Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

moneysurprise
D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert
International Neiegkeeten

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

Zwanzeg Milliarden Euro, véierzeg, siechzeg? Déi Zuelen déi ëmmer nees

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg

Leschten Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel (DP), zesumme mam

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz
International Neiegkeeten

AMMD: Grouss Opreegung wéinst dem Spidolsgesetz

Beim Verband vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) ass d‘Opreegung

Migratioun: De briteschen Dram

Paräis a London „hunn e Plang“ fir d‘Migranten ofzehalen den Äermelkanal ze iwwerquieren

Migratioun: De briteschen Dram

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op eng verstäerkten, bilateral Zesummenaarbecht verstännegt. Si wëllen de Versich vun de Migranten, den Äermelkanal mat klenge Booter ze iwwerquieren, eppes entgéint setzen.

Am Verlaf vum Telefonsgespréich, hunn de Sajid Javid an de Christophe Castaner e „strammen Aktiounsplang“ vereenbart, esou zumindest de briteschen „Home Office“. Laut dësem Plang, soll d‘Zuel vun de Patrullen, d‘Aktioune géint d‘Drogenhändler an d‘Sensibiliséierung vun de Migranten – fir se vum iwwerquieren ofzehalen – verstäerkt ginn.

Dës Moossname gi vum franséisch-britesche Koordinatioun- an Informatiounszenter vu Coquelles (bei Calais) organiséiert a koordinéiert. „Groussbritannien a Frankräich wäerten sech oop gemeinsam Efforte stäipe fir déi illegal Migratioun ze stoppen, wat esouwuel eis Grenzen, wéi och Mënscheliewe schützt“, esou de Sajid Javid. Am Januar soll et eng weider Entrevue ginn.

Géintiwwer dëse Moossnamen huet déi britesch ONG „Detention Action“, déi de Migranten hëlleft, de Minister opgefuerdert „de Mënschen an Nout e séchere Passage unzebidden“ an esou „nei mënschlech Tragedien ze vermeiden“. De briteschen Inneminister war an d‘Kritik geroden, fir seng „Äntwert“ géintiwwer den Arrivéeën, an déi quasi deeglech Verhaftungen un der Küst.

Wou e Wëllen ass, do ass och e Wee

De konservativen Deputéierte vum Kent, Rehman Chisti, bedauert an dëser Fro en eklatante Mangel u Leadership, während d‘Aarbechterpartei (Labour), déi eigentlech Oppositioun, gemengt huet, datt de Minister sech vill ze vill Zäit léist fir ze reagéieren.

Fir den Deputéierte vun Dover, de konservative Charlie Elphicke, kann et esou net weidergoen: „Iwwer 200 Migrante sinn an de leschten zwee Méint mat klengen Embarcatiounen op der Küst vu Kent ukomm“. An enger Tribün déi vun der Daily Mail verëffentlecht ginn ass, huet hien affirméiert datt „de Problem en ni do gewieschten Ausmooss erreecht huet“.

De Charlie Elphicke fuerdert vun der Regierung, datt si d‘Schëffer vun der britescher Grenzpolice, déi den Ament am Mëttelmier patrulléieren, zréck an den Äermelkanal beuerdert. E Sonndeg waren op enger Plage vu Kingdsdown (bei Dover) sechs Iraner verhaft ginn, déi den Äermelkanal mat engem Schlauchboot iwwerquiert haten. An esou ass et säit Wochen…

Et ass net vun der Hand ze weisen, datt sech d‘Versich vun de Migrante geheeft hunn. Säit dem 23. Dezember hunn eng honnert Mënsche vun de franséischen oder briteschen Autoritéite missen aus dem Waasser gefëscht ginn. Den Äermelkanal ze iwwerquieren ass eng riskant Entreprise, datt wéinst dem Schëffsverkéier, de staarke Stréimungen an der niddreger Waassertemperatur.

mat AFP

Foto: Migranten aus Afghanistan (hei en Archivbild vum 19. September dat zu Calais opgeholl ginn ass) kucken sech de Schëffsverkéier um Äermelkanal un. Si hunn een Dram, ee Wonsch: eriwwer op d‘Insel. Säit et „komplizéiert“ ginn ass sech op e Camion oder eng Fähr ze „schmuggelen“, gëtt elo verstäerkt op kleng Embarcatiounen zréckgegraff. Frankräich a Groussbritannien wëllen dat elo ënnerbannen. © Philippe Huguen/AFP

Ähnlech Sujeten Äermelkanal, Calais, Christophe Castaner, Dover, Migranten, Migratioun, Sajid Javid, Schlauchboot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel