Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

YFCL: Aktiv fir de Klimaschutz, och wärend der Coronakris
International Neiegkeeten

YFCL: Aktiv fir de Klimaschutz, och wärend der Coronakris

Trotz der grousser Opmierksamkeet op déi aktuell Pandemie huet d’Klimakris

Mamer Autokino in Concert – vum 20. bis 23. Juni 2020!
International Neiegkeeten

Mamer Autokino in Concert – vum 20. bis 23. Juni 2020!

Ronderëm Nationalfeierdag erwaart Iech zu Capellen, um Parking vum Bauhaus

Patiente Vertriedung: Ëffentleche Bréif zum Besuchsrecht an den Alters-an Fleegeheemer
International Neiegkeeten

Patiente Vertriedung: Ëffentleche Bréif zum Besuchsrecht an den Alters-an Fleegeheemer

Madamm Minister Cahen, Madamm Minister Lenert, ewéi schonn an eisem

No Wochen um Mier: Migranten dierfen zu Malta ofgesat ginn

Lëtzebuerg iwwerhëlt Verantwortung a Migranten

No Wochen um Mier: Migranten dierfen zu Malta ofgesat ginn

Fir déi 49 Migranten, déi sech op de Schëffer Sea-Watch 3 (37 Persoune) a Professor Albrecht Penck (17 Persoune) befannen, huet d‘Waarden op den Zougank zu engem sécheren Hafen, en Enn. No wochelaangen Diskussioune mat den europäeschen Autoritéiten, dierfen d‘Leit zu Malta u Land.

Um Mëttwoch huet de Premierminister vu Malta, Joseph Muscat, géintiwwer de Medie bestätegt, datt een eng Eenegung fonnt huet, an d‘Migranten op Malta dierfen ofgesat ginn. Dat war um Enn nëmmen doduerch gelongen, well d‘Migranten uschléissend op aacht Länner opgedeelt ginn. Dës Mënschen, déi den 22. respektiv 29. Dezember vun de genannte Schëffer aus dem Mier gefëscht goufen, haten um Mëttwochowend nees „fest Buedem“ ënnert de Féiss.

Béid EU-Memberlänner, Malta an Italien, haten de Schëffer den Zougank zu hiren Häfe verbueden. Malta hat, wéinst dem „onméigleche“ Wieder, de Schëffer erlaabt sech am Küsteberäich opzehalen, fir wéinstens e bëssi geschützt ze sinn. Während dëser ganzer Zäit, wou d‘Mannschafte vun dëse Schëffer an déi aus dem Mëttelmier gerett Migranten op „Äntwert“ gewaart hunn, hunn déi Instanzen, déi zu enge Léisung verhëllefe kënnen, hir Feierdeeg genoss.

Europa ass nëmmen eng Wirtschaftsunioun

Zu Bréissel, wou och de nationalisteschen a rietsextrem ausgeriichte Länner muss nogelauschtert ginn, schéngt ee sech dofir entscheet ze hunn, d‘ONGen déi Mënschen am Mëttelmier virum Dout retten, méiglechst esou ze behënneren, datt hinnen d‘Loscht vergeet. Dat ass schonn de Plang „B“, wëll d‘Flüchtlinge loossen sech net decouragéieren. De Wëllen ze iwwerliewen, ass anscheinend méi grouss, wéi de politeschen, déi Leit vun eis ewech ze halen.

Migranten

Esou hunn déi zoustänneg EU-Institutiounen alt nees gewaart bis et net méi anescht gaangen ass, wéi „awer eppes ze maachen“. D‘Zoustänn u Bord vun de Schëffer hunn dramatesch Zich ugeholl: laut der ONG Sea-Watch, war et Zäitweis zum Hongerstreik komm. Op der Professor Albrecht Penck (eigentlech e Fuerschungsschëff), huet d‘Drénkwaasser misse rationéiert ginn. D‘Leit hu geschloss wou grad Plaz war, Kleeder fir ze wiesselen huet et keng ginn, och Matrassen net

Aacht Länner hunn d‘Kéier kritt

Fakte bleiwe Fakten, och wann ee se als „Behënnerung vun der verfollegter Politik“ bewäert ginn. Déi Leit weider esou um Mier „festzehalen“ hat längst den Tatbestand vun „ënnerloossen Hëllef“ erfëllt, bis et zu enger Entscheedung komme konnt. Elo hunn aacht EU-Länner sech bereet erkläert, déi Migranten, an weider 249 Flüchtlingen, déi schonn zu Malta ukomm sinn, well si vun der maltesescher Küstewaach „gerett“ goufen, bei sech opzehuelen.

Migranten

© Alexander Draheim/Seebrücke

D‘Länner sinn: Däitschland, Frankräich, Holland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Portugal a Rumänien. An zu Bréissel hunn se et verstanen – mat der Zäit kënnt dat vum selwen – aus engem „schlechte Beispill“ fir sech en Erfolleg ze maachen. Den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos, huet ouni eng Minn ze verzéien, sech dohinner gestallt a gesot: „ech si frou, datt d‘Migrante vun de Schëffer endlech u Land dierfe goen“. Wat eng Hypokrisie…

Zum Dank verflicht, well et den Anstand fuerdert

Egal wéi éierlech – oder och net – den Dimitris Avramopoulos et gemengt huet, hien huet et net vergiess, der maltesescher Regierung Merci ze soen, dat d‘Schëffer op der Insel hunn dierfen uleeën. Zesumme mat deenen aacht Länner, déi zougesot hunn d‘Migrante bei sech opzehuelen, géif een hei engem besonnesch luewenswäertem Geste vun „aktiver Solidaritéit“ géinteniwwer stoen. Praktesch: hie muss seng eegen Ausso net eescht huelen.

Migranten

Wat bei all dëser politescher „Verbruetheet“ a meeschte stéiert, ass d‘Tatsaach, datt d‘Zuel vun de Flüchtlingen déi iwwert d‘Mëttelmier Europa erreeche wëllen, schonn eppes méi laang réckleefeg ass, wat eigentlech eng gutt Noriicht wier, wieren 2018 net ëm déi 2.300 Mënschen am Mier ersoff. An dat sinn och nëmmen déi offiziell Zuelen, zu der Donkelziffer traut sech keen ëffentlech Stellung ze ergräifen. D‘ONG huet trotzdeem weider Missiounen net ausgeschloss.

Foto: © Seebrücke (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Dimitris Avramopoulos, Flüchltlingen, Joseph Muscat, Malta, Mëttelmier, Sea-Watch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel