Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of
Kultur Neiegkeeten

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of

De pakistanesche Verdeedegungsministère huet viru bekannt ginn, datt d‘Loftwaff zwee

money
Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen
Kultur Neiegkeeten

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

Et war e gewinnt kämpfereschen Toun, deen den ULC-President Nico

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen
Kultur Neiegkeeten

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen

Se ware maskéiert, mat Aaxte bewaffent an hu fir „iwwer

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun

De militärhistoresche Musée zu Dikrech ass eng flott Vakanzendestinatioun

Et ass (vir vill Leit) d‘Zäit vun der Summervakanz, an do kann een et gemälleg ugoe loossen. Aus den ënnerschiddlechste Grënn entscheet sech deen een oder aneren seng Vakanz hei ze verbréngen, a well „Balkonien“ net wierklech Ofwiesslung bitt, sollt een net zécken, vun der grousser Offer u Kultur déi d‘Land ze bidden huet, ze profitéieren.

Mam militärhistoresche Musée zu Dikrech (MNHM), géif et schonn emol eng Destinatioun déi sech fir déi ganz Famill ubitt. De Musée, gouf 1984 vun enger ganzer Band Geschichtspassionéierten, Sammler an enger Handvoll Fräiwëllege gegrënnt, an huet sech iwwert d‘Joren institutionaliséiert. De Militärmusée zu Dikrech, illustréiert op onparteiesch a realistesch Manéier den 2. Weltkrich.

Hei gëtt, well sech de Kontext ubitt, dann och ganz besonnesch d‘Ardenne-Schluecht aus dem Wanter 1944/45 behandelt. Ze gesinn: typesch Inzenéierungen, Diaporamen, Filmer an natierlech Waffen, Uniformen, Gefierer ass soss Devotionalien aus där Zäit, wou Lëtzebuerg senger Befreiung entgéint gebléckt huet. Hei kritt de Visiteur vill Informatioune vermëttelt a langweileg gëtt et ni.

Den MNHM ass dann awer och a gewësser Aart a Weis e grousse Merci un d‘Amerikaner. Jongen déi iwwert de grousse Pull komm sinn, fir (och) eisem Land seng Fräiheet nees zréckzeginn. Et ass allerdéngs och déi Plaz, wou sech d‘Veteranen aus béide Lager treffe kënnen. Op dës Manéier dréit de Musée zu Dikrech och zur Versöhnung tëscht de Natioune bäi.

D’Geschicht vun eiser Arméi

Elo huet awer och eis Arméi eng Geschicht, an déi gëtt am militärhistoresche Musée net vergiess, ganz am Contraire. Zu Dikrech gëtt dem interesséierte Visiteur d‘Entwécklung vun eiser Arméi, vu fréier bis haut androcksvoll vermëttelt. Seng Verflichtungen an der NATO, déi nei Missiounen an seng Plaz innerhalb enger europäescher Verdeedegungsstrategie gëtt opgewisen.

Am MNHM kann een also villes vu fréier bis haut entdecken, an dat och nach mam ëffentlechen Transport. De Musée ass grad emol 10 Minutte vun der Gare ewech. Wie mam Auto dohinner wëll, deem sief gesot, datt de Parking vum Musée „nach am Ëmbau ass“ an ee gutt beroden ass den ënnerierdesche Parking, oder dee bei der Kierch ze benotzen.

De Musée ass ausser Méindes all Dag vun 10.00 bis 18.00 Auer op. Erwuessener bezuelen 5 Euro, jugendlecher (vun 10 bis 18 Joer) ganzer 3 Euro, d‘Krapperten ënner 10 Joer hu fräien Entrée. Fir Zaldoten an Uniform kascht d‘Entrée 3 Euro, fir Veteranen aus dem 2. Weltkrich a Persoune mat spezifesche Besoinen ass et och gratis. Ab 10 Persoune gëllt de Gruppentarif vun 3 Euro.

Foto: © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Arméi, Dikrech, MNHM, Musée, Zweete Weltkrich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel