déi e politesche Virdeel aus hirem Populismus schloen – Bierger an Europa gëtt, deenen een ënnerstelle muss, datt si et virzéien d‘Flüchtlingen erdrénken ze loossen, well esou Noriichten anerer dovunner géif ofhalen an eis Länner anzefalen, d‘Jobs ze klauen an eis Fraen ze iwwerhuelen. Wou ass d‘Mënschlechkeet?

De Jean „Don Quichotte“ Asselborn standhaft

Et muss ee begréissen, datt et ausser dem bestännege Bedauere vun der UNO – déi reegelméisseg drop hiweist datt all Joer dausende Mënschen op hirer Flucht am Mëttelmier erdrénken – och nach där éierlecher Politiker gëtt. Esou een ass de Sozialist Jean Asselborn, senges Zeeche Lëtzebuerger Ausseminister. Hie fuerdert vu sengen europäesche Kollegen d‘Opnam vun “Offizielle Missiounen”.

Séinout

Datt d‘EU mat sengem Bollwierk „Frontex“ versot huet an dunn am Fréijoer d‘Missioun „Sophia“ einfach agestallt huet, stellt net nëmmen d‘Wäerter vun der EU, mee de ganzen europäesche Projet a Fro. E Projet deen iwwregens vun de selwechte Politiker torpedéiert gëtt, déi sech weigeren och Flüchtlinge bei sech opzehuelen. Fir dreckeg „Geschäfter“ ass sech d‘EU allerdéngs net ze schued.

Wien den Doud finanzéiert mécht sech matschëlleg

Scho mam Muammar al-Gaddafi, dem fréiere libeschen Diktator, hat et en „Deal“ ginn, fir datt dësen déi Flüchtlingen déi via Libyen a Richtung Europa ënnerwee waren, sollt ophalen. Den Diktator hunn se „liquidéiert“ (zumindest gehollef) an zanterhier beherrscht d‘Chaos dëst nordafrikanescht Land. Mënsche gi gefoltert, versklaavt, vergewaltegt an ënner onmënschleche Konditioune gelagert.

An awer „investéiert“ d‘EU-Kommissioun Milliounen Euro an den Opbau vun enger Küstewaach, vun där net gewosst ass, wéi enger Regierung oder Autoritéit si Rechenschaft schëlleg ass. Datt déi net agesat gëtt fir Mënschen ze retten, ass erwisen. Et gëtt also driwwer gestridden, wat et kascht Mënscheliewen ze retten, géintiwwer deem wat ee spuert, wann ee bezilt fir se stierwen ze loossen…

mat indymedia/rom/ber

Foto: D‘Crew vun der Alan Kurdi am Asaz. D‘Rettung vun de 44 Mënschen op dësem Holzboot soll mat de malteseschen Autoritéite koordinéiert gi sinn. Valetta huet dës Ausso net bestätegt © Sea-Eye.org

Ähnlech Sujeten Alan Kurdi, EU-Kommissioun, Frontex, Jean Asselborn, Mëttelmier, Sea-Eye, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel