Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“
Neiegkeeten

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“

Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell

Concours vun AL: Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck
Neiegkeeten

Concours vun AL: Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck

De Lex Roth proposéiert e Spill, bei deem et drëm

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
Neiegkeeten

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!

De Siren’s Call Music & Culture Festival, mat senge multidisziplinären

Militäresch Zeremonie fir verstuerwen Ënneroffizéier

Militäresch Zeremonie fir verstuerwen Ënneroffizéier

Bei enger Explosioun um 14. Februar sinn zwee Ënneroffizéier vun der Lëtzebuerger Arméi ëm d’Liewe komm. Gëschter huet zu Dikrech eng Ofschiedzeremonie stattfonnt, a Gedenken un déi Verstuerwen an den trageschen Accident.

Mat enger grousser Zeremonie huet d’Lëtzebuerger Arméi gëschter de verstuerwenen Ënneroffizéier eng lescht Éier erwisen. Dës Zeremonie ass an der Kasär Grand-Duc Jean zu Dikrech organiséiert ginn. Mat dobäi waren seng kinneklech Altesse, de Grand-Duc, sou wéi de Prënz Sébastien, de Verdeedegungsminister François Bausch, divers Membere vun der Lëtzebuerger Arméi an natierlech och d’Famillen an eng Frënn vun de Verstuerwenen.

Armei

Arrivée vu senger kinneklecher Altesse Grand-Duc an dem Prënz Sébastien, dem Verdeedegungsminister François Bausch an dem Generol Alain Duschène © EMA

No enger Explosioun duerch eng Granat um Waldhaff sinn op Vältesdag dëst Joer zwee Ënneroffizéier ëm d’Liewe komm an zwou Persoune vun der Lëtzebuerger Arméi blesséiert ginn, een dovun uerg.

Armei

Déi Verstuerwen verloossen d’Kasär zu Dikrech

D’Granat vun 48 Kilogramm hat keen Zünder méi – war domadder net méi schaarf – an hätt sollen an d’Belsch zur Eliminatioun transportéiert ginn. Wéi et zum tragesche Virfall komme konnt ass nach ëmmer net offiziell gekläert. Genau Informatioune ginn et eréischt, wann d’Enquête ofgeschloss ass.

Opmaacherbild: Arrivée vu senger kinneklecher Altesse Grand-Duc an dem Prënz Sébastien, dem Verdeedegungsminister François Bausch an dem Generol Alain Duschène © EMA

Ähnlech Sujeten Alain Duschène, Explosioun, François Bausch, Grand-Duc Henri, Lëtzebuerger Arméi, Munitiounslager, Waldhaff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel