Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen e Proff kennt sech gutt genuch mat eise Lycéeën aus, fir an eisem Lycée-Quiz gutt ofzeschneiden
Stories

Nëmmen e Proff kennt sech gutt genuch mat eise Lycéeën aus, fir an eisem Lycée-Quiz gutt ofzeschneiden

Et ginn ëmmer méi Lycéeën an eisem Land! Do ass

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“
Stories

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“

Si sinn déi „klengsten“ Oppositiounspartei, an et ass d‘Wuertspill erlaabt

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!
Stories

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng

40 Joer jonk, Papp vun zwee Kanner an nach ëmmer a seng Madame verléift wéi um éischten Dag. Dat beschreift den engagéierten DP-Kandidat aus der Gemeng Fréiseng treffend. De Staatsbeamten ass dann och ee vun der lëschteger Zort, ausser et geet ëm d‘Wuel vun der Gemeng an hire Bierger.

Verantwortlech fir d‘Gestioun am technesche Beräich beim OLAI, muss keen dem jonke Familljepapp erkläre wat et bedeit Verantwortung ze iwwerhuelen. 20 Joer als Trainer am Fussball, – dat zu Beetebuerg, Uespelt, Izeg a Weiler – waren eng gutt Schoul, Léierjoer am Ëmgang mat de Mënschen.

D‘Entscheedung sech da politesch ze engagéieren, an dat virun allem op Gemengenniveau, ass him liicht gefall. Sech bei der demokratescher Partei ze engagéiere war gutt iwwerluecht. „Et ass eng kloer politesch Haltung déi alles vereent wat grondleeënd wichteg ass“, esou de Mike Varnier dee grousse Wäert drop leet, datt d‘Zukunft d‘Interesse vun der Famill mat deene vum Beruffsliewen zesummebréngt.

Wann den Ufank bis gemaach ass

Fréiseng hat keng DP-Sektioun an et huet emol fir unzefänke geheescht sech op d‘Sich no „Matspiller“ ze maachen.

Sech an der Gemengepolitik eng Plaz ze maache war awer elo alles wéi eben net einfach. Fréiseng hat keng DP-Sektioun an et huet emol fir unzefänke geheescht sech op d‘Sich no „Matspiller“ ze maachen. Fir dann och alles richteg ze maachen, huet de Mike beim Eugène Berger aus dem Réiserbann ugeklappt. Mat him zesummen ass een dann emol bei de Carlo Raus un d‘Dier schelle gaangen.

Dee war begeeschtert a wei et am ländlechen esou ka goen, hate béid Kandidaten och schnell Interessente fonnt, déi d‘Iddi vun enger Fréisenger DP-Sektioun matgedroen hunn. Villen ass d‘Suerg vun enger kohärenter Mobilitéit an der Gemeng bekannt, de Besoine vun de Jonken, de Familljen an dem drëtten Alter Rechnung droen, dat natierlechst vun der Welt.

Modern um Niveau vun der Infrastruktur an no am Sënn vun der Transparenz. Jidderee soll, egal wéi al hien ass, seng Meenung dierfe soen, seng Iddi dierfen ervirbréngen. Dat wat machbar ass, soll een ëmsetzen u Wënsch muss ee schaffen

Mike Varnier

An alleguerte wëllen se an enger Gemeng liewen déi d‘Ëmwelt am A huet a virun allem respektéiert. „Mee eng Gemeng muss och modern sinn an no um Bierger“, ënnersträicht de Mike. „Modern um Niveau vun der Infrastruktur an no am Sënn vun der Transparenz. Jidderee soll, egal wéi al hien ass, seng Meenung dierfe soen, seng Iddi dierfen ervirbréngen. Dat wat machbar ass, soll een ëmsetzen u Wënsch muss ee schaffen“.

Eent nom aneren, dat awer laangfristeg

Sech als Sektioun geschlosse fir d‘Gemengewahlen opzesetze verbënnt de Mike dann och ganz kloer mam Zil deen een oder anere Kandidat an de Gemengerot eranzebréngen. Bereet Verantwortung ze iwwerhuele wieren en se all an de Programm steet op zolitte Grondsätz. Mee et sinn net nëmmen d‘Gemengewahlen déi fir de Mike wichteg sinn, och wann et zäitlech betruecht dat éischt Zil ass wat een erreeche wëll.

„Fir mech ass d‘DP-Sektioun Fréiseng e laangfristegt Engagement. Net all eis Kandidate kënne realistesch betruecht an de Gemengerot gewielt ginn. Doriwwer ass geschwat ginn a wat zielt ass einfach den Zesummenhalt. Mir wäerten also och nach no de Walen eng Equipe sinn, déi d‘Gemeng an där se wunnt wëll a wäert matgestalten“, betount den DP-Kandidat mat der néideger Iwwerzeegung.

Kloer ass emol, datt déi ganz Sektioun gutt opgestallt ass an insgesamt an allen Dierfer gäre gesinn ass. D‘Equipe ronderëm de Carlo an de Mike geheit net dat Alt ewech a verschléisst sech net dem Neien. D‘Erhale vum Patrimoine ass genee esou wichteg wéi eng Moderniséierung déi al Bierger an der Natur zerguttst kënnt. „Mat Häerz a Séil“ fir hir Gemeng ass fir de Mike dann och wäit méi wéi ebe just e Slogan.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Demokratesch Partei, Fréiseng, Gemengewahlen 2017, Mike Varnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel