Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den LCGB stäerkt seng Majoritéit am Transportsecteur
travel dating blog today show dating apps

funny joke for dating app

Nodeems d‘Sozialwahle vum 12 Mäerz an enger Firma hu misse

i got the hook up bike scene
travel dating blog today show dating apps

Eng Majoritéit vun de Fransouse géint d‘Reform vum Aarbechtsrecht

Laut dem Sondage vun „Harris interactive“ fir RMC (Radio Monte

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!
travel dating blog today show dating apps

Du muss The Polka King net kucken. Schueden deet et der awer och net!

The Polka King ass e Film, deen ee weder als

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

Migratioun: Italien am Clinch mat der EU

E Freideg huet Italien säi Wëlle bestätegt et mat der EU opzehuelen, an eng Reglementéierung vun der Migratioun ze erzwéngen. 150 Migrante sinn esou nach ëmmer op Sizilien blockéiert, d‘Regierung déi net wëll vun Diciotti erofloossen. Sollt sech am „Dossier“ näischt beweege wier ee genéidegt, seng Bäiträg un den EU-Budget kierzen.

Roum huet Bréissel en Ultimatum gestallt. De Wirtschaftsentwécklungsminister Luigi di Maio, an den Inneminister Matteo Salvini hu wësse gelooss, datt elo d‘Zäit vun der Humiliatioun eriwwer ass. „D‘EU huet op e neits Italien de Réck zougewennt“, heescht op der Facebooksäit vum Luigi di Maio. „Mir si bereet d‘Zouweisungen un d‘EU ze reduzéieren“.

Eng stramm Reaktioun op déi informell Reunioun zur Migratiounsfro zu Bréissel, déi wéi erwaart ouni Accord ofgeschloss ginn ass. De Matteo Salvini huet an enger italienescher Radiosemissioun gesot: „Wa si en Europa esou maache wéi wann se et net géife verstoen, an der Tatsaach geschëlt datt mir vill abezuelen, da maache mir wat muss gemaach gi fir eppes manner ze bezuelen“.

„Italien muss Notiz dovunner huelen, datt Europa haut eng gutt Geleeënheet verpasst huet, ënner Beweis ze stellen, wéi eescht et hir ass, d‘Prinzipie vu Solidaritéit a Verantwortung ze respektéieren“, bedauert sengersäits de Regierungschef Giuseppe Conte op Facebook. An ouni op Detailer anzegoe füügt hie bäi datt „Italien seng Konsequenzen dorausser zitt“.

D‘Mooss schéngt voll ze sinn

Den Alexandre Winterstein, Spriecher vun der EU, notéiert: „Nach ni huet e Memberstaat refuséiert säi Beitrag ze bezuelen. Eng Verflichtung déi an den EU-Traitéen néiergeschriwwen ass“.

A wann ee sech emol d‘Zuele vun der EU-Kommissioun virun Ae féiert, da stellt e fest, datt Italien 2016 ganzer 14 Milliarden Euro abezuelt huet, an der ronn 11,6 duerch déi verschidde Programmer zeréck krut. 2017 huet Italien 10 Milliarden abezuelt. Dës Zuele variéieren awer vu Joer zu Joer.

Déi nei italienesch Regierung, där nogesot gëtt si wier populistesch, huet den Drock op déi aner Memberlänner erhéicht, fir esou ze erreechen, datt et zu enger besserer Opdeelung vun deene Leit kënnt déi am Mëttelmier opgegraff ginn. Säit 2014 si 700.000 Mënschen esou an Italien ukomm. Géintiwwer Juli 2017, wier d‘Zuel vun den Arrivéeën awer ëm 80% zréckgaangen.

Wann dat u sech eng gutt Nouvelle ass, esou hunn d‘Spannungen nees zougeholl, nodeems d‘Schëff Diciotti vun der italienescher Küstewaach eng 190 Migranten (15./16. August) gerett hat. Roum hat an enger éischter Phas dem eegene Schëff d‘Alafen an en italieneschen Hafen ënnersot, iert et no e puer Deeg Sizilien konnt usteieren. Hei sinn awer just d‘Kanner vu Bord gelooss ginn.

Eng kritesch Situatioun

Eng Rei Perséinlechkeeten an Italien hunn d‘Liewenskonditioune vun den 150 Migranten, Männer a Fraen déi haaptsächlech aus Erithrea stamen, denoncéiert. Déi wiere säit iwwert enger Woch um Deck vum Schëff zesummegepercht. De „Verdeedeger vun de Rechter vun Inhaftéierten“, eng offiziell Institutioun, huet sech dann och e Freideg un d‘Parquete vu Catania an Agrigente gewannt.

An engem Bréif weisen si op déi „kritesch Situatioun“ vun de Migranten u Bord vun der Diciotti hin. Si weisen an dësem Schreiwes och drop hin, datt sech Italien juristesche Suitten duerch international Instanzen aussetzt. Déi zwee sizilianesch Parqueten hunn zudeem eng Enquête iwwer d‘Diciotti ageleet. Heibäi geet et ëm Mënschenhandel a Sequestratioun vu Mënschen.

„Wann e Riichter mech verhafte Wëll, ech waarden, kee Problem“, esou d‘Äntwert vum Matteo Salvini. Laut italienesche Medien, hunn eng kleng Unzuel vu Migranten en Hongerstreik ugefaangen, fir esou géint hir Retentioun um Schëff ze protestéieren. Vun der AFP befrot, huet déi italienesch Küstewaach bestätegt, datt déi Migranten e Freideg hire Kaffi refuséiert hunn.

Am Nomëtteg sollen sech d‘Migranten nees berouegt, an d‘Mëttegiessen ugeholl hunn, esou eng Rei italienesch Medien. Op elo een d‘Iesse wat him ugebuede gëtt unhëlt oder och net, ass net dem Inneminister seng éischt Suerg. Säi Kommentar dozou: „Fënnef Milliounen Italiener déi an Aarmut liewen, sinn all Dag am Hongerstreik. Dat ouni vun de Journaliste bemierkt ze ginn“.

D‘Migrante verloossen d‘Diciotti

Um Samschdeg, nodeems sech nees Länner fonnt hunn fir Migranten opzehuelen, huet de Matteo Salvini „gréng Luucht“ gi fir d‘Migranten u Land ze loossen. Déi hunn, een nom aneren, d‘Diciotti verlooss, a goufen nach op der „Bréck“, iert se vum Roude Kräiz konnten empfaange ginn, erkennungsdéngschtlech behandelt.

Gewosst ass, datt Albanien an Irland jeeweils 20 Persounen ophuelen. Ëm déi ronn 100 verbleiwend këmmert sech déi kathoulesch Kierch an Italien. Dës Informatioun gouf esou vum Ministerpresident Giuseppe Conte bestätegt.

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, deen d‘Leit nëmmen da vum Schëff erof wollt loossen, wann sech EU-Memberlänner bereet géifen erklären d‘Migranten opzehuelen, huet de Bou iwwerspaant. Et gëtt net nëmme méi géint „Onbekannt“ enquêtéiert, mee och hien ass Géigestand vun Ermëttlungen. Dem Inneminister gëtt Fräiheetsberaubung an Amtsmëssbrauch virgeworf.

mam Frank Iovene/AFP

Foto: Op der Diciotti, engem Schëff vun der Italienescher Küstewaach, dat am Hafe vu Catania op Sizilien drop waart sech senger mënschlecher Fracht ze entleedegen, ginn eng 150 Migranten op Uerder vu Roum festgehalen. Italien wëll, well et Europa mat der Solidaritéit an der Verantwortung net esou eescht ze huele schéngt, elo wëssen, an dréit domatter seng Beiträg un d‘EU ze kierzen. © Giovanni Isolino/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Europa, Italien, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel