Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag
International Neiegkeeten

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Neiegkeeten

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus
International Neiegkeeten

Washington: Tëleerealitéit am Wäissen Haus

E Méindeg huet sech den Donald Trump, mir näischt, dir

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet

Migratiounskris: Transitlager um Menü vum Paräisser Mini-Sommet

E klenge Sommet deen de franséische President e Méindeg presidéiert huet, war just engem Zweck geschëlt: Flüchtlinge schonn an Afrika identifizéieren. Esou sollten der manner iwwert d‘Mëttelmier kommen.

Den Emmanuel Macron an d‘Angela Merkel hätte gären, datt schonn an den „Transitlänner“ Niger an Tschad, d‘Asylchancë vu Flüchtlinge sollen iwwerpréift ginn. „A béide Länner sollten all déi identifizéiert ginn déi e Recht op Asyl hätten“, esou de franséische President beim Ofschloss vum Sommet mat europäeschen an afrikanesche Staatscheffen.

Eng Kéier ermëttelt, sollten déi (gutt) Flüchtlingen dann esou schnell ewéi méiglech a Sécherheet bruecht ginn (an net de geféierleche Wee iwwert d‘Mëttelmier Richtung Europa huelen). Beopsiichtege soll dat d‘UN-Flüchtlingshëllefswierk UNHCR. Dozou ee puer vun de wichtegste Froen erkläert.

Wat ass en „Hotspot“?

Schonn Enn Juli hat den Emmanuel Macron d‘Méiglechkeet, a Libyen „Hotspots“ anzeriichten. Eng Iddi déi bei villen ONG‘en schlecht ukomm ass. Déi hunn esou ferm op d‘Tromm geschloen, datt den Elysée dee Gedanken dunn ad acta geluecht huet.

Den Hotspot, esou wéi ze verstoen, designéiert déi Zentre wou d‘Leit enregistréiert an identifizéiert ginn. Esou wéi beispillsweis a Griicheland (fënnef op den Inselen, mat vun 8.000 bis 10.000 Persounen) an Italien (véier Zentren).

Enn 2015 vun den Europäer am Kader vun der Migratiounskris erfonnten Dispositif, fir d‘Fangerofdréck vun de Leit ze huelen, festzestelle wien e Recht op Asyl huet. Se solle vun de „Wirtschaftsflüchtlingen“ getrennt kënne ginn. Wien Asyl zougestane kritt soll dann am Kader vun der Relokalisatioun an Europa ënnerbruecht ginn.

Erschreckend hei dann d‘Feststellung, datt zanter dem EU-Tierkei Accord iwwert d‘Réckféierung vun de Flüchtlingen (2016) kee Migrant d‘Hotspots op de griicheschen Insele verlooss huet.

Kann een déi „Hotspots“ no Libyen verleeën?

Wann ee sech d‘Sécherheetslag vum Land ukuckt, an deem virun allem de Chaos gutt fonctionnéiert, da kann een net vun enger gudder Iddi schwätzen. „Haut (nach) net méiglech“ bestätegt dann och den Elysée. De Missiounschef vun MSF a Libyen, Jean-Guy Vataux ënnersträicht: „Dat Land huet keng Aysl-Kultur“.

Bis ewell ginn eng 7.000 bis 8.000 Migranten a ronn 20 „offizielle“ Zentre festgehalen. D‘Liewenskonditioune sinn, esou vun den ONG‘en erwisen, onmënschlech. Zu den sougenannten offiziellen, kommen dann eng Rëtsch inoffiziell Zentren (Lagerhalen) derbäi. Déi gi vu Milize geréiert a kee wëll wësse wat do ofleeft.

Paräis (a Berlin) wëll de Problem dann nach éischter ugoen. Dat heescht schonn am Niger an am Tschad Hotspots ariichten. Woubäi een zu Paräis dann awer léiwer op d‘Bezeechnung „Orientéierungszentren“ zeréckgräift, wat eleng déif blécke léisst.

Am Tschad gëtt et aktuell eng 400.000 Refugiéen an bis zu 100.000 heemechtsloser. Am Niger huet een zwou Zorte Lager: Déi wou vun der HCR geleet ginn an haaptsächlech de Nigerianer virbehale sinn, an d‘Lager ënnert der Gestioun vun der OIM, fir d‘Migranten déi iwwert Libyen no Europa wëllen.

Wéi eng „Form“ sollen déi Transitlager kréien?

Eng Optioun wier e System dee sech scho bewisen huet: dee vun der Reinstallatioun. Eng Form déi et säit 2015 am Libanon gëtt (wou net manner wéi eng Millioun syresch Flüchtlinge registréiert sinn) mee och an der Tierkei an a Jordanien Uwennung fënnt.

An deene Lager vum HCR oder der OIM, gi beispillsweis vum franséische Büro fir de Schutz vu Refugiéeën an Apatriden, selektionéiert Migrante gelauschtert iert se a Frankräich transferéiert ginn, wou hinne schnell Asyl kann accordéiert ginn. Eng 5.500 Mënschen hunn vun dëser Mesure, op déi zwee leschte Joer, an den dräi Länner profitéiert.

„Et geet drëms d‘Instruktioun vun den Dossieren ze delokaliséieren“ verséchert een säitens der franséischer Presidence a versprécht „dat misst sech ganz schnell ariichte loossen“. 2016 awer waren insgesamt 85.000 Demanden a Frankräich registréiert ginn. Laut offiziellen Zuelen, sinn der 36.000 accordéiert ginn.

Aus Niger dann d‘Informatioun, datt et „net nei ass. (…) Dës Transitlager oder Zentre gëtt et schonn a mir schaffe mam HCR an der OIM zesummen“. Net ze vergiessen, datt d‘EU am Juli dem Niger eng finanziell Hëllef an héicht vun 10 Milliounen Euro iwwerwisen huet, fir géint déi heemlech Migratioun virzegoen.

Ass et méiglech, déi südlech Grenz vu Libyen zou ze maachen?

Éischter net, och wann de Khalifa Haftar, de „staarke“ Mann aus Ost-Libyen do eng Possibilitéit wëll gesinn. Dee mengt nämlech, datt ee mat engem Investissement an héicht vun 20 Milliarden US-Dollar op 20 bis 25 Joer d‘Grenz kéint ofrigelen. Zum Verglach hei awer eng aner Zuel: d‘EU hat 1,8 Milliarden Euro op den Dësch geluecht, fir d‘Entwécklung an Afrika. Dat war esou beim Migratioun-Sommet op Malta 2015 decidéiert ginn.

Europa ass sech awer der strategescher Roll vu Libyen bewosst. Et ass dat Land wou – och wéinst dem virherrschende Chaos – déi meescht versichen iwwert d‘Mëttelmier no Europa ze kommen. Fir de Leit dëse Wee ze verspären, huet d‘EU ee puer honnert Mann fir déi libesch Küstewaach ausgebilt an Italien huet Schëffer geliwwert.

D‘Iddi ass, mat Hëllef vun de Patrulle virun der libescher Küst, d‘Migranten an hire Noss-Schuelen a Schlauchbooter opzegräifen an zréck a Libyen ze schécken. Hei stellt sech dann déi delikat Fro vun de Mënscherechter. Zudeem stellt Tripolis och nach Konditiounen. Hei gëtt Ënnerstëtzung agefuerdert fir d‘Küstewaach auszestafféieren, an niewebäi och erwaart, datt de Waffenembargo, de vun der UNO 2011 duerchgesat gi war, opgehuewe gëtt.

mat AFP

Foto: (v.l.n.r.) Frederica Mogherini, zoustänneg op der EU fir Aussenhandel a Sécherheet; Mahamadou Issoufou, President vum Niger; Idriss Deby, President vum Tschad; Emmanuel Macron, President vu Frankräich; Angela Merkel, Kanzlerin vun Däitschland; Mariano Rajoy, Premierminister vu Spuenien. (© Ludovic Marin/AFP)

Ähnlech Sujeten Afrika, Europa, Flüchtlingen, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel