En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika
Um Freideg gouf zu Lëtzebuerg e neien Investmentfong zum Liewen
Um Freideg gouf zu Lëtzebuerg e neien Investmentfong zum Liewen
Beim Rendez-vous op der Clairefontaine-Plaz war et ee sichtlech gléckleche
Politik, dat ass bekannt, besteet aus „villes verspriechen“ an „feelendem
Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan erkläert, datt et drëms geet déi tierkesch Sécherheetsinteressen an der Regioun ofzesécheren, firwat ee kuerz virun engem grouss ugeluechte Militärasaz a Syrien steet.
Dobäi geet et allerdéngs net ëm en Ugrëff op de Regimm vun Damaskus. Bei senger „Annonce“ bezitt sech de Sultan op dat vun de Kurde kontrolléiert Gebitt ëstlech vum Euphrat. „Mir hunn d‘Virbereedunge getraff, d‘Pläng fir den Asaz sinn ofgeschloss an déi néideg Uweisunge sinn erausgaangen“, esou de Recep Tayyip Erdogan, deen d‘Operatioun als „imminent“ erkläert.
An der ganzer Zäit wou d‘Tierken zesumme mat den Amerikaner an der Géigend op Patrull waren, konnten si genuch Informatiounen zesummendroen, déi hinnen elo bei der bevirstoender offensiv eng grouss Hëllef dierfte sinn. Mee ka Washington esou eng Offensiv zouloossen an domatter seng kurdesch Alliéiert verroden?
Wéinst dem „interne syresche Konflikt“ wieren déi tierkesch Sécherheetsinteresse bedreet, esou Ankara. D‘Tierkei misst elo duerchgräifen an sech am Norde vu Syrien militäresch etabléieren, dat och aus humanitäre Grënn. Laut dem tierkesche President, soll d‘Besetzung vu Nordsyrien derzou bäidroen, de Syrer déi virum Krich an d‘Tierkei geflücht sinn, eng nei Heemecht ze schafen.
Laut de Pläng déi vun der tierkescher Regierung ausgeschafft goufen, sollen zwou Millioune vun den 3,6 Millioune syresche Flüchtlingen an dëser „Sécherheetszon“ ugesidelt ginn. Et handelt sech heibäi ëm „arabesch“ Syrer, firwat d‘Kurden aus Nordsyrien musse verdriwwe ginn.
Wann een et duerchaus novollzéie kann, datt d‘Tierkei déi Millioune Krichsflüchtlingen net ad eternam bei sech kann ophuelen, an déi och e Recht op eng Heemecht a Fridden hunn, esou dierf een an dësem Kontext net aus den Ae verléieren, datt Ankara déi kurdesch Miliz YPG – déi ganz erfollegräich géint den IS virgaangen ass – als Terrororganisatioun betruecht a liquidéiere wëll.
Zanter August hunn dann och d‘NATO-Partner Tierkei an USA d‘Grenzgebitt iwwerwaacht. Ankara hat den Amerikaner awer eng Frist gesat, bis Enn September eng Sécherheetszon anzeriichten. Déi Frist ass verstrach an elo wëll de Recep Tayyip Erdogan eleng d‘Kontroll vun dësem Gebitt iwwerhuelen. Déi vun der YPG geleete SDF (Syrian Democratic Forces) wëll dat verhënneren.
mat indymedia/tlv
Foto: Déi tierkesch Arméi huet an der Nuecht ugefaange Panzer vum Typ „Leopard“ (1T an 2A4) un déi syresch grenz ze verleeën. Buedemtruppen an Kampffliger, mee och Kampf-Helikopter sinn a Bereetschaft gesat ginn. © VOP Today