Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt
https://moien.lu/dating-equipment/ Neiegkeeten https://moien.lu/is-speed-dating-any-good/

hello dating sites free

Nom OGBL, deen um Dënschdeg seng Analys vun de Wahlprogrammer

https://moien.lu/what-is-exclusively-not-dating/
https://moien.lu/dating-equipment/ Neiegkeeten https://moien.lu/is-speed-dating-any-good/

CSV: Keng Festung Europa

Um 7. an 8. November war zu Helsinki de Kongress

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet
https://moien.lu/dating-equipment/ Neiegkeeten https://moien.lu/is-speed-dating-any-good/

EuGH uerteelt an der Flüchtlingsfro: Viktor Orbán net erfreet

Gëschter sinn zu Lëtzebuerg um europäesche Geriichtshaff d‘Kloe vun Ungarn

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
Eng Taucherekipp vum CGDIS © Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
© Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
Den David beim Uleen vum Gurt © Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
© Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
© Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
© Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
Déi lescht 2 Meter ginn am fräie Fall erof © Shari Pleimelding/moien.lu
Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
© Shari Pleimelding/moien.lu

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege Moien 39 Ekippe mat jeeweils 4 Leit gestart. Mat Geschéck, Konditioun a flénke Féiss gëtt eng Streck vun 20 Kilometer zeréck geluecht, woubäi verschidden Hürde gemeeschtert musse ginn.

Och an dësem Joer dréit sech beim Military Challenge am, um a ronderëm de Stauséi nees alles ëm Teamfäegkeet. Dobäi geet et den trainéierte Participante virun allem dorëm deelzehuelen, als Ekipp unzekommen a sech géigesäiteg ze hëllefen. Kuckt ee sech d’Streck vun 20 Kilometer, mat sengen 20 haaptsächlech sportlechen Atelieren un, dann ass d’Taktik ënnerenee vu sécherem Virdeel. Et sollt gesot ginn, datt et zwar ëm Zäit a Punkte geet, an awer ass d’Gewannen net d’Haaptzil.

Gëschter um Mëttwoch hunn d’Selektioune stattfonnt. Bei enger Observatiounscourse vu 4 Kilometer kruten d’Zaldoten eng zoufälleg Nummer zougedeelt. Den David vun der Lëtzebuerger Arméi – an déi éischt Kéier beim Military Challenge dobäi – erkläert, datt seng Ekipp sech bei dëser Klassifikatioun als Nummer 12 duerchsetze konnt an doduerch och dës Nummer um T-Shirt dréit. Kuerz no 9 Auer sollt et fir hien a seng dräi Komerode lassgoen.

Ausgerëscht mat enger Schwammwest, engem Sécherheetsgurt an enger Seelrull ass et als éischt an de Bësch gaangen, fir sech uschléissend iwwert d’Waasser an ee Seel op déi aner Säit beweegen ze loossen. Knapps ukomm ass et fir d’Participanten am Lafschrëtt de Bierg erop gaangen, bis si schliisslech iwwert eng Lieder bis op d’Bréck vu Lëlz eropklamme missten. No wéinege Meter festem Buedem ënnert de Féiss hu si sech nees missen ofseelen, woubäi déi lescht 2 Meter bis an de Stauséi am fräie Fall absolvéiert gi sinn.

Generell brauchen d’Ekippen, déi dës Kéier aus der Police, der Douane, dem CGDIS an natierlech der Arméi bestinn, ronn 4 Stonne fir de ganze Parcours ze packen. Bei dëser Editioun sinn dann och 4 auslännesch Teams (2 Mol aus der Belsch an 2 Mol aus Däitschland) mat um Start gewiescht. Besonnesch houfreg ass een iwwer déi 2 reng Fraenekippen, déi beweisen, datt och dat als schwaach ofgestempelt Geschlecht un esou enger extrem haarder Erausfuerderung deelhuele kann. Schliisslech ass et beim Military Challenge net wichteg, wéi ee Grad een huet, mee wéi een zesumme mat de Komeroden agéiere kann.

Et geet ëm d’Erausfuerderung

Wat nees beweist, datt et hei ëm d’Matmaache geet, dat ass, datt een an de vergaangene Jore seelen ee Participant gesinn huet, deen aus net-medezinesche Grënn ofgebrach huet. Beim Military Challenge probéiert ee sech, trotz Strapazen, einfach duerchzekämpfen an zesummen am Zil unzekommen. Wie sengem Teampartner eng Hand upéckt, dee kënnt natierlech gutt vun der Plaz a kritt selwer bei schwéieren Etappen Hëllef ugebueden.

Och den David vun der Lëtzebuerger Arméi ënnersträicht, datt hien zwar net genau weess wat op hien duerkennt, an awer ass hie motivéiert a freet sech op d’Erausfuerderung. Bei dem ganzen Éiergäiz an der Energie, deen d’Participante bei all Schrack ausstralen, kann een nëmme staunen. Ob si elo duerch de Reen lafen, ee Waasserparcours bewältegen, oder och hir Angscht duerch de Sprong vun enger Bréck an d’Waasser iwwerwannen, si verdénge grousse Respekt fir dës Top-Leeschtungen!

Um Enn vum Dag wäerten d’Zaldoten, d’Polizisten a Co bei engem gudde gemeinschaftlechen Iessen natierlech nees laache kënnen. Zu gudder lescht kann een hinne just nach Courage fir hir restlesch Kilometer wënschen a soen: De Wee ass d’Zil!

Ähnlech Sujeten CGDIS, Douane, Lëtzebuerger Arméi, Military Challenge, Police, Stauséi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel