Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: „de nordiresche Patient“
International Neiegkeeten

Brexit: „de nordiresche Patient“

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag
International Neiegkeeten

Open Air Konschtfestival zu Lellgen op Nationalfeierdag

D’Open Air Konstfestival A.s.b.l. luet den 23. Juni 2019 op

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?
International Neiegkeeten

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?

Säit Mëtt-Dezember kënnen sech d‘Membere vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei

Migratioun: Paräis a Berlin fuerdere Fortschrëtter ouni op de Konsens ze waarden

Migratioun: Paräis a Berlin fuerdere Fortschrëtter ouni op de Konsens ze waarden

Frankräich an Däitschland ruffen zu Accorden ënnert e puer Länner op, déi den Erausfuerderungen am Kontext vun der Migratioun gerecht ginn. E Sujet deen Europa op d‘Prouf stellt, an vill Froen opwerft.

Zu hirer 16 waren se, d‘Staatscheffen déi sech um Sonndeg zu Bréissel fir en Mini-Sommet getraff haten, a sech eigentlech virgeholl haten, eppes géint d‘Spannungen ze ënnerhuelen déi et wéinst der Migratioun gëtt.

Gläichzäiteg gëtt et op e neits Sträit am Mëttelmier, tëscht enger ONG an der italienescher Regierung. Et ass nees e Boot bei Malta blockéiert ginn. Heibäi handelt et sech ëm e Schëff vun der däitscher ONG „Lifeline“ mat 239 Migranten u Bord. Italien a Malta hunn dem Schëff den Zougang zu hiren Häfe verbueden.

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini (Lega Nord), huet dann och déi international ONGen an Hëllefsorganisatioune gebueden, sech vun de Rettungsmissioune virun de libescher Küst ewech ze halen, an déi libesch Küstewaach hir Aarbecht maachen ze loossen. „Déi italienesch Häfe sinn a bleiwe fir déi gespaart, déi de Mënschenhändler duerch hir Aarbecht hëllefen“, ënnersträicht de Salvini.

Am Owend hat de Matteo Salvini ugekënnegt, datt déi libesch Küstewaach, iwwer de Sonndeg, méi wéi 820 Mënschen aus dem Mëttelmier geholl, an nees zréck a Libyen bruecht hunn.

Näischt konkretes an awer mat sech zefridden

Déi „informell Reunioun“ ee Sonndeg zu Bréissel huet näischt konkretes ervirbruecht, mee de franséische President Emmanuel Macron huet se um Enn als „Nëtzlech“ bezeechent. Méi konkret: „dës Reunioun huet eis d‘Méiglechkeet ginn, déi Mesuren auszeschléissen, déi net eise Wäerter entspriechen, wéi d‘Strategie vun der Zréckweisung“, esou den Emmanuel Macron, dee weider fir eng „europäesch Léisung“ plaidéiert.

Et ass awer eng Léisung, déi sech eenzeg an eleng op d‘Zesummenaarbecht tëscht Memberstaaten stëtze kann. Op et eng Zesummenaarbecht zu 28 ass, oder just ee puer Länner sinn déi sech hei zesummeschléissen, fir endlech Fortschrëtter ze erreechen, sief dohigestallt. Domatter ass de franséische President op der Linn vun der däitscher Bundeskanzlerin.

„Mir sinn eis alleguerten eens, datt déi illegal Migratioun muss agedämmt an eis Grenze verdeedegt ginn“, esou d‘Angela Merkel (CDU). Mee wann de Konsens onméiglech ass, „da muss et eis geléngen déi zesummenzekréien, déi aus eegene Stécker bereet sinn, e gemeinsamen Aktiounskader ze fannen“.

An d‘Kanzlerin hat dann och d‘Noutwennegkeet ugeschwat, bilateral oder trilateral Accorden ze fannen déi de gemeinsamen Interessen entspriechen. Domatter mécht d‘Angela Merkel elo scho verständlech, datt et beim „grousse“ Sommet vum 28./29. Juni zu Bréissel, net zu enger „globaler Léisung“ bei der Migratioun wäert kommen.

Esouwäit ewech vun enger Léisung…

Béid Staatscheffen, d‘Angela Merkel an den Emmanuel Macron, huet den Akzent drop geluecht, de Problem vun de sekundäre Bewegungen an de Grëff ze kréien. Dat heescht, déi Migranten an Demandeure fir Asyl, déi sech innerhalb der EU bewegen amplaz an deem Land ze bleiwe wou se ukomm sinn. Dat zumindest esou laang bis eng Entscheedung zu hirer Demande virläit.

An dat ass et och wat den däitschen „Heemechtsminister“ Horst Seehofer (CSU) am Schëld féiert, wann hien d‘Aféierung vun enger Zréckweisung op der Grenz bestëmmt. Eng Iddi déi senger Cheffin esouguer net gefält, an zur Belaaschtung vun der Koalitioun gëtt. D‘Angela Merkel zitt et vir, sech hei mat de Nopeschlänner ofzeschwätzen.

Hanner virgehalener Hand ass ugefouert ginn, datt „de Grondgedanke vun dëser Reunioun war eigentlech d‘Bundeskanzlerin ze retten“. Esou huet et dann och wéineg verwonnert a kaum gestéiert, datt d‘Länner vum „Visegrad Grupp“ (Polen, tschechesch Republik, Slowakei an Ungarn) dëse klenge Sommet boykottéiert hunn. Italien huet awer Deel geholl.

An den italienesche Premierminister Giuseppe Conte, hat no der Reunioun och gemengt „ganz zefridden“ mat de Gespréicher ze sinn ze sinn, déi et him erlaabt hunn seng Propositiounen op den Dësch ze leeën.

Muss een d‘Dubliner Ofkommes reforméieren?

Laut engem Dokument datt d‘Kollege vun der AFP konnten agesinn, huet Roum notamment gefuerdert, de Prinzip vum Dubliner Ofkommes – wouranner festgehale gëtt, datt dat Land an deem de Migrant oder de Refugié ukomm ass, och fir d‘Demande fir Asyl zoustänneg ass – ze iwwerdenken. D‘Bestriewen „Dublin“ ze reforméieren ass säit zwee Joer op engem doudege Punkt. Dat läit net zu lescht um Visegrad Grupp, déi sech géint all Form vu „Verdeelung“ wieren.

Esou freet Italien dann och, datt et muss zu finanzielle Sanktioune géint déi Länner muss kommen, déi keng Migrante wëllen ophuelen. Eng Fuerderung déi esou och vum Emmanuel Macron gestëtzt gëtt, awer iergendwéi net duerchzesetzen ass.

Woubäi et wichteg ass drop hinzeweisen, datt um Samschdeg den Toun tëscht Italien a Frankräich nach emol liicht „ausfalend“ gi war. De Giuseppe Conte hat dem Emmanuel Macron virgeworf „Arrogant“ ze sinn, nodeems dësen, Italien virgeworf hat „geschlossen Zenter“ ze erriichte wou d‘Migranten agespaart bleiwen, bis hir Demande behandelt ginn ass.

Um Sonndeg huet de franséische President, Italien frëndlech drun erënnert, datt Paräis vu kengem eng „Lektioun“ muss erdeelt kréien. An den Emmanuel Macron huet och erwähnt, datt Frankräich zanter dem Joresufank méi Demande fir Asyl erhalen huet, wéi Italien.

EU Baussegrenze sécheren, Lager an den Transitlänner

Gewosst ass bis ewell, datt ee sech an Europa wéinstens op engem Punkt eens ass: d‘Verstäerke vun den EU Baussegrenzen. Verantwortung iwwerhuelen, an dat zesummen, doriwwer geet gestridden, während am Mëttelmier d‘Leit weider erdrénken. Dobäi hätt ee missen dovunner ausgoen, datt mat engem notabele Réckgang vun der Zuel u Leit déi d‘Küste vun Europa erreechen, méi Solidaritéit méiglech wier.

De belsche Premierminister Charles Michel hält d‘Iddi, fir baussent Europa „Orientéierungszenter“ oder „Hotspots“ anzeriichten – als Referenz zu de Proposen „Debarquement-Plattformen“ fir aus dem Mier gerett Migranten anzeriichten, och baussent der EU, hei ass Tunesien am Gespréich – fir e gudde Virschlag. Hei kéint een och an den Transitlänner iwwer „Opnamezenter“ nodenken.

Et gi vill Projeten ugeschwat, déi drop aus sinn, d‘Migrante virun der „Iwwerfaart“ iwwer d‘Mëttelmier ze „zortéieren“. Op Lager oder Orientéierungszenter, hei soll nach iert d‘Migranten d‘Küst erreechen, gekuckt gi wien eng Chance op Asyl huet, an wien muss decouragéiert ginn déi geféierlech rees iwwert d‘Mier unzetrieden.

Wunn de Mëttel, politesch wéi finanziell, déi agesat misste gi fir an de Länner wouhier déi vill Leit kommen, déi de Mënsche Perspektive bidden, war e Sonndeg zu Bréissel wéineg ze héieren. Wéi ee gedenkt mat den italienesche Fuerderungen ëmzegoen, a wat beim EU-Sommet Enn Juni méiglech ass, dat steet nach an de Stären.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Den italienesche Premierminister Giuseppe Conte am Gespréich mam franséische President Emmanuel Macron. De Refus vun Italien d‘Schëffer vun den ONGe mat hirer mënschlecher Fracht an d‘Häfen eranzeloossen, huet zu engem liichten Dissens tëscht de Nopere gefouert. © Yves Herman/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Frankräich, Italien, Mëttelmier, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel