Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angry
De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg
Angry International Neiegkeeten

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg

Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich

crying
Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang
Angry International Neiegkeeten

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp

geek
Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen
Angry International Neiegkeeten

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir

angry

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen

Lëtzebuerg: De militäresche Schlag géint Syrien ass haut um Menü vum EU-Ausseministertreffen

D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich duerchgefouert goufen, si wäit dovunner ewech, bei den EU-Memberen d‘Unanimitéit ze maachen. Haut treffen sech d‘EU-Ausseminister zu Lëtzebuerg, an de Fransous Jean-Yves Le Drian wäert Krämpes kréien, d‘Reien nees ze schléissen.

Zu Berlin huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel d‘Aggressioun géint de Regimm vun Damaskus, als „noutwenneg“ an „ubruecht“ bezeechent. Mee sech „bedeelegen“ war fir Däitschland keng vertrietbar Optioun, an och an aneren europäeschen Haaptstied schéngt een net iwwerzeegt ze sinn, zwee Deeg iert d‘Enquête gefouert ka ginn, e presuméiert Schëllegen ze bestrofen.

Mee all d‘Memberlänner vun der Unioun si sech an engem Punkt méi wéi eens: den Asaz vu chemesche Waffen ass net akzeptabel, a falls nogewisen, muss et entspriechend haart bestrooft ginn. De Regimm vum Baschar al-Assad gëtt reegelméisseg beschëllegt Chlor- oder Saringas géint säi Vollek anzesetzen. Esou och de 7. Abrëll zu Douma, wou haut d‘Enquête gemaach gëtt.

E Samschdeg huet d‘Vertriederin vun der EU fir auswäerteg Froen, Frederica Mogherini, am Numm vun den 28 eng Deklaratioun gemaach. Doranner heescht et, datt un der Noutwennegkeet festgehale gëtt, jiddereen deen sech zu Krichsverbrieche verleede léisst, och entspriechend konsequent ze veruerteelen. D‘Frederica huet awer mat kenger Zeil d‘Loftschléi vum Samschdeg guttgeheescht.

Net enger Meenung

„Dat ass och kee Wonner“, heescht et hanner virgehalener Hand zu Bréissel. Déi 28 sinn – wéi esou oft – alles anescht wéi enger Meenung. Op der enger Säit vum (politesche) Schachbriet: Frankräich a Groussbritannien, op der aner Säit déi „Neutral“. An tëscht dëse stinn d‘NATO-Memberen, déi sech och alles anescht wéi eens sinn, bezunn op d‘Aggressioun géint Syrien.

An d‘Reaktioun vun Italien verdäitlecht dat ganz ganzt. Vu Roum heescht et, datt dës „begrenzten Aktioun (…) net den Ufank vun enger Eskalatioun wäert sinn. D‘Deklaratioun vun den 28 ass de Maximum vun deem wat konnt gesot ginn“. D‘Ënnerstëtzung säitens der NATO, a besonnesch d‘Deklaratioun vum NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, war entspriechend méi explizit.

Zudeem gëtt et ënnert den 28 eng ganz Rei Länner déi vun der „Mesure“ net iwwerzeegt sinn, a Bedenken hunn. Si fäerten, datt de Vladimir Putin op d‘Provokatioun kéint agoen, ëmmerhin ass Russland de politeschen a militäresche Partner vum Assad-Regimm.

Nach um Freideg, hat de russesche President virun all oniwwerluechter a geféierlecher Aktioun a Syrien gewarnt. Am Gespréich mam franséische President, Emmanuel Macron, war rieds vun „onberechenbare Konsequenzen“. An och d‘Deklaratioun, e Samschdeg, vum Vladimir Putin, léisst net drop schléissen, datt den Ugrëff op syresch Militärbasen ouni Äntwert ka bleiwen.

Zesummenhalen, egal wat kënnt?

Zu Bréissel heescht dann – nach ëmmer „am Vertrauen“ – datt: „d‘EU muss vereent bleiwen. Et muss verhënnert ginn, datt all Land eng autonom Politik géintiwwer Moskau bedreift. Dat ass wichteg fir datt Europa existéiere kann“.

An et ass dann och richteg, datt Russland vun den ënnerschiddleche Siichten op de syresche Konflikt bannent der EU politesch profitéiert. Eng Feststellung déi sech och scho beim „Attentat“ op de fréiere russesche Spioun Sergueï Skripal erginn hat. Och hei, gëtt, ouni datt et ze beweise wier, Russland virveruerteelt, wat engem diplomatesche Chaos gefouert huet.

„Jiddereen huet déi selwecht Feststellunge gemaach. Jiddereen hat déi selwecht Liesaart vun de Fakten, mee net jidderee huet op déi selwecht Manéier geäntwert“, esou déi diplomatesch Source zu Bréissel. A Fakt ass: 19 EU-Länner hu russesch Diplomaten ausgewisen, 5 Länner hunn hiren Ambassadeur zu Berodung zréckgeruff, an 3 Länner hunn sech erausgehalen.

Bei hirem Treffen um Kierchbierg, dierften d‘EU-Ausseminister haut vill Zäit opwännegen, fir eng Entente ze fannen, wéi mat Moskau politesch weider ëmzegoen ass. Dat och oder grad mam Bléck op eng vertrietbar Léisung am syresche Konflikt.

E „weider esou“ ass keng Optioun

„Et kann net esou weider goen. Mir mussen den Drock op Russland erhéijen, Moskau zwéngen seng Haltung ze änneren. Dat ass d‘Konditioun sine qua non fir eng Äntwert op d‘Fro vum syresche Konflikt ze fannen“, mengt de neien däitschen Ausseminister, Heiko Maas.

„Elo muss gehofft ginn, datt Russland versteet, datt nom militäresche Géigeschlag (…) mir eis Efforte mussen zesummeleeën, fir e politesche Prozess a Syrien ze fërderen, den eis alleguerten aus der Kris féiert. Frankräich ass disponibel fir dëst Zil ze erreechen“, sot e Sonndeg de franséischen Ausseminister, Jean-Yves Le Drian.

An engem Interview op der Tëlee e Sonndegowend, huet de franséische President Emmanuel Macron erkläert, datt hien d‘Russen an d‘Tierken iwwerzeege wëll, sech un de Verhandlungsdësch ze setzen. Hien huet dann och insistéiert, mat alle Parteie schwätzen ze wëllen. De Macron huet op der Tëlee awer net drop higewisen, datt all d‘Gespréicher zu Genève bis ewell gescheitert sinn.

Paräis wënscht sech dann och vu Moskau, datt nees en Enquête-Mechanissem zum Asaz vu chemesche Waffen, tëscht der UNO an de OPCW, ka geschaf ginn. Dëse Mechanissem hat et wuel bis 2017 ginn, mee d‘Mandat war nom abrénge vum russesche Veto net erneiert ginn.

mam Christian Spillmann/AFP

Foto: E syreschen Zaldot inspizéiert d‘Ruine vun engem Gebai, dat als Deel vum „Scientific Studies and Research Centre“ (SSRC) am Barzeh Distrikt zu Damaskus beschriwwe gëtt. Op den Ugrëff, wéi vum Donald Trump behaapt, en „Erfolleg“ war, léisst sech esou net bestätegen. © Louai Beshara/AFP

Ähnlech Sujeten chemesch Waffen, EU-Ausseministerrot, Frankräich, Groussbritannien, Russland, Syrien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    6

  • WTF

    0

  • Crazy

    2

  • Love

    0