Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun
International Neiegkeeten

LeDé Milestone – Lëtzebuerger Rapplines an der véierter Editioun

Leschte Freideg krut d’Lëtzebuerger Rapzeen ee staarken Album dobäi. Den

200 Säite Reformproblemer
International Neiegkeeten

200 Säite Reformproblemer

Um Donneschdeg huet den Emmanuel Macron seng Pläng zur Reform

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!
International Neiegkeeten

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 4 Herbergen

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss

Den Donald Trump mat senge briteschen a franséischen Alliéierten, sinn der Meenung datt hir Bommen op Syrien den zougeduechten Zweck erfëllt hunn. Also datt si mat Rakéite géint de Regimm vum Baschar al-Assad, dem Asaz vu chemesche Waffen en Enn bereet hunn.

An de Fall gesat, déi syresch Regierung hätt de Schlag net héieren, esou seet sech Washington bereet, d‘Iwwerzeegungsaarbecht ze widderhuelen. Net direkt, well nom begrenzten Asaz vu militäresche Mëttel – et sinn nëmmen dräi Standuerter ugegraff ginn, an et hat een gutt opgepasst weder russesch nach iranesch Positiounen ze treffen – ass et nees um Tour vun der Diplomatie.

Esou huet den Trio dem UN-Sécherheetsrot um Samschdegowend e neie Resolutiounsprojet virgeluecht, iwwert dee schonn um Méindeg soll berode ginn. Den Text, deen der AFP virläit, bezitt sech op verschidde Beräicher – Chimie, Humanitéit, Politik – a fuerdert och d‘Schafung vun engem neie Mechanissem mat deem iwwert den Asaz vu chemesche Waffe kann enquêtéiert ginn.

Den Text veruerteelt an engem schaarfen Toun all Recours zu chemesche Waffen a Syrien, mee besonnesch den Ugrëff vum 7. Abrëll zu Douma. E gesäit vir en onofhängege Mechanissem ze schafen, deem d‘Enquête an d‘Zouweisung vun der Verantwortung operluecht gëtt. Datt ganzt berout op der Basis vun der „Onparteilechkeet“ an der „Professionalitéit“.

Et gëtt am Text och vu Syrien gefuerdert, voll a ganz mat der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW) ze kooperéieren. D‘OPCW huet dann och eng Equipe op der Plaz, déi zu Douma – wou de presuméierten Asaz vu chemesche Waffe 40 Affer gefuerdert soll hunn – enquêtéiere kéint. Woubäi den „Trio“ angeblech schonn iwwer Beweiser verfüge wëll.

Wien näischt weess muss alles gleewen

Russland, de politeschen a militäresche Partner vun der syrescher Regierung, bestreit grad ewéi Damaskus, datt et zum Asaz vu chemesche Waffe komm ass. Richteg ass, datt trotz den Awänn vun de westleche Muechten, d‘Befreiung vun der ëstlecher Ghuta mat militäresche Mëttel – no gutt zwee Méint unhalende Kampfhandlungen – duerchgesat konnt ginn.

Laut dem syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR), sollen iwwer 1.700 Ziviliste bei den Ausenanersetzungen tëscht Rebellen a regimetreien Truppe gestuerwe sinn. Zuelen, déi kaum vun de fräie Medien ze iwwerpréiwe sinn, awer e grousse propagandistesche Wäert hunn.

SyrienNo der „Vergeltung“ duerch d‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hat Moskau eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot gefuerdert an erhalen. Déi russesch Resolutioun, mat där den Ugrëff vum Samschdeg sollt veruerteelt ginn, ass naturgeméiss net ugeholl ginn. Mat e Grond firwat den UN-Generalsekretär Antonio Guterres virun enger Eskalatioun gewarnt huet.

De russeschen UN-Ambassadeur Vassily Nebenzia huet déi militäresch Operatioun, an déi neokolonialistesch Absichte vun den USA, Groussbritannien a Frankräich veruerteelt. Seng amerikanesch Géigespillerin, d‘Nikki Haley, hält onberéiert vun de russeschen Awänn, um Drock op de syresche President a sengen Alliéierte fest.

De Revolver sëtzt labber

„Ech hunn de Moie mam President geschwat. Hie sot, datt wann de syresche Regimm weiderhin dëse Gas benotzt, d‘USA bereet sinn direkt nees zouzeschloen“, betount d‘Nikki Haley, dat mat dëser Ausso e méiglechen an bedreeleche Konflikt tëscht de fréiere Kontrahenten am „Kale Krich“ net méi ausschléisse kann.

Frankräich schléit en aneren Toun un. Fir de President Emmanuel Macron, ass et elo, no de Loftschléi géint militäresch Ariichtunge vum syresche Regimm, nees um UN-Sécherheetsrot d‘Initiativ um politeschen, chemeschen an humanitären Niveau ze ergräifen. Den Trio huet dann och op e neits eng Resolutioun abruecht, an déi soll all d‘Aspekter vum Konflikt berécksiichtegen.

Mat der Resolutioun gëtt vun de syreschen Autoritéiten exigéiert, datt si sech fir „intern-syresch Verhandlungen“ engagéieren, déi eescht ze huele wieren, an esouwuel konstruktiv wéi ouni Konditioune solle sinn. Dat am Aklang mat de Gespréicher vum 3. Mäerz zu Genève.

Gespréicher déi den „doudege Punkt“ erreecht hunn, an nees sollen opgeholl ginn. Heibäi geet et ëm d‘Gouvernance, d‘Verfassung, d‘Wahlen, den Terrorismus a vertrauensbildent Moossnamen. Allerdéngs ginn och bei dëse „Gespréicher“ déi westlech Muechten den Toun un, firwat hinnen de Virworf gemaach gëtt, si wéilten d‘Muechtverhältnesser a Syrien op de Kapp stellen.

D‘Tierkei üübt de politesche Spagat

Och matten dra statt just nëmmen derbäi: d‘Tierkei. Ankara, datt mat eegene Truppen an Syrien agefall ass, a sech mat der Operatioun „Olivenzweig“ der syrescher Kurdemiliz YPG entleedege wëll, hat nach viru 14 Deeg de Fransouse geroden sech aus dem syresche Konflikt erauszehalen.

E Samschdeg awer huet de Recep Tayyip Erdogan d‘Loftschléi vun der Koalitioun begréisst. Hien huet dann och mam Vladimir Putin telefonéiert „fir d‘Lag a Syrien ze entspanen an eng politesch Léisung ze fannen“. Schwiereg, wann ee bedenkt, datt hien nach virun enger Woch, mam Vladimir Putin an dem Hassan Rohani, en „eegene“ klenge Sommet fir de Fridden a Syrien ofgehalen huet.

Syrien

Membere vun tierkescher „Vatan Partisi“ hunn zu Ankara géint d‘Interventioun demonstréiert. Den Erdogan (AKP) hat kuerz virdrun den Asaz vu militärescher Gewalt begréisst. © Adem Altan/AFP

Wann een dann awer nach bereet ass unzehuelen, datt déi militäresch Operatioun als Zilsetzung soll gehat hunn, eng Eskalatioun vum Konflikt ze verhënneren, esou gëtt d‘Situatioun doduerch just nach méi komplex. D‘Presenz vun tierkeschen, russeschen, iraneschen an amerikaneschen Truppen a Syrien, mécht aus dem Land e Polverfaass.

Et ass dann och net vun ongeféier, datt sech d‘USA, Groussbritannien a Frankräich drop verstännegt haten, datt séchergestallt muss sinn, datt ee keng militäresch Ariichtunge vun de Russen oder den Iraner dierf beréieren. Déi dräi Länner betounen zudeem, datt si net d‘Absicht hätten de Baschar al-Assad ze stierzen.

„Mission accomplished“

An der New York Times vum 14. Abrëll schreift de Peter Baker: „Mission Accomplished! But What Is the Mission in Syria?“ a mécht Referenz op dem Donald Trump säin Tweet, deen d‘Operatioun als erfollegräich an ofgeschloss erkläert. Mee dat ass d‘Rechnung ouni de Wiert gemaach. Erënnere mir eis dach, datt och den George W. Bush, 2003 vireileg d‘Enn vum Krich am Irak deklaréiert hat.

An de Pentagon huet dann och eng Deklaratioun vum russeschen Etat-Major a Syrien dementéiert, laut där déi syresch Loftofwier, 71 vun den 103 Rakéiten ofgefaangen hätt. Am Pentagon veruerteelt een déi russesch Ausso als „russesch Desinformatiounscampagne“.

Et geet een esouguer esou wäit ze behaapten, datt de „chemesche Programm“ vum syresche Regimm „Jore wäert brauchen sech dovunner ze erhuelen“. Eng Garantie awer, datt Damaskus „net méi sollt an der Lag sinn dësen nees opzehuelen“ ass dat natierlech net. Dës Ausso ass dann och éischter drop gemënzt, den Asaz vu militärescher Gewalt ze rechtfäerdegen.

Dat erkläert dann och zumindest deelweis, datt de franséischen Ausseminister, Jean-Yves Le Drian, och dovunner „ausgeet“ datt „e gudden Deel vum chemeschen Arsenal zerstéiert konnt ginn“. An d‘Dana White, Spriecherin vum US-Verdeedegungsministère, betount, datt „d‘USA sech net wëllen an de Biergerkrich amëschen“. Hir eenzeg Missioun wier de Kampf géint den Islamesche Staat (IS).

Wéi d‘Situatioun vu Russland an dem Iran ageschat gëtt

Et entsprécht dann och der „diplomatescher Logik“ datt de syresche President Baschar al-Assad, déi militäresch Operatioun als eng „Aggressioun“ bezeechent. D‘Rakéite vun den USA, Groussbritannien a Frankräich, hätten seng Determinatioun „weider géint den Terrorismus virzegoen“ gestäerkt, léisst Damaskus matdeelen.

Moskau gesäit an der militärescher Interventioun eng „Beleidegung“ vum President Putin. Den Ali Khamenei, spirituelle Leader vun der islamescher Republik Iran, huet d‘Interventioun dozou verleet, déi amerikanesch, britesch a franséisch Staatscheffen als „Krimineller“ ze bezeechnen.

Zu Damaskus hunn d‘Loftschléi d‘Supporter vum Regimm ermontert d‘Réien ze schléissen. Kaum dat d‘Sonn opgaangen ass, haten sech Dosende vun hinnen op der emblematescher Plaz vun den Omeyyaden zesummefonnt. Mat vill Getuuts a patriotescher Musek, an nach méi Fändelen, hunn si fir hire President gedanzt a gesongen.

Fir d‘Zivilisten, déi aus Douma evakuéiert gi sinn, a vun eise Kollege vun der AFP am Opfanglager besicht konnte ginn, ännert d‘Interventioun vun de westlech Muechten näischt un hirer Situatioun. „Mir si frou ze gesinn, datt endlech ee gemierkt huet, datt et eis gëtt“, deklaréiert d‘Nadia Sidaoui. Mee, esou hire Constat „d‘Loftschléi hunn net wierklech en Impakt op den Assad“.

mam Sylvie Lenteaume, Francesco Fontemaggi an dem Rim Haddad/AFP

Foto: Zu Washington ass e Samschdeg géint d‘bombardéieren an den Asaz vu ballistesche Rakéiten a Syrien demonstréiert ginn. © Mandel Ngan/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, Groussbritannien, Iran, Russland, Syrien, Tierkei, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel