Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat ganzt Land leit wéinst dem Stater Schäfferot
International Meenung

dating in god's eyes

Laut engem Communiqué vun der Stater KPL-Sektioun hätt eist ganzt

dating a man less attractive than you
International Meenung

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist

Et war an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg,

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl
International Meenung

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng

Militärmanöver mat Atomwaffen?

Militärmanöver mat Atomwaffen?

„Et soll een net mam Feier spillen“, sot meng Mam. Op den Trump dat jeemools gesot krut, ech weess et net. Mee de Communiqué vum Wäissen Haus, no engem Telefonsgespréich tëscht dem Shinzo Abe an dem Donald Trump ass eendeiteg:

„De President Trump huet den Engagement vun den USA confirméiert, eis Heemecht, ons Territoiren an eis Alliéiert ze verdeedegen. Dat mam Asaz vun allen diplomateschen, konventionellen an atomare Kapassitéiten, déi mir besëtzen“, esou de Communiqué.

Do kriss de dach eng un den Hutt, zemools wou Südkorea sech e Méindeg (also haut) Militärmanöver leescht, bei deenen och ballistesch Rakéiten am Asaz sinn. En Exercice mat richteger Munitioun op den nordkoreaneschen Nuklear-Polygon bei deem Ziler am japanesche Mier getraff goufen.

Gutt et gëtt der sécher déi sech de Moie beim Kaffi soen „Dee klengen Décken aus Nordkorea huet sech et gesicht“, mee wéi esou oft, ganz esou einfach ass dann awer nees net. Datt een de Kim Jong-Un net dierf gewäerde loossen an him den Dicks muss gebéit ginn, bis dohinner sinn ech um Comptoir och nom sechsten Humpen averstanen.

Mam südkoreanesche Militärmanöver huet de Kim aus Pyongyang schonn en Zil erreecht, well Seoul keen esou e Manöver ouni d’USA ka maachen an och net géif maachen. Si (an eventuell och Japan) sinn wierklech vum nordkoreaneschen Atomarsenal erreechbar.

Hale mer an dësem Kontext och fest, datt mat der Ausso vum Trump och zum Ausdrock komm ass, datt d’USA duerchaus bereet sinn den Éischtschlag auszeféieren. Et sollt een sech heibäi dann awer net drop verloossen, datt all nordkoreanesch Rakéit zerstéiert gëtt.

Och muss ee sech vrun Aen halen, datt et mat engem wiesselsäitegen Beschoss vu ballistesche Rakéiten (ob mat oder ouni Atomsprengkapp) net gedoen ass. Den Asaz vu Buedemtruppen ass d’Viraussetzung Pyongyang endgülteg a nohalteg auszeschalten.

Gesäit een emol dovunner of, datt esou eppes net ouni ongezielten zivil Affer ze maachen ass an, virausgesat et kéim tatsächlech zu Notzung vun Atomwaffen, wäit Deeler vu Nord- a Südkorea net nëmmen zerstéiert, mee op Joerhonnerte verluer wieren.

Woubäi een bei deem ganze China net vergiessen dierf. Dat Land huet eng 1.420 Kilometer laang Grenz mat Nordkorea, huet also alles wéi keen Interessi dorunner déi mat den USA ze deelen. Dat wier jo awer zu gudder Läscht d’Enn vum Lidd. Falls et nämlech zu engem Amarsch a Nordkorea kënnt, an och wann d’Zaldote Südkoreaner sinn, derhannert géifen ëmmer d’USA stoen.

Wann also een a Nordkorea amarschéiert an dem Regime vu Pyongyang den Dicks kann (an och vläicht misst) béien, da sinn dat d’Chinesen. Et wier deemno ganz gescheit, wann et ee géif am Wäissen Haus ginn, deen dem den amerikanesche President dat erkläert. Dee kéint soss an d’Geschicht agoen, als dee wou den éischten Atomkrich ausgeléist huet.

Foto: Hei en Archivbild vum US-Energiedepartement vum 29. Oktober 2002, op deem d’Atomwollek vum XX-58 Ivy Mike ze gesinn ass. Eng experimentell thermonuklear Bomm, och Bomm H oder Waasserstoffbomm genannt. Si war den 1. November 1952 op „Elugelab Island“ am Enewetak Atoll ofgeschoss ginn. D’Bomm war mat flëssegem Deuterium als Fusiounsmaterial gefëllt an hat deemools e Feierball vu wäit iwwer fënnef Kilometer Duerchmiesser. De „Champignon“ ass a manner wéi 90 Sekonnen an eng Héicht vu 14,5 Kilometer geklommen, fir sech bannent fënnef Minutte bis op 45 Kilometer – dat ass den ieweschte Wupp vun der Stratosphär – auszedehnen. D’Explosioun vun Ivy Mike huet vun der Insel näischt iwwreg gelooss ausser engem Krater ënnert dem Waasser, deen en Duerchmiesser vun 2.800 Meter an eng Déift vu 55 Meter huet. © DOE/AFP

Ähnlech Sujeten China, Japan, Nordkorea, Südkorea, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel