Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng grenziwwerschreidend Konventioun: Fir de Waasserschutz tëscht Lëtzebuerg a Wallounien
International Stories

dating a girl with a busy schedule

Fir déi grenziwwerschreident Kooperatioun zum Schutz vum Waasser a Wallounien

dating donne russe
International Stories

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

Weltmëllechdag: Minister Schneider empfänkt Mëllechwirtschaftler
International Stories

Weltmëllechdag: Minister Schneider empfänkt Mëllechwirtschaftler

An de fréie Mueresstonne virum Weltmëllechdag (Journée du lait) huet

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn

Eis däitsch Nopere ginn nei Weeër an der Migratiounspolitik

Migratiounspak: Op der Sich no gescheite Käpp an talentéierten Hänn

Méintelaang ass sech gestridde ginn a „verbal Handgräiflechkeeten“ hunn den hefteg ëmstriddene Migratiounspak och an der Ëffentlech begleet. E freideg huet de Bundestag eng Rëtsch u Gesetzer zu Asyl an Awanderung beschloss. De Fazit: Et feelt un Allem, virun allem un Humanitéit.

Esou richteg Erfreet kënnen déi sougenannte Volleksparteien – déi grad emol mir näischt dir näischt d‘EU-Wahle gehéierlech verluer hunn – iwwert den eegenen Humanitéitsverloscht net sinn. Déi grouss Koalitioun vu CDU/CSU an SPD (GroKo) huet e pak vu 7 Gesetzprojeten an de Beräicher: Asyl, Ausweisung an Awanderung virgeluecht. Si sinn dann och vun der Majoritéit ugeholl ginn…

Zolidd Changementer gëtt et virun allem fir refuséiert Asyldemanden, déi mat enger Ausweisung statuéiert ginn. Zudeem dreet Demandeuren, déi falsch Auskunft iwwer Numm an/oder Hierkonft ginn, Identitéitsdokumenter gefälscht oder manipuléiert hunn, eng Sanktioun. Dee Punkt gouf dann och net wierklech kritiséiert, wougéint d‘Gesetz zur Ausweisung nëmme bei der AfD begréisst gëtt.

Wiem seng Demande refuséiert ginn ass, deem soll et zukünfteg eppes méi schwéier gemaach ginn sech enger Ausweisung ze entzéien. Op Amtsdäitsch nennt sech d‘Gesetz „Geordnete-Rückkehr-Gesetz“ an hei gouf festgehalen, datt Persounen déi ausgewise solle ginn, sech net méi „verstoppe“ sollen, firwat et den Autoritéite méi liicht gemaach gëtt Leit festzehalen, respektiv ze verhaften.

Interessant – well net wierklech am Aklang mat de Mënscherechter – de Fait, datt d‘Autoritéiten, déi betraffe Persounen am Kontext vun der Haft, raimlech trennen dierfen. Dobäi ass et irrelevant ob se am Prisong oder engem sougenannten Anker-Zenter ënnerbruecht sinn. Zudeem dierf den Openthalt an dësen Zentren op bis zu 18 Méint verlängert ginn. Heifir muss kee verbrieche virleien.

De staarke mann aus Bayern

Dës 30er-Jore Politik hunn eis Noperen dem Horst Seehofer – fréiere bayresche Ministerpresident, elo Heemechtsminister – ze verdanken, dee mat alle Mëttele versicht sech riets vun der AfD ze positionéieren. Hien huet seng Migratiounspolitik mam Argument: „D‘Erausfuerderunge vun der globaler Migratioun erfuerdert e System vun der Uerdnung“ verdeedegt an duerchgesat kritt.

Seng Ausso: „Nëmme mat enger Begrenzung vun der Migratioun kann Integratioun geléngen“, huet dem däitschen Inneminister vill Zoustëmmung aus den eegene Reien abruecht, leider och vum eigentleche Géigner, der AfD. Als „anti-establishment“ an Oppositiounspartei dierf déi dat esou net weisen, firwat si vun „huelen Annonce“ schwätzt, insgesamt awer hofft datt d‘Gesetzer gräifen.

D‘Sozialisten, déi elo vollstänneg d‘Buedemhaftung an déi eege Wuerzele verluer hunn, sollen ëm Kompromësser gerongen hunn. Wierkleche Stress awer, schéngen hir Volleksvertrieder am héijen Haus mat de Gesetzer net gehat ze hunn. Dobäi sollten si wëssen, datt et der Koalitioun hir lescht Stonn ass, wat et ëm esou méi onverständlech mécht, firwat si dës Gesetzer esou séier ugeholl hunn.

Elo dierf sech d‘SPD d‘Ënnerstellung gefale loossen, si hätt de Migratiounspak matgedroe well et déi eenzeg Optioun ass an der GroKo, ergo un der Muecht ze bleiwen. „die linke“ an „die Grünen“ hate wuel versicht de Migratiounspak vun der Dagesuerdnung sträichen ze loossen, och mam Argument, datt een hei gravéierend Verletzunge vun de Grondrechter géif bëllegend a Kaf huelen.

Dem Bierger ze vill komplex

Dat et bei esou engem déifgräifende Sujet keng seriéis Berodunge soll ginn hunn, wou jo awer esou laang „gestridde“ ginn ass, ass vun de Konservative wéi de Sozialiste gläichermoossen zréckgewise ginn. De Sozialist Helge Lindh verzerrt den Discours andeems op d‘Ausweisungen an deene Bundeslänner hiweist an deenen „die Grünen“ matregéieren. Dofir huet hie vill Applaus erhalen…

Wann awer justement e Sozialist sech ermontert fillt ze soen: „Heiansdo gëtt et eng ganz schmuel Grenz tëscht Gerechtegkeet a Selbstgerechtegkeet“, da muss et erlaabt sinn ze froen, firwat hien net Member an der AfD ass? Seng Rhetorik – an dësem spezielle Kontext – ass zumindest populistesch, well net Ziilféierend, wann engem déi sozial Kohäsioun am eegene Land nach eppes wäert ass.

Déi droleg SPD-Fraktiounscheffin, Eva Högl, schléit dem Faass dann och nach de Buedem aus, an nennt dat ganzt e „Kompromëss“, op deen d‘SPD net houfreg wier. Et wier de Revers vun der Medail an enger weltoppener Gesellschaft. Et kéint net jidderee bleiwen an de Migratiounspak ass e wichtegen, a virun allem noutwennege Schratt a Richtung vun enger reglementéierter Awanderung.

Ob dat dann esou och vum Wieler – besonnesch deenen eegenen – begréisst gëtt? Doriwwer ass sech net de Kapp zerbrach ginn, fir de Bierger wier de Migratiounspak mat all senge Gesetzer vill ze komplex, wéi datt et deem gi wier alles detailléiert ze iwwerblécken. Zudeem ass Däitschland beim Thema Migratioun eng gespléckten Natioun, an déi Gesetzer maachen absolut näischt besser.

D‘Rosénge pickt ee sech eraus

Elo ass och fir en nationalistesch orientéierten Inneminister Migratioun net gläich Migratioun. An dofir gëtt et och en „Awanderungsgesetz fir Fachleit/Spezialisten“, woumatter anscheinend enger Fuerderung vun de Sozialiste Rechnung gedroe gëtt. Dat well den Horst Seehofer a sengem Gesetz, nieft den Akademiker, och Mënsche mat enger (brauchbaren) Beruffsausbildung an d‘Land léisst.

Dat huet awer wéineg mat „Fuerderung“ ze dinn, mee ass enger reeller wirtschaftlech orientéierter Demande geschëlt. Fir déi Beruffer an deenen d‘Fachleit feelen – well se net nëmme ganz schlecht bezuelt sinn, mee garantéiert an d‘Altersaarmut féieren – nees mat „Liewen ze fëllen“, sollen d‘Kritären net ze streng sinn. Leider gëtt et keng konkret Hiweiser, wéi eng Beruffer gemengt sinn.

An hei muss et erlaabt sinn ze bemierken, datt et keng Beschränkung op Aarbechtsplazen an deene Leit feele gëtt, mee ganz allgemeng, Persounen – am léifsten aus der EU, woubäi déi explizit dofir keng Erlaabnes brauchen – mat engem Diplom an ausräichende Sproochkenntnisser fir sechs Méint areesen dierfe fir eng Aarbecht ze fannen. Gerechent gëtt mat enge 25.000 Interessenten…

Fir déi liberal (FDP) – déi jo léiwer net matregéiere wollte wéi da falsch ze regéieren – sinn dat net genuch Fachleit. Fir de Recht, sinn se averstanen sech dem „Ballast“ ze entleedegen, och wann dat an der Praxis net gutt ausgesäit. Fir die linke ass dee ganze Migratiounspak näischt anescht wéi e „E Katalog vun de Grausamkeeten“, die Grünen gesinn et als ee „schwaarzen Dag fir d‘Demokratie“.

mat indymedia/ber/fra/muc

Ähnlech Sujeten Ausweisung, Awanderung, Bundestag, Däitschland, Horst Seehofer, Migratiounspak
Nächsten Artikel Virrechten Artikel